Aktualiséiert den
Eng nei Sproochsynthees op Lëtzebuergesch: e bedeitende Fortschrëtt am Beräich vun der Accessibilitéit a vun der Valorisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
Zwou nei Stëmmen – déi eng weiblech, déi aner männlech – déi Lëtzebuergesch Texter op engem Ecran haart virliese kënnen, sinn elo gratis op Windows, macOS, Android an iOS verfügbar. Dëse Projet ass eng wichteg Etapp fir d'Fërderung an d'Accessibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch.
Eng Technologie fir jiddereen
Dëse Projet riicht sech ënner anerem u Persounen déi blann sinn oder eng Séibehënnerung hunn, mee och un all déi, déi Lëtzebuergesch Texter um Ecran vun hirem Computer oder Handy haart virgelies wëlle kréien.
Eng gemeinsam Initiativ
De Projet ass vum Ministère fir Digitaliséierung, am Kader vun der Initiativ Tech-in-gov, finanzéiert ginn. En ass vum Informatiouns- a Pressedéngscht, an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an dem Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV), ausgeschafft ginn. D'Firma LouderPages, déi an dësem Beräich spezialiséiert ass, war fir d'Ëmsetzung zoustänneg. Duerch dës enk Zesummenaarbecht war et méiglech op d'Ressourcë vum ZLS zréckzegräifen, déi fir dëse Projet besonnesch wichteg waren, wéi zum Beispill dat néidegt sproochlecht Fachwëssen. Baséierend um Feedback vun de Notzer vum CDV konnt den Outil weider optiméiert ginn.
Eng fräi zougänglech Léisung
Am Kader vum Projet goufen zwou Stëmmen ausgeschafft, de "Mil" an d'"Mia", déi gratis fir Windows[1], Apple[2] et Android[3] verfügbar sinn. Hire Source-Code ass als Open Source disponibel a ka fräi genotzt ginn.
Dës Stëmmen si mat Screenreadere kompatibel, déi vu Persounen, déi blann sinn oder eng Séibehënnerung hunn, benotzt ginn, fir mam Computer, Smartphone oder Tablett ze interagéieren. Méi genau gesot integréieren si sech an de Voice Over op Apple-Geräter, TalkBack op Android an NVDA oder JAWS op Windows. Ofgesi vun dëse Léisungen, kënnen se och en Text oder verschidden Extraiten op macOS oder Windows haart virliesen.
Méi Informatiounen iwwert dëse Projet oder zu den Instruktioune fir eng schnell an einfach Notzung, fannt Dir am entspriechenden Artikel um Portail de l'accessibilité numérique.
[1] https://rhvoice.com/microsoft?lang=fr
[2] https://rhvoice.com/apple?lang=fr
[3] https://rhvoice.com/android_uguide?lang=fr
[4] https://github.com/accessibility-luxembourg/RHVoice-Luxembourgish-src