De SIP

Den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) gouf 1944 ënnert dem Numm "Office d'information" gegrënnt.

De Service ass fir d'Kommunikatioun vun der Lëtzebuerger Regierung zoustänneg. En ass un de Staatsministère rattachéiert a steet ënnert der direkter Autoritéit vum Premierminister.

Attributiounen

D'Gesetz vum 6. Januar 2018 bestëmmt follgend Missioune vum SIP:

a) d'Press, d'Medien, d'Ëffentlechkeet an déi interesséiert Acteuren iwwert d'Aktivitéite vum Staat informéieren;
b) d'Kommunikatiounsstrategie vun der Regierung an de Beräicher vum Internet a vun de sozialen Netzwierker definéieren an ëmsetzen;
c) d'Regierung iwwert d'Aktualitéit informéieren, déi an der Press an an de Medien thematiséiert gëtt;
d) d'Regierung an d'Administratioune bei hiren Efforten ënnerstëtzen, fir de Grand-Duché am Ausland besser bekannt ze maachen a säin Image op den nationalen an internationalen Niveaue fërderen;
e) divers Dokumenter an Informatioune verëffentlechen an diffuséieren;
f) eng Strategie fir d'Promotioun vun den oppenen Donnéeën ("Open Data") a den Zougang zu Informatiounen definéieren an ëmsetzen;
g) Pressekonferenzen an aner Manifestatiounen organiséieren;
h) auslännesch Journalisten an offiziell Visiteuren empfänken;
i) d'Aarbecht vun de Journalisten a Medievertrieder erliichteren.