Aktualiséiert den
Nationalfeierdag 2023
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2023 un de Festivitéiten deel, déi zu Gréiwemaacher, Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
22. Juni 2023
Relève vun der Garde virum Palais
D'Festlechkeete fir Nationalfeierdag fänken den 22. Juni un, mat der Relève vun der Garde virum Palais, wourunner en Éieren-Detachement vun der Arméi participéiert, an dat ënnert dem Kommando vum Lieutenant Raphaël Neves.
Fir déi musikalesch Begleedung suergt d'Militärmusek, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun.
D'groussherzoglech Koppel zu Gréiwemaacher
Am spéiden Nomëtteg ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse op Gréiwemaacher, am Oste vum Land.
Déi groussherzoglech Koppel gëtt op der Gemengeplaz vum President vun der Chamber, Fernand Etgen, vun der Vizepremierministesch, Ministesch fir Konsumenteschutz, Gesondheetsministesch, Delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet, Paulette Lenert, dem Minister fir Mëttelstand, Minister fir Tourismus, Lex Delles, dem Wunnengsbauminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, vum Députéierten a Buergermeeschter vu Gréiwemaacher, Léon Gloden, a vum Schäffen- a Gemengerot empfaangen. De Wilhelmus gëtt vun der Harmonie municipale vu Gréiwemaacher gespillt.
No der Virstellung vun den Éieregäscht, dorënner d'Wäikinnigin Zoé mat hire Prinzessinnen an der Ried vum Léon Gloden, ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse an d'Kierch Saint-Laurent, fir do e Kranz néierzeleeën.
Wat d'Kultur ugeet, esou huet déi groussherzoglech Koppel d'Geleeënheet am Keller vum Gebai eng Ausstellung vu Graffiti-Tabloen ze entdecken, déi vun der Maison des jeunes an Zesummenaarbecht mam Kënschtler André Scholtes entstanen ass. Och Sport steet um Programm, mat engem Kicker-Turnéier, bei deem de Grand-Duc an de Buergermeeschter Léon Gloden géint zwee Jonker vum C.R.I.A.J. untrieden.
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse trëppelen dann duerch d'Foussgängerzon bis bei de Prosteneckan hunn do d'Geleeënheet mat de Bewunner vum Foyer Pietert vun der Fondation Kräizbierg a vum Home pour personnes âgées (HPPA) ze schwätzen. D'Grupp "Spirit of the Highlands Pipes and Drums" suerge fir déi musikalesch Ambiance.
Duerno besichtegen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse d'Osburg-Haus, e fréiert Zivilhospiz, an deem haut déi regional Museksschoul ënnerbruecht ass. Hei gëtt der groussherzoglecher Koppel eng Musek- an Danzvirféierung vun de Schüler vun der Museksschoul gebueden, a si hunn d'Méiglechkeet dëst renovéiert historescht Gebai ze entdecken.
D'Visitt geet ma engem Éierewäin zu Enn, wou de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse d'Geleeënheet hunn, d'Awunner vu Gréiwemaacher kennenzeléieren.
D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
Um Virowend vu Nationalfeierdag, besichen den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin hirersäits d'Festlechkeeten zu Esch-Uelzecht, déi zweetgréisst Stad am Land.
Den Ierfgroussherzog gëtt op der "Place de la Résistance" vum Vize-President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, der Inneministesch a Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer Taina Bofferding, dem Sportsminister, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Georges Engel, der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Joëlle Welfring, dem Minister fir Famill an Integratioun, Minister fir d'Groussregioun, Max Hahn, souwéi vum Escher Buergermeeschter an Deputéierte Georges Mischo an dem Schäffen- a Gemengerot vun Esch-Uelzecht empfaangen.
Beim "Monument aux Morts" gëtt eng Gerbe néiergeluecht. Den Ierfgroussherzog trëppelt, zesumme mam offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss bis bei d'Gemeng, wou H.K.A. d'Ierfgroussherzogin an Prënz Charles dobäi kommen. Eng véierzeg Associatioune vun der Stad defiléieren do virun der offizieller Tribün.
No der Receptioun, déi vun der Stad Esch-Uelzecht organiséiert gëtt, gréisst déi ierfgroussherzoglech Koppel d'Bevëlkerung vum Balcon vum Stadhaus ("Hotel de Ville") aus. Dono geet den Iergroussherzog op d'"Place de l'Hôtel de Ville" fir um Escher Volleksfest deelzehuelen an d'Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten unzemaachen.
Ried vum Premierminister
Um Virowend vum Nationalfeierdag, den 22. Juni, mécht de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel seng traditionell Usprooch.
Fakelzuch a Freedefeier an der Stad Lëtzebuerg
Géinter Owend huelen de Groussherzog an d'Groussherzogin, begleet vum Ierfgroussherzog, dem Prënz Félix an dem Prënz Louis, un de Festlechkeeten an der Stad Lëtzebuerg deel.
Déi groussherzoglech Famill gëtt vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, an dem éischte Schäffe Serge Wilmes virun der Gemeng op der "Place Guillaume II" empfaangen. No der Presentatioun vum Schäffen- a Gemengerot suivéiert d'groussherzoglech Famill de Concert vun der Militärmusek an den traditionelle Fakelzuch vun der offizieller Tribün aus.
Um Fakelzuch participéiere eng grouss Unzuel vu Veräiner. De Cortège besteet aus Pompjeeën, Guiden a Scouten, souwéi Percussiounsgruppen, Museks-, Gesang- a Folklorveräiner a vill weider Associatiounen a Veräiner aus der Stad.
Fir den Ofschloss vum offizielle Programm vun de Feierlechkeete vum 22. Juni gëtt et e Freedefeier, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt, 17 Minutten dauert, a musikalesch vun enger Kompositiounvum Stater Conservatoire begleet gëtt.
23. Juni 2023
Offiziell Zeremonie an der Philharmonie
Den 23. Juni gëtt et en offizielle Festakt fir Nationalfeierdag an der Philharmonie. Do treffen sech d'groussherzoglech Famill, d'Deputéiert, d'Membere vun der Regierung, vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum akkreditéierten diplomatesche Corps.
Déi groussherzoglech Famill gëtt vum Chamberspresident Fernand Etgen, vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, a vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer, empfaangen.
Am Kader vun der offizieller Zeremonie, hunn de Grand-Duc, de Fernand Etgen an de Xavier Bettel eng Usprooch gehalen an hunn duerno Auszeechnungen u follgend Persounen iwwerreecht:
- Georges Christen, bekannt als staarke Mann, fir säi fräiwëllegt Engagement wärend ville Jore bei der Caritas, krut den Uerde vun der Couronne de chêne (Offizéier);
- Leandro Barreiro Martins, professionelle Fussballspiller, Virbild a Sportsambassadeur, krut den Uerde vun der Couronne de chêne (Chevalier)
- Christiane Kremer, Journalistin an Autorin, déi d’Kulturzeen an deene leschte 4 Joerzéngte gepräägt huet, krut den Uerde vun der Couronne de chêne (Offizéier);
- René Elvinger, Entrepreneur vum Groupe Cebi International krut wéinst senge Verdéngschter an der Automobilindustrie a sengem éierenamtlechen Engagement, den Uerde vun der Couronne de chêne (Kommandant);
- Monique Mille, Benevole déi sech säit ville Jore fir Bewunner vun Altersheemer asetzt, krut den Uerde vun der Couronne de chêne (Kommandant);
- Alvarado Olivia Kelvin Josue krut eng Éieremedail fir Courage a Bereetschaft am Vermeil iwwerreecht well hien am November 2022 ouni ze zécken enger Persoun an engem brennenden Auto zur Hëllef komm ass.
Den OPL (Orchestre philharmonique du Luxembourg), de Kammerchouer an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire suerge fir d'musikalesch Begleedung. Um Programm steet och eng Kompositioun vum Komponist a Saxophonist Georges Sadeler, eng Commande vum Staatsministère a vum Kulturministère.
No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.
Militärparad
D'"Prise d'armes" op der Neier Avenue steet ënnert dem Kommando vum Colonel Alain Schoeben, Kommandant vun der Arméi a vun der Militärkasär zu Dikrech. D'Parad besteet aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police, souwéi aus Zivildetachementer.
No der "Mise en place" vun den Detachementer an dem Amarsch vun de Fändele vun der Arméi an der Police, ginn d'Truppe vun de follgende Persounen inspizéiert: dem Chef vum Etat-Major, de Generol Steve Thull, an dem Direkter vun der Police Lëtzebuerg, den Här Philippe Schrantz. Dono inspizéieren de Vizepremierminister, Verdeedegungsminister, François Bausch, an de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, d'Truppen.
Doropshin huelen, noeneen, de Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, de President vun der Chamber, Fernand Etgen, d'Grande-Duchesse an de Prënz Sébastien Plaz op der Éierentribün.
Mëttes ginn d'Truppen da vum Staatschef a vum Ierfgroussherzog inspizéiert. Nom dräifachen "Vive" vun den Truppe gëtt d'Nationalhymn vum Sergent Stéphanie Schlink gesongen.
Um Défilé huele folgende Institutiounen a Veräiner deel:
- d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierkompagnie, dem Fändel vun der Arméi mat grousser Eskorte, engem Détachement vu Fändeldréier vun de fréiere Bataillonen a Veteranen, engem Detachement mat Gefierer an d'Militärmusek;
- e Grupp vu Fändeldréier aus der Belsch an Holland, Éieregäscht am Kader vun der Lëtzebuerger Presidentschaft vum Benelux Steering Group (Organ fir d'Ausféierung an d'Ëmsetzung vun der trilateraler militärescher Kooperatioun);
- d'Police Lëtzebuerg – mat enger Éierkompanie an dem Fändel vun der groussherzoglecher Police mat grousser Eskorte, engem Detachement vun der Hondsstaffel an engem motoriséierten Detachement;
- d'Douane – mat enger Kompanie ze Fouss, enger Hondsstaffel, der Douane's Musek an engem motoriséierten Detachement;
- d'Prisongsverwaltung – mat enger Kompanie ze Fouss an engem Detachement vun der Hondsstaffel;
- de CGDIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) – mat enger Kompanie ze Fouss an dem Fändel vum CGDIS, enger Sektioun vum cynotechnesche Grupp an engem motoriséierten Detachement;
- d'Lëtzebuerger Rout Kräiz – mat enger Sektioun vun der cynotechnescher Unitéit an engem motoriséierten Detachement;
- d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe), mat der Harmonie Eischen, der Harmonie Habscht an der Simmer Duerfmusek;
- Niddreg iwwert den Defilé fléie verschidde Fligeren: en Helikopter H145M vun der Police, e Fliger fir den Transport an de Ravitaillement vum Typ Airbus A330 vun der Multi Role Tanker Transport Unit an en Transportfliger vum Typ A400M vum 15. Wing vun der Belscher Loftkomponent, dee vu Lëtzebuerger Offizéier geflu gëtt.
Te Deum
A Presenz vun der groussherzoglecher Famill an den nationalen Autoritéiten gëtt de feierlechen Te Deum an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg zelebréiert. Dat ganzt gëtt zelebréiert vum Här Kardinal Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, dem Här Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, dem Här Hafiz ef. Hilmija Redžić, Chef de culte vun der muslimescher Communautéit, an dem Här Volker Beba, Paschtouer vun der protestantescher Kierch zu Lëtzebuerg.
De feierlechen Te Deum gëtt vun der Maitrise Sainte-Cécile vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch spillt d'Uergel. En Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek spillt d'Sonnerie nationale.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)