D'Europawalen zu Lëtzebuerg

Den Zentrale Regierungsbüro a seng Missiounen

De Sonndeg, 26. Mee 2019, fannen d'Europawalen zu Lëtzebuerg statt. Den Zentrale Regierungsbüro ("Bureau centralisateur gouvernemental", BCG), deen bei all Chamber-, Europa-, a Gemengewalen opgestallt gëtt, huet als Missioun, déi offiziéis Resultater vun deene Wale festzestellen an ze diffuséieren.

Fir d'Resultat esou séier wéi méiglech opzestellen, schaffen um Waldag eng 92 Mataarbechter vum Staat fir de BCG. D'Majoritéit vun de Mataarbechter sinn deen Dag am Zenter fir Informatiounstechnologie ("Centre des technologies de l'information de l'Etat", CTIE) aktiv, mee et sinn awer och Equippe vum BCG an den Haaptwalbüroe vun der Stad Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht präsent.

De Site elections.public.lu

Um Waldag selwer ginn déi offiziéis a komplett Resultater um offizielle Site vun de Walen zu Lëtzebuerg eréischt no 23 Auer Owes publizéiert, konform mam ofgeännerten europäeschen Akt vun 1976 iwwer d'Wale vun de Membere vum Europäesche Parlament, dee virgesäit, datt kee Memberstaat seng Walresultater dierf verëffentleche, éier net dee leschte Walbüro an der EU seng Dieren zougemaach huet.

No der Publikatioun presentéiert de Site déi komplett Resultater vun den Europawalen zu Lëtzebuerg, op nationalem Niveau an och um Niveau vun de Gemengen, de Parteien an den eenzelne Kandidaten. Weider kënnen um Site d'Walresultater vun 2019 mat deene vun 2014 verglach ginn.

Fir datt all d'Informatiounen zum Thema Walen zu Lëtzebuerg fir all d'Bierger zougänglech sinn, gouf de Site elections.public.lu an déi véier Haaptsprooche vum Grand-Duché iwwersat: Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch

Well all Mënsch, egal wat seng spezifesch Besoine sinn, soll un de Walen deelhuele kënnen, presentéiert de Site elo och déi wichtegst Informatiounen zum Thema an enger méi einfacher Sprooch ("leichte Sprache"). Déi Dokumenter kënnen a verschiddene Sproochversiounen op der Säit Barrière-Fräiheet erofgeluede ginn.

E puer Zuelen

Et gëllt ze bedenken, dass all d'Zuelen nach bis den Dag vun de Walen ganz liicht variéiere kënnen (opgrond vun Ëmzich, Stierfäll, ...). D'Majoritéit vun de benotzten Donnéeë kënnen um Open-Data-Portal vun der Regierung erofgeluede ginn. Déi folgend Zuele ginn de Stand vum 17. Mee 2019 erëm.

D'Kandidate fir d'Europawalen

Am Ganzen hunn 10 Parteien eng komplett Lëscht mat 6 Kandidate fir d'Europawale vum 26. Mee 2019 presentéiert. Ënnert deene 60 Kandidate sinn 32 Männer an 28 Fraen.

Am Duerchschnëtt sinn d'Kandidaten 43,9 Joer al, d'Fraen hunn an der Moyenne 40 Joer, d'Männer 47. Wat d'Opdeelung an Altersklassen ubelaangt, esou hu 15 Kandidaten tëschent 20 an 29 Joer, 13 hunn tëschent 30 an 39 Joer, 5 tëschent 40 an 49 Joer, 17 tëschent 50 an 59 Joer, 7 tëschent 60 a 69 an 3 Kandidaten hunn tëschent 70 a 79 Joer.

D'Wieler

283.683 Wieler stinn aktuell op de Wielerlëschte fir d'Europawalen. Am Vergläich zu de leschten Europawale vun 2014, wou 264.183 Wieler an de Lëschten ageschriwwe waren, entsprécht dat engem Zouwuess vun 19.500 Wieler.

D'Unzuel un ageschriwwene Wieler variéiert staark tëschent deene verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg: während déi klengste Gemeng Sëll nëmme 521 Wieler zielt, hut d'Stad Lëtzebuerg, déi gréisste Gemeng am Land, der 35.288.

D'Net-Lëtzebuerger EU-Wieler

Bis den 28. Februar 2019 konnten sech d'Staatsbierger aus der EU, déi net Lëtzebuerger sinn mee hei zu Lëtzebuerg wunnen, an d'Wielerlëschte fir d'Europawale vun 2019 aschreiwen. Aktuell stinn 23.175 net-lëtzebuergesch EU-Bierger op de Lëschte fir d'Europawalen. Fir déi lescht Europawale vun 2014 stoungen 21.650 auslännesch Wieler op de Lëschten. Deemno sinn 1.525 (+7%) auslännesch Wieler op d'Lëschte bäikomm.

Säit de leschten Europawale vum 25. Mee 2014, hu sech insgesamt eng 7.209 net-lëtzebuergesch EU-Bierger op d'Lëschte fir d'Europawalen agedroen. Den Aschreiwungs-Taux, also de Prozentsaz vun den auslännesche Wieler par rapport zur potenzieller Wielerschaft (zu Lëtzebuerg liewend EU-Auslänner mat méi wéi 18 Joer), läit bei 11,8%, wat e liichte Réckgang am Vergläich zu 2014 bedeit, wou den Taux bei 12,2% louch. De Prozentsaz vun den ageschriwwenen Net-Lëtzebuerger EU-Bierger par rapport zur Gesamtwielerschaft zu Lëtzebuerg ass tëschent 2014 an 2019 konstant bei 8,2% bliwwen.

Ënnert deenen ageschriwwenen auslännesche Wieler sinn d'Portugisen, an absoluten Zuelen, mat 7.765 Wieler am meeschte vertrueden. Dat entsprécht 10,3% vun der portugisescher Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg. Dono kommen d'Fransouse mat 4.301 Wieler (11,5% vun der franséischer Bevëlkerung), d'Italiener mat 2.847 (14,8%), d'Belsch mat 2.466 (14,7%) an déi Däitsch mat 2.149 (19,7%) ageschriwwene Wieler.

Um Niveau vun de Gemengen ginn et grouss Ënnerscheeder wat d'Zuel vun den ageschriwwenen Net-Lëtzebuerger EU-Staatsbierger an deenen hirem Undeel un der Gesamtwielerschaft betrëfft. Sou hunn déi grouss Stied am Land generell en Undeel un auslännesche Wieler vun iwwer 8%, während dee Prozentsaz bei de Gemenge mat manner wéi 1.000 Wieler ënner 5% läit. 

Stéchdatume fir d'Walen:

Wieler, déi zu Lëtzebuerg wunnen a per Bréifwal un den Europawalen deelhuelen, mussen, fir sécher ze goen dass hire Stëmmziedel zurzäit ukënnt, dëse per Post bis spéitstens de Freideg, 24. Mee 2019, virun der leschter Levée vun der Bréifboîte ofschécken.

Déijéineg Wieler, déi hire Stëmmziedel net per Post ofgeschéckt hunn, kënnen hir giel Enveloppe, an där sech de gefaalte Stëmmziedel an d'Walenveloppe befannen, awer nach um Waldag tëschent 8 a 14 Auer am Haaptwalbüro vun hirer Gemeng ofginn.

Spéitsens den 21. Mee 2019 kréien all d'Wieler, déi op de Wallëschte fir d'Europawale stinn, hire Convocatiounsbréif zougeschéckt, mat de Präzisioune vum Dag, den Ëffnungszäiten, während deene kann ofgestëmmt ginn, an der Raimlechkeet, an där de Vott stattfënnt.

D'Wieler kënne vu moies 8 Auer bis nomëttes 14 Auer wiele goen. Den Dag vun de Wale muss de Wieler sech mat senger Identitéitskaart oder sengem Pass am Walbüro presentéieren.

 

Communiqué vum Zentrale Regierungsbüro / Informatiouns- a Pressedéngscht

Aktualiséiert