-
D'Regierung engagéiert sech fir digital Accessibilitéit
D'Digitaliséierung vun den ëffentlechen Déngschter ass eng Erausfuerderung, där Lëtzebuerg sech zënter e puer Joer stellt. An dësem Kontext stäipen sech ëffentlech Organismen ëmmer méi op den Internet fir eng breet Palette vun essentiellen Déngschter fir eis Gesellschaft ze liwweren.
-
Staatsvisite: Allgemenges
De lëtzebuergesche Protokoll gesäit dräi Forme vu Visitte vir: Staatsvisitten, offiziell Visitten an Aarbechtsvisitten. Dësen Dossier stellt déi ënnerschiddlech Zorte vu Visitte vir, beschreift d’Modalitéite vum Oflaf a gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Visitte vun de leschte Joren.
-
D‘Open Data-Strategie vun der Regierung
D'Open Data-Strategie vun der Regierung ziilt drop hin, fir ëffentlech Daten allgemeng zougänglech ze maachen an esou Eenzelpersounen, Entreprisen a Medien d'Méiglechkeet ze ginn, dës Date fir nëtzlech Zwecker ze verwäerten, ze kombinéieren oder ze deelen. D’Zil ass d’Schafe vun enger sozialer, wirtschaftlecher oder ekologescher Plus-value an d’Optimiséierung vun den ëffentleche Leeschtungen.
-
Formatioun vun der neier Regierung 2013
D’Chamberwalen am Groussherzogtum Lëtzebuerg hunn den 20. Oktober 2013 stattfonnt. Den 29. Oktober koumen d'Delegatioune vun der LSAP, der DP a vun déi gréng ënnert dem Virsëtz vum Formateur Xavier Bettel zesummen, fir mat de Koalitiounsverhandlungen am Hibléck op d’Bildung vun der neier Regierung unzefänken. Den 29. November hunn déi 3 Parteien de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen.