Am Kader vun enger Sensibiliséierung- a Promotiounsaktioun fir lëtzebuergesch Produiten huet de Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin de Membere vun der Regierung Uebstkierf iwwerreecht. De Premier, Xavier Bettel, huet am Sënn vun der Nohaltegkeetspolitik op d’Wichtegkeet vun der lokaler Uebstproduktioun higewisen.