Regierungsëmbildung

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, dass de Grand-Duc haut de Moien d'Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op eegene Wonsch entlooss huet.

  1. ©SIP / Luc Deflorenne

    Vereedegung vum Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Kima an nohalteg Entwécklung

    Vereedegung vum Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Kima an nohalteg Entwécklung

  2. ©SIP / Luc Deflorenne

    Récktrëttsaudienz beim Grand-Duc fir d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg

    Récktrëttsaudienz beim Grand-Duc fir d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg

D'Joëlle Welfring gouf als neie Regierungsmember vereedegt. Si ass als Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ernannt ginn.

Den 22. Abrëll 2022, goufen déi ministeriell Kompetenze vum Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung temporär un de Claude Turmes iwwerdroen. Dës Attributioun ass de Moien op en Enn gaangen.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert