Neierungen 2023

Nei gesetzlech Reegelen a Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2023 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

Finanzen

Reduktioun vun der TVA am Kader vum "Solidaritéitspak 2.0".

Akraafttrieden: 1. Januar 2023

Den normalen, mëttleren a reduzéierten TVA-Taux gëtt bis den 31. Dezember 2023 em jeeweils ee Prozentpunkt erofgesat. Esou gëtt den normalen TVA-Taux vu 17% op 16%, de mëttleren Taux vu 14% op 13% an de reduzéierten Taux vun 8% op 7% erofgesat.

Gesetz vum 26. Oktober 2022

gouvernement.lu ​

Sécherheet

Installatioun vu Feiermelder an alle Wunngebaier am Grand-Duché gëtt Flicht

Akraafttrieden: 1. Januar 2023

Ab dem 1. Januar 2023 gëtt d'Installatioun vu Feiermelder an alle Wunngebaier am Groussherzogtum obligatoresch.

Gesetz vum 6. Dezember 2019

gouvernement.lu ​

Famill

Hëllefen am Beräich vun der Energie

Akraafttrieden: 1. Januar 2023

D'Regierung am Rot huet de Moossnamepak op dee sech d'Regierung an d'Sozialpartner am Kader vum Tripartite-Ofkommes "Solidaritéitspak 2.0" gëeenegt hunn ugeholl, deen d'Acceleratioun vun der Energiewend an d'Reduktioun vun der Ofhängegkeet vun de fossillen Energië vun de Stéit ustriewt.

  • Stabiliséierung vum Stroumpräis fir Residenten, déi ee Verbrauch vu manner wéi 25.000 kW/h pro Joer hunn (01.01.2023-31.12.2023)

gouvernement.lu ​

subvention-electricite.lu

  • Limitatioun vun der Erhéijung vun den Äerdgaspräisser a Verlängerung vun der Prise en Charge vun den Netzkäschten duerch de Stat* (bis den 31.12.2023)

Gesetz vum 2. Dezember 2022

gouvernement.lu ​

subvention-gaz.lu

  • Reduzéierung vum Präis fir de Mazout a vum Präis fir Flësseggas* (bis den 31.12.2023)

gouvernement.lu ​

subvention-mazout.lu

  • Temporär Subventioun vum Verkafspräis vun Holzpellets fir d'Stéit (bis den 31.12.2023)

Gesetzesentworf nach a Prozedur

gouvernement.lu ​

subvention-pellets.lu

  • Erhéijung vun de finanziellen Hëllefen "Klimabonus wunnen" (01.01.2023-31.12.2023)

Gesetzesentworf nach a Prozedur

Logement.lu

  • Temporär Subventioun vum Verkafspräis fir Stroum fir d’Benotzer vun ëffentlechen Opluetstatioune fir Elektroautoe (01.01.2023-31.12.2023)

gouvernement.lu

subvention-electricite.lu

  • Temporär Subventioun fir d'Liwwerung vu Wäermt fir Stéit déi un engem Fernwärmnetz ugeschloss sinn (bis den 31.12.2023)

gouvernement.lu

*Moossnam déi scho säit Enn 2022 a Kraaft ass

Weider Informatiounen

Zoulag fir d'Liewensdeierecht an Energieprime fir 2023

Verlängerung bis 2023

Am Kader vum Ofkommes vum Koordinatiounscomité Tripartite vum 28. September 2022, ginn Zoulag fir d'Liewensdeierecht an d'Energieprime bis 2023 verlängert.

gouvernement.lu ​

Erhéijung vun de Pensiounen

Akraafttrieden: 1. Januar 2023

D'Pensioune ginn ëm 2,2% erop. Dës Revaloriséierung gëtt zousätzlech zu den Indextranchen applizéiert, déi och fir d'Pensioune gëllen.

gouvernement.lu ​

Erhéijung vum soziale Mindestloun (SSM), vum Akommes fir sozial Aglidderung (REVIS) a vum Akommes fir schwéier behënnert Persounen (RPGH)

Akraafttrieden: 1. Januar 2023

Duerch d'Ëmsetze vum Ofkommes vum Koordinatiounscomité Tripartite vum 28. September 2022, ginn de SSM, de REVIS an de RPGH 2023 em 3,2% erhéicht.

Gesetzesentworf nach a Prozedur (SSM)

Gesetzesentworf nach a Prozedur (REVIS & RPGH)

Accessibilitéit vun allen ëffentleche Plazen

Akraafttrieden: 1. Juli 2023

Am Kader vun de Beméiunge fir d'Accessibilitéit fir jiddereen zu den ëffentleche Plaze ze garantéieren, wäerten ab dem 1. Juli 2023 eng gewësse Rëtsch u Moossnamen agefouert ginn.

Gesetz vum 7. Januar 2022

gouvernement.lu ​

 

Aarbecht

Teletravail fir Frontalieren

Akraafttrieden: 1. Januar 2023

Frontalieren déi a Frankräich wunnen an zu Lëtzebuerg schaffen, kënnen ab dem 1. Januar 2023 34 Deeg ausserhalb vu Lëtzebuerg schaffen, ouni a Frankräich besteiert ze ginn.

gouvernement.lu

Walen

Gemengen- a Chamberwalen 2023

D'Gemengewalen am Groussherzogtum ginn den 11. Juni 2023 ofgehalen.

Chamberwalen am Groussherzogtum ginn den 8. Oktober 2023 ofgehalen.

www.elections.lu

Europäesch Unioun

Kroatien gëtt an de Schengenraum opgeholl

Akraafttrieden: 1. Januar 2023

Den 1. Januar 2023 wäert Kroatien dem Schengenraum bäitrieden, wat de fräie Persouneverkéier ouni Kontrollen un de Bannegrenze mat sech bréngt.

Betriber

Administrativ Opléisung ouni Liquidatioun vun all Handelsgesellschaft ouni Salarié an ouni Kapital

Akraafttrieden: 1. Februar 2023

Aféierung vun enger vereinfachter Prozedur mam Zil déi sëllegen Handelsgesellschaften no lëtzebuergeschem Recht ze eliminéieren, déi säit etleche Joren net dem geltende Recht entspriechen (an déi domadder d'Viraussetzung fir d'Ouverture vun enger geriichtlecher Liquidatioun erfëllen) an déi weder Salariéen nach Kapital hunn.

Gesetz vum 28. Oktober 2022

gouvernement.lu ​

Elektronesch Facturatioun (e-facturation) 

Akraafttrieden: 18. Mäerz 2023

Wärend grouss a mëttelgrouss Wirtschaftsacteuren am Kader vun ëffentlechen Ausschreiwungen a Concessiounsofkommen scho verflicht sinn hir Rechnungen elektronesch un de Stat ze schécken, sinn ab dem 18. Mäerz 2023 all Betriber, onofhängeg vun hirer Gréisst, déi Prestatioune fir Ariichtunge vum ëffentleche Secteur (Stat, Gemengen, ëffentlech Ariichtungen) ausféieren dovunner betraff an dat onofhängeg vum Montant vun der Rechnung.

Gesetz vum 13. Dezember 2021

www-e-facturation.lu

Dossier

Informatiounstechnologien

Luxchat

Akraafttrieden: am Laf vum Joer

D'Applikatioun "Luxchat" ass en Déngscht fir Kuerznoriichten ze verschécken, dee vum Lëtzebuerger Stat entwéckelt gouf. Dat Besonnescht un dëser Applikatioun ass hire Sécherheetsstandard an de Fait, datt d'Infrastruktur zu Lëtzebuerg ass. An enger éischter Phas wäert et sech em eng Versioun handelen, déi just fir Beamte vum Lëtzebuerger Stat geduecht ass. Opgrond vun de ville Virdeeler a punkto Sécherheet vun dëser Applikatioun, wäert an enger zweeter Phas eng "ëffentlech" Versioun vun "Luxchat" agefouert ginn, déi da fir déi gesamte Bevëlkerung zougänglech ass.

gouvernement.lu ​

Aktualiséiert