Neierungen 2022

Nei gesetzlech Reegelen a Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2022 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

©SIP Illustratioun

Konsumenterechter

Digital Déngschtleeschtungen

Akraafttrieden: 1. Januar 2022

D'Gesetz vum 8. Dezember 2021, mat deem d'Directiven (EU) 2019/770 an (EU) 2019/771 ëmgesat ginn, moderniséiert déi gesetzlech Conformitéits-Garantie fir de Verkaf vu Wueren a féiert eng nei Reegelung fir déi gesetzlech Conformitéits-Garantie fir digital Contenuen an Déngschtleeschtungen an. Dobäi sinn e puer innovativ Elementer ervirzesträichen:

  • D'Schafung vun enger gesetzlecher Conformitéits-Garantie fir digital Contenuen an Déngschtleeschtungen;
  • D'Unerkennung vum Recht op eng gesetzlech Conformitéits-Garantie bei der Bereetstellung vun digitalem Contenu oder enger digitaler Déngschtleeschtung, wann de Konsument perséinlech Donnéeën ugëtt (z. B. beim Erstelle vun engem Konto op engem soziale Reseau);
  • D'Recht vum Konsument, Ännerungen ze refuséieren, déi de Fournisseur un den digitalen Déngschtleeschtungen oder um Contenu realiséiere kéint;
  • D'Recht vum Konsument op Inhalter zeréckzegräifen, déi hien am Zesummenhang mat der Benotzung vun de Contenuen oder Déngschtleeschtungen erstallt oder bereetgestallt huet, wann de Vertrag am Kader vun der Bereetstellung vun digitalen Déngschtleeschtungen oder Contenuen opgeléist gëtt;
  • Vun elo un, gëllt e Conformitéits-Mangel bei der Liwwerung vun der Wuer als presuméiert, wann de Mangel an den 12 Méint no der Liwwerung festgestallt gëtt, anstatt 6 Méint;
  • Et ass keen Delai fir d'Melle vun engem Conformitéits-Mangel virgesinn (innerhalb vum gesetzlechen Delai fir d'Conformitéits-Garantie);
  • Weiderhi ginn d'Bedéngunge fir eng kommerziell Garantie, also ee fräiwëllege Vertrag, dee géint Bezuelung oder gratis vum Fournisseur ugebuede ka ginn, preziséiert.

 

Mobilitéit

Finanziell Bäihëllefe fir Gefierer ouni respektiv mat geréngem CO2-Ausstouss

Verlängerung bis den 31. Mäerz 2022

Fir d'Mobilitéit ouni CO2-Ausstouss an déi aktiv Mobilitéit weider ze fërderen, gëtt de System vun de finanzielle Bäihëllefen "Clever fueren" ëm 12 Méint verlängert, also bis den 31. Mäerz 2022.

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 24. Mäerz 2021 (op Franséisch)

Communiqué vum 24. Mäerz 2021

Tramsreseau

Den Tramsreseau zu Lëtzebuerg gëtt weider ausgebaut, mat enger Verlängerung vun der Linn an de Süden, fir d'Gare mam Bouneweger Lycée ze verbannen. Dës Linn geet am September 2022 a Betrib.

Famill

Modifikatioun vun de Bedéngunge fir d'Urecht op Kannergeld 

Akraafttrieden: 1. Januar  2022

D'Urecht op Kannergeld gëtt un d'Bedéngung geknäppt, dass den Aarbechter e familiäre Lien zum Kand huet fir dat hien d'Kannergeld kritt. D'Kannergeld gëtt fir d'Kanner vun all Aarbechter iwwerwisen, ob si Resident sinn oder net.

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 12. Mee 2021 (op Franséisch)

Projet de loi Nr 7828

Zoulag fir d'Liewensdeierecht

 

Akraafttrieden: 1. Januar 2022

 

D'Stéit mat klengem Akommes hunn och 2022 eng Zoulag fir d'Liewensdeierecht zegutt. D'Beträg heivunner ginn em 200 Euro an d'Luucht.

 

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 11. November 2021

 

Gebuertsmeldungen

Akraafttrieden: 1. Januar  2022

Vun 2022 un, gëtt den Delai fir eng Gebuert am État civil ze mellen vu 5 op 10 Deeg eropgesaat.

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 15. Oktober 2021 (op Franséisch)

Finanzen

Legalen Zënssaz

Akraafttrieden: 1. Januar  2022

De legalen Zënssaz fir 2022 läit bei 2%.

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 26. November 2021 (op Franséisch)

Steierkaart

Akraafttrieden: 1. Januar  2022

D'Steierkaarte vu Salariéen a Rentner ginn den Employeuren a Pensiounskeesen op MyGuichet.lu am elektronesche Format zur Verfügung gestallt. Ab Januar 2022 ass d'Consultatioun iwwert myguichet obligatoresch fir Employeuren.

Guichet.lu an impotsdirects.public.lu

Steiererklärung

Akraafttrieden: Februar 2022

Ab Februar 2022 ass et méiglech d'Steiererklärung (Modell 100) mathëllef vun engem elektroneschen Assistent op MyGuichet.lu auszefëllen.

Guichet.lu

Fräizäit

Obligatoresch periodesch medezinesch Kontroll fir Sportler

Verlängerung bis den 31. Dezember 2022

D'Gültegkeet vun der periodescher medezinescher Kontroll gëtt bis den 31. Dezember 2022 verlängert fir Sportler an Arbitteren, déi am Laf vum Joer 2021 net ënnersicht gi sinn oder konnte ginn.

Konkret bedeit dat, dass Sportler an Arbittere mat de Gebuertsjoren 1971, 1976, 1981, 1991, 2001, 2006 et 2009, déi schonn eng Lizenz hunn a virum 31. Dezember 2021 net konnten ënnersicht ginn, bis spéitstens den 31. Dezember 2022 an d'medezinesch Kontroll mussen.

Déi betraffe Persounen si gebieden hire Rendez-vous rechtzäiteg unzefroen.

D'Gültegkeet vun den EKGen, déi bei de medezinesche Kontrollen am Alter vu 15, 20 an 30 Joer virgesi sinn, gëtt och verlängert.

Dës Verlängerung gëllt net fir déi obligatoresch Ënnersichung am Fall vun enger éischter Competitiouns-Lizenz.

sports.public.lu

Järleche Juegdpermis

Akraafttrieden: am Laf vum Joer 2022

Am Kontext vun der Digitaliséierung vun den administrative Prozeduren, kënnen d'Jeeër hire järleche Juegdpermis online ufroen.

Resümmee vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 26. November 2021 (op Franséisch)

Zouwanderung

Arees/Ausrees System EES

Viraussiichtlecht Akraafttrieden: September 2022

Den Arees/Ausrees System (EES) gëtt en automatiséierten informatesche System, deen et erméigleche wäert d'Arees- an Ausreesdate vu Persounen aus Drëttstaaten (mat engem kuerzen Openthalts-Visa oder ouni Visa-Flicht) z'enregistréieren, all Kéiers wa si eng Baussegrenz vun der EU passéieren. Den EES System ersetzt dann den aktuelle manuelle Stempel-System vun de Päss a wäert esou zur Vereinfachung vun de Grenzkontrollen an zur Moderniséierung vun der Gestioun vun de Baussegrenze bäidroen. Duerch eng verbessert Qualitéit an Effikassitéit vun de Kontrollen, wäert de System och zum Kampf géint den Terror an déi grouss Kriminalitéit bäidroen.

 

 

 

 

Aktualiséiert