Aktualiséiert den
Nationalfeierdag 2026
Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vu Senger Kinneklecher Altess dem Grand-Duc huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse souwéi d'Membere vun der Regierung den 22. an 23. Juni 2026 un de Festlechkeeten zu Déifferdeng an an der Stad Lëtzebuerg deel.
23. Juni 2026
Offiziell Zeremonie an der Philharmonie
De Moie vum 23. Juni, dem Nationalfeierdag, fënnt an der Philharmonie Lëtzebuerg déi offiziell Zeremonie statt, déi vun der Regierung zu Éiere vum Grand-Duc organiséiert gëtt. Hei treffen sech déi groussherzoglech Koppel, d'Deputéiert souwéi d'Membere vun der Regierung, vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg an den akkreditéierten diplomatesche Corps.
Bei hirer Arrivée ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse vum President vun der Chamber, Claude Wiseler, vum Premierminister, Luc Frieden, a vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, empfaangen. De Wilhelmus gëtt vun der Militärmusek gespillt.
Am Kader vun der offizieller Zeremonie halen de Grand-Duc, de Claude Wiseler an de Luc Frieden eng Usprooch. Duerno iwwerreechen si Éierenauszeechnungen u Perséinlechkeeten aus dem zivillen, ekonomeschen, sportlechen a kulturelle Beräich, déi sech besonnesch ausgezeechent hunn.
Den Orchestre philharmonique du Luxembourg, de Kammerchouer an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire suerge fir déi musikalesch Begleedung. Um musikalesche Programm steet och e Wierk vum Geiist a Komponist Jean-Jacques Mailliet, dat vum Staatsministère a vum Kulturministère am Kader vun Nationalfeierdag an Optrag ginn ass.
No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.
Militärparad
D'"Prise d'armes" op der Neier Avenue steet ënnert dem Kommando vum Colonel Alain Schoeben, Kommandant vun der Arméi a vun den Truppen. D'Parad besteet aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police Lëtzebuerg, souwéi aus Zivildetachementer.
No der "Mise en place" vun den Detachementer an dem Amarsch vun de Fändele vun der Arméi an der Police, ginn d'Truppe vun de follgende Persounen inspizéiert: dem Chef vum Etat-Major, de Generol Steve Thull, an dem Direkter vun der Police Lëtzebuerg, den Här Pascal Peters. Dono inspizéieren d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Inneminister Léon Gloden d'Truppen.
Doropshin huelen, noeneen, de Premierminister, Luc Frieden, de President vun der Chamber, Claude Wiseler an Hir Kinneklech Altess d'Grande-Duchesse Plaz op der Éierentribün.
Mëttes inspizéiert de Staatschef sengersäits d'Truppen.
Nodeems den dräifachen "Vive" vun den Truppen exekutéiert gouf an d'Nationalhymn vum Sergant-Chef Stéphanie Schlink gesonge gouf, kënnt den Defilé vun de follgende Corps a Veräiner:
- d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierekompagnie, dem Fändel vun der Arméi mat grousser Eskorte, engem Detachement vu Fändeldréier vun de fréiere Bataillounen a Veteranen, engem Detachement mat Gefierer an d'Militärmusek;
- en Detachement vun der franséischer Arméi – Symbol vun der enker Zesummenaarbecht tëscht der franséischer an der lëtzebuergescher Arméi, duerch d'FLF-Missioun a Rumänien, d'Ausbildung vu lëtzebuergeschen Ënneroffizéier an Offizéier an d'Duerchféierung vu gréisseren Exercicen, déi d'Interoperabilitéit tëscht den Arméie fërderen; d'Police Lëtzebuerg – mat enger Éierekompanie an dem Fändel vun der groussherzoglecher Police mat grousser Eskorte, engem Detachement vun der Hondsstaffel an engem motoriséierten Detachement;
- d'Douane – mat enger Kompanie an dem Fändel vun der Douane mat grousser Eskort, engem Detachement vun der Hondsstaffel, der Douane's Musek an engem motoriséierten Detachement;
- d'Prisongsverwaltung – mat enger Kompanie ze Fouss an engem Detachement vun der Hondsstaffel;
- de CGDIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) – mat enger Kompanie an dem Fändel vum CGDIS, enger Sektioun vun der cynotechnescher Unitéit an engem motoriséierten Detachement;
- d'Lëtzebuerger Rout Kräiz – mat enger Sektioun vun der cynotechnescher Unitéit an engem motoriséierten Detachement;
- d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) mat dräi Museksveräiner vun der Gemeng Käerjeng.
Den Defilé gëtt op niddereger Héicht vu verschiddene Loftgefierer iwwerflunn: en Helikopter H145M vun der Police Lëtzebuerg, en Airbus A330 Transport- an Tankfliger vun der Multi Role Tanker Transport Unit an en A400M-Transportfliger vum 15. Wing vun der belscher Loftwaff, dee vu lëtzebuergeschen Offizéier geflu gëtt.
Te Deum
De feierlechen Te Deum gëtt an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg zelebréiert, a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel a vu Vertrieder vun den Nationalen Autoritéiten. No der Wëllkommensusprooch vum Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, kommen Usprooche vum Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, vum Hafiz ef. Hilmija Redžić, Chef de culte vun der muslimescher Communautéit, an dem Här Volker Beba, Paschtouer vun der protestantescher Kierch zu Lëtzebuerg.
De feierlechen Te Deum gëtt vun der Maitrise Sainte-Cécile vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch an de Michel Krier spillen op der symphonescher Uergel. D'Sonnerie nationale gëtt vum Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek gespillt.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung