Organigramm

Den Informatiouns- a Pressedéngscht besteet aus enger Direktioun an 7 Divisiounen.

Direktioun

D'Direktioun besteet aus dem Direkter vum Informatiouns- a Pressedéngscht an der Direktiounssekretärin.

Intern Gestioun

D'Divisioun fir intern Gestioun regroupéiert déi transversal Aktivitéite vum SIP.  An dëser Divisioun fënnt een d'Direktiounssekretariat, de Personalberäich, den Accueil, d'Comptabilitéit an d'offiziell Avisen.

Regierungskommunikatioun an Internet

D'Divisioun fir d'Regierungskommunikatioun an Internet versammelt an enger Entitéit déi Responsabel vun den Internetportaler gouvernement.lu a luxembourg.lu, souwéi de Responsabel fir d'Präsenz vun der Regierung op de sozialen Netzwierker (Facebook, Twitter). Zu de Memberen vun dëser Divisioun gehéieren iwwregens de Chargé vum Communiqué vum Regierungsrot an d'Pressattachée vum SIP bei der permanenter Vertriedung bei der Europäescher Unioun.

Divisioun fir Editioun a Communiquéen

D'Division fir Editioun a Communiquéen ass zoustänneg fir d'Verschécken vun de Communiquéen an Note aux rédactions un d'Redaktiounen, un d'Presseorganer an och fir d'Editioune vun de Publikatiounen (Broschüren, Bicher, asw.). 

Presserevue

D'Divisioun fir d'Presserevue erstellt deeglech dräi Presserevuen, iwwerpréift d'audiovisuell Press a verschéckt Matdeelungen vun de Pressagencen.

Divisioun fir Organisatioun a Presseaarbecht

D'Divisioun Organisatioun a Pressebezéiungen ass zoustänneg fir d'Organisatioun an d’Koordinatioun vun der Medienaarbecht am Kader vu Visitte vu Regierungsmemberen a groussen nationale Veranstaltungen, souwéi dem Encadrement vun der nationaler an internationaler Press an dësem Kontext. Si geréiert och d'Mediathéik vun der Regierung, déi souzesoen déi "fotografesch Memoire" vun den Aktivitéite vun de Regierungsmemberen duerstellt an zousätzlech eng Auswiel u Promotiounsbiller vum Grand-Duché enthält.

Informatiounssystemer

D'Divisioun fir Informatiounssystemer ass zoustänneg fir déi betreffend Projeten a fir d'Equipementer déi néideg sinn fir hir Duerchféierung.

Divisioun Open Data an Informatiounszougang

D'Divisioun Open Data an Informatiounszougang ass zoustänneg fir d'Bestëmmung an d'Duerchféierung vun enger Promotiounsstrategie fir den Open Data an den Informatiounszougang.

Aktualiséiert