Informatiouns- a Pressedéngscht // D’Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

Den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP), gegrënnt am Joer 1944 ënnert dem Numm Informatiounsoffice, ass d'Administratioun zoustänneg fir d'Kommunikatioun vun der Lëtzebuerger Regierung. En ass um Staatsministère ugeschloss a steet ënnert der direkter Autoritéit vum Premierminister.

Weiderliesen

Noriichten

  • Den Nationale Commemoratiounsdag honoréiert d'Solidaritéit an de Courage vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945. Aus dësem Ulass waren etlech Zeremonien de 7. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg virgesinn.

  • Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  • D'Portal www.gouvernement.lu weist sech an engem neien Design an ass a véier Sproochen: Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch.

luxembourg.lu

luxembourg.lu - den offizielle Portail vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

OpenData

Corporate Identity vun der Regierung (op Franséisch)

Wêi benotzt een d'Corporate Identity vun der Regierung?