Aktualiséiert den
Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vum Nationalfeierdag 2021
Altesse Royale,
Här Chamberspresident,
Exzellenzen,
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
De Nationalfeierdag steet symbolesch fir eis Fräiheet, fir eis Onofhängegkeet a fir eis Geschicht. Den 23. Juni ass dee Rendez-vous am Joer, wou mir eis zeréck besënnen op dat, wat eis als Natioun ausmécht.
A schwieregen Zäite weist sech déi wierklech Gréisst vun engem Land. Mir hunn als Vollek schonn esou munch Kris gemeeschtert. Wann et drop ukënnt, hale mir zesummen. Mir passen een op deen aneren op. Mir loosse keen am Ree stoen.
Dës Eegenschafte sinn eis och an der Corona-Pandemie zegutt komm. Lëtzebuerg ass bis elo gutt duerch dës Kris komm. Dat hu mir virun allem Iech ze verdanken, léif Matbiergerinnen a Matbierger.
"Mir sinn all en Deel vun der Léisung", dat hu mir ëmmer erëm gesot. An Dir hutt dat virgelieft, andeems Dir Iech solidaresch mat deene Vulnerabelsten an eiser Gesellschaft gewisen hutt. Andeems Dir Iech virbildlech un d'Mesurë gehalen hutt. Andeems Dir hëlleft, dass d'Impfcamapgne en Erfolleg ass.
Mir si besser duerch dës Pandemie komm, wéi vill aner Länner, well mir eisen eegene Wee gaange sinn. De Lëtzebuerger Erfollegsmodell baséiert op enger grouss ugeluechter Teststrategie mat där mir d'Infektiounszuelen zu all Moment am Bléck haten. Dëst Wëssen huet et eis erlaabt, e gesonden Equiliber tëschent esou vill Aschränkunge wéi néideg an esou vill Fräiheete wéi méiglech ze garantéieren.
Haut op Nationalfeierdag ass et mir e wichtegt Uleies, fir Iech meng grouss Dankbarkeet auszedrécken. An engem normale Joer géife mir haut an der Philharmonie Perséinlechkeeten éieren, déi sech an de leschten 12 Méint besonnesch ausgezeechent hunn. Dëst Joer wier d'Philharmonie ze kleng gewiescht, fir all deene Mënsche perséinlech Merci ze soen, déi dat lescht Joer Aussergewéinleches geleescht hunn. Ech wëll dofir vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir Iech alleguer Merci ze soen.
Merci dem Gesondheets- a Fleegepersonal, de Polizisten, Pompjeeën a Secouristen, déi sech onermiddlech fir eist kierperlecht a séilescht Wuelbefannen asetzen.
Merci de Mënschen hannert de Keesen an tëschent de Regaler, déi och um Héichpunkt vun der Kris op d'Aarbecht gaange sinn, fir eis mat Liewensmëttel ze versuergen.
Merci den Enseignanten an Educateuren, déi sech mat vill Häerz ëm eis Kanner gekëmmert hunn, an Zäite wou dës besonnesch vill Opmierksamkeet gebraucht hunn.
Merci de Beamten an Employéen an eise Verwaltungen, déi de Bierger an Entreprisë bei hiren Demarchë séier an effikass ënnert d'Äerm gräifen.
Merci all de Mënschen, déi Dag fir Dag ënnerwee sinn, fir datt eist alldeeglecht Liewe wéi gewinnt ka viru goen.
Merci awer och all de Leit, déi Doheem bliwwe sinn, fir hir Matmënschen ze schützen.
An net zulescht Merci den Net-Lëtzebuerger, déi hei am Land wunnen a schaffen, ouni déi déi essentiel Secteuren an eisem Land virun, wärend an no der Pandemie net funktionéiere kënnen.
Dat lescht Joer war net einfach, fir kee vun eis. De Virus huet eis vill ofverlaangt. Mir hunn op villes musse verzichten, fir eis Léifsten ze schützen. An awer hu mir musse Mënsche fir ëmmer Äddi soen. An dësem Moment denken ech och u si, déi dësen Nationalfeierdag net méi materliewe kënnen.
Altesse Royale, léif Matbiergerinnen a Matbierger, de Nationalfeierdag ass e Symbol vun eiser Geschicht. Den 23. Juni steet awer gläichermoosse fir eis Zukunft. D'Zukunft vun engem Land, dat sech net ënnerkréie léisst. D'Zukunft vun engem Vollek, dat de Bléck no vir riicht an déi nächst Erausfuerderunge mat dem néidege Courage an Optimismus ugeet.
Ech denken un de Klimawandel, deen eis och no Corona beschäftege wäert. Mir sinn et de Jonken an de zukünftege Generatioune schëlleg, datt mir näischt onversicht loossen, fir hinnen e gesonde Planéit an eng liewenswäert Zukunft ze hannerloossen. Lëtzebuerg huet en ambitiéise Klimaplang virgeluecht, deen et elo gëllt esou séier wéi méiglech ëmzesetzen.
Mam Relance-Pak "Neistart Lëtzebuerg" hu mir eng ganz Rëtsch ökologesch an zukunftsorientéiert Mesuren decidéiert, déi direkt de Biergerinnen a Bierger an den Entreprisen zegutt kommen.
Ech denken awer och un déi Mënschen, deenen et net esou gutt geet. Lëtzebuerg steet op finanziell zolitte Féiss. Eisen Aarbechtsmarché huet sech gutt erholl an eis Ekonomie ass erëm um Wuessen. Mir mussen elo derfir suergen, datt dëse Wuesstem bei deene Leit ukënnt, déi et am meeschte brauchen.
D'Zukunft vu Lëtzebuerg läit an engem staarken Europa. D'Pandemie huet eis dat nach eng Kéier ganz däitlech virun Ae gefouert. Mir si wéi keen anert Land op oppe Grenzen an e staarken europäesche Bannemarché ugewisen. Mir hunn an de leschte Méint awer och de Wäert vu lokaler Produktioun a Consommatioun nei entdeckt. Mir brauchen dofir e staarkt Lëtzebuerg an enger staarker Europäescher Unioun.
Mir setzen dobäi weider op eis europäesch Valeuren, op d'Demokratie an op d'Fräiheet, besonnesch an dësen Zäiten.
Altesse Royale, léif Matbiergerinnen a Matbierger, och wa mir op engem gudde Wee sinn, ass d'Pandemie nach net ganz eriwwer. Nach musse mir virsiichteg bleiwen a weider responsabel handelen.
Ech wënschen Iech, a mengem perséinlechen Numm an am Numm vun der Regierung, e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat deene Mënschen, déi Iech wichteg sinn.
Vive eise Grand-Duc,
Vive eis Groussherzoglech Famill a Vive eist Land.