Aktualiséiert den
Reklamatioun iwwer d'Accessibilitéit
Wann Dir e Mangel un der Accessibilitéit op enger Websäit oder enger mobiller Applikatioun vun enger lëtzebuergescher ëffentlecher Entitéit bemierkt, kontaktéiert eis via de Formulaire hei ënnen.
Erkläert wannechgelift sou genau wéi méiglech de Problem, deen Dir rencontréiert an Äre Kontext vum Gebrauch (Software, Hardware, ënnerstëtzt Technologien ...).
[*] Flichtfelder
Schutz vun de perséinlechen Donnéeën
D'Informatiounen, déi Iech betreffen, an déi iwwer de Kontaktformulaire vum Site gesammelt ginn, gi vum betreffenden Organ beaarbecht, fir Är Demande kënnen ofzewéckelen.
Andeems Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esoulaang vun der Administratioun gespäichert, bis d'Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.
Well et vun der Demande ofhänkt, wéi laang déi matgedeelt Donnéeë versuergt ginn, deelt d'Organ op Ufro, Fall fir Fall, dës Dauer oder d'Kritären, fir d'Dauer festzeleeën, mat.
Zougrëff op Är Donnéeën huet d'Organ, dat fir Är Demande zoustänneg ass. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d'Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech w.e.g. un d'Organ, dat sech mat Ärer Demande befaasst.
Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer d'"protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données" steet, hutt Dir d'Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d'Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.
Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d'Beaarbechte vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.
Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d'Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech w.e.g. un dat betreffend Organ, deem seng Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 1, Avenue du Rock'n'Roll, L-4361 Esch-sur-Alzette).