Aktualiséiert den
Nationalfeierdag 2021
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, fënnt den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel statt. Et huelen de Staatschef, d'Regierungsmemberen, d'Deputéiert, d'Vertrieder vum Stater Schäffen- a Gemengerot, Vertrieder vum Staatsrot, vun der Justiz esou ewéi den Doyen vum beim Lëtzebuerger Staatschef akkreditéierten diplomatesche Corps, de Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi an den Direkter vun der Police Lëtzebuerg deel.
Um 11 Auer, bei senger Arrivée um Boulevard F.D. Roosevelt, gëtt de Grand-Duc vum Chamberspresident Fernand Etgen, vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, a vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, empfaangen.
Um Programm vun der Zeremonie sti Riede vum Grand-Duc, vum Chamberspresident Fernand Etgen, a vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel.
No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.
Communiqué vum Staatsministère / Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)