Animatiounsfilmer iwwert de lëtzebuergesche politesche System

Am Kader vum neie Portal vun der Regierung, deen am Febuar 2018 lancéiert gouf, sinn Animatiounsfilmer produzéiert ginn fir verschidden Aspekter vum lëtzebuergesche politesche System aduiovisuell ervirzehiewen.

©METAT/SIP

 

D’Regierung presentéiert deementspriechend 3 Filmer déi folgend Sujeten thematiséieren:

  • D'Chamberwalen
  • D'Formatioun vun der Regierung
  • Déi deeglech Aarbechte vun der Regierung

Fir d'Ëffentlechkeet bestëmmt, droen dës Filmer zu engem bessere Verständnis vum politesche System bäi.

Am Sënn vum Portal vun der Regierung, sinn d'Filmer a 4 Sproochen produzéiert ginn: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

D'Filmer sinn an der Rubrik Politesche System an um Youtube Kanal vun der Regierung disponibel.

 

Communiqué vum Staatsministère / Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert