Aktualiséierung vun der Broschür "À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg" vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) huet d'Broschür À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg nei publizéiert. Dës Verëffentlechung ass Deel vun der Serie "Apropos", déi verschidden Aspekter vum Grand-Duché beliicht. D'Broschür gouf iwwerschafft, erweidert a krut en neie Layout.

D'Broschür stellt kuerz d'Originnen an d'Entwécklung vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg duer, esou wéi de Sproochegebrauch am Alldag, dorënner an der Politik, op der Aarbecht, an der Schoul an an de Medien, d'Sproochen an der Kultur, an d'Moossnamen zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch. Zum Schluss vun der Broschür leet e QR-Code weider op eng Internetsäit mat weideren, nëtzlechen Informatiounen a Linken. Esou kënnen Interesséierter deen een oder anere Volet, deen an der Broschür beschwat gouf, verdéiwen.

D'Broschür vun 20 Säiten ass erhältlech op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch.

Wéi och all déi aner Publikatioune vum SIP kann d'Broschür online gekuckt, erofgelueden oder bestallt ginn – dat ënnert der Rubrik "Publikatiounen" op www.gouvernement.lu oder www.luxembourg.lu. Se kann awer och iwwert d'Adress edition@sip.etat.lu ugefrot ginn.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP)

Aktualiséiert