Neierunge fir 2018

Nei gesetzlech gereegelt Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2018 a Kraaft trieden.

Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen, déi en direkten Impakt op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

Wunnengsbäihëllef

A Kraaft vum 1. Januar 2018 un

D'Ännerung vu verschiddene Parametere vun der Wunnengsbäihëllef setzt d'Zuel vun de Stéit, déi eng Wunnengsbäihëllef zegutt hunn, op 35.020 erop.

Nëtzlech Linken:

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 26. Juli 2017
Resumé vum Dossier iwwer de Site vun der Chamber

Congé aus perséinleche Grënn a Congé aus familiäre Grënn

A Kraaft vum 1. januar 2018 un

Ënner anerem setzt dat neit Gesetz de Pappecongé vun 2 op 10 Deeg erop.  All Pappen, déi schaffen, kënne ronderëm de Gebuertsdatum vun hirem Kand maximal zéng Schaffdeeg Pappecongé huelen. Dëse Congé gëtt als normale Congé bezuelt. D'Salariéen, déi de Pappecongé zegutt hunn, mussen den Delai vum Preavis vun zwee Méint respektéieren, fir den Employeur iwwer d'Datumen an d'Konditiounen, wéi si dëse Congé eranhuelen, ze informéieren. Am Fall vun enger Adoptioun vun engem Kand vu manner ewéi siechzéng Joer gëllen déiselwecht Bestëmmungen.

D'Gesetz setzt och d'Zuel vun den Deeg fir aussergewéinleche Congé fir Elteren, beim Doudesfall vun engem mannerjärege Kand, vun dräi op fënnef Deeg erop.

Nëtzlech Linken:

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 18. Oktober 2017

Resumé vum Dossier iwwer de Site vun der Chamber

Zoulag fir d'Liewensdeierecht

A Kraaft vum 1. Januar 2018 un

D'Reglement ass drop ausgeriicht, fir 2018 de Stéit mat klengem Akommes eng Zoulag fir d'Liewensdeierecht zoukommen ze loossen. Fir d'Berechnung vum Gesamtakommes vum Stot ginn d'Kannergeld, d'Zoulag fir d'Schoulrentrée an d'Gebuertszoulag net méi consideréiert. D'Beträg vun der Zoulag fir d'Liewensdeierecht bleiwen déiselwecht wéi déi, déi 2017 gegollt hunn.

Nëtzleche Link:

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 10. November 2017  

Reform vun der Fleegeversécherung

A Kraaft vum 1. januar 2018 un

D'Haaptziler vun der Reform berouen op enger besserer Individualisatioun vun der Offer vun de Qualitéitsleeschtungen, déi den alldeegleche Besoine vun all Persoun gerecht gëtt, um Eropsetze vun der Qualitéit duerch Qualitéitsnormen an duerch kloer Kritäre mat adequate Kontrollen, op der Vereinfachung vun de Prozeduren an der Verstäerkung vum System am Hibléck op d'gesellschaftlech Entwécklung an am Respekt vun de fundamentale Prinzipie vum Basisgesetz vun 1998.

Nëtzlech Linken:

Presentatioun vum Minister Romain Schneider vun der Reform vun der Fleegeversécherung

Resumé vum Dossier iwwer de Site vun der Chamber

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Steieren op der Plus-value vun der Immobilievente 

D'Steier vun 10,5% op der Plus-value vun der Immobilievente gëtt bis den 31. Dezember 2018 verlängert.

Nëtzlech Linken :

Site vun der Steierverwaltung

Resumé vum Dossier iwwer de Site vun der Chamber

Datum vun de Parlamentswalen 2018

Den Datum vun de Parlamentswale gouf op de 14. Oktober 2018 festgeluecht.

Nëtzleche Link:

Resumé vum Dossier iwwer de Site vun der Chamber

Schutz vun den Donnéeë vu Privatpersounen 

A Kraaft vum 25. Mee 2018 un

Nei Regelen, déi sech op de Schutz vu Privatpersoune beim Verschaffe vun Donnéeë mat perséinlechem Charakter bezéien a Regelen, déi sech op de fräien Ëmlaf vun dësen Donnéeë bezéien, wäerte vum 25. Mee 2018 u gëllen.

Fir datt Privatpersounen d'Kontroll iwwer hir perséinlech Donnéeë behalen, gesäit d'Gesetz zum Schutz vu Privatpersoune beim Verschaffe vun Donnéeë mat perséinlechem Charakter vir, esouwuel déi juristesch wéi déi praktesch Sécherheet fir d'Privatpersounen, fir d'ekonomesch Operateuren a fir d'ëffentlech Autoritéiten ze verstäerken.

Nëtzlech Linken:

Resumé vum Dossier iwwer de Site vun der Chamber

Fannt d'Reglement vun der europäescher Unioun um Site Eur-lex

Lafend Prozedur

Zum Zäitpunkt vun der Publikatioun vun dësem Artikel sinn d'Ännerungen, déi hei drënner gewise ginn, nach an der lafender legislativer Prozedur.

Walgesetz

Lafend legislativ Prozedur A Kraaft fir déi nächst Walofstëmmung 2018, dat heescht de 14. Oktober 2018

Mam Zil, d'Walprozedur ze vereinfachen, kann all Wieler, deen se ufreet, d'Bréifwal notzen. Dës Demande kann iwwer MyGuichet.lu gemaach ginn.

Och d'Aschreiwung an d'Wielerlëscht kann iwwer MyGuichet.lu gemaach ginn.

Nëtzlech Linken: 

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 10. Februar 2017

Kuckt den Avancement vun der legislativer Prozedur um Site vun der Chamber

De Site vun den administrativen Demarchen, guichet.lu

Akommes fir sozial Inklusioun - Revis

Lafend legislativ Prozedur

De Revis ersetzt de garantéierte Mindestloun (RMG). E stellt eng Moossnam duer, déi am Sënn vun der sozialer Inklusioun soll gräifen an déi d'Aarmut soll bekämpfen. Ausserdeem bréngt d'Aféiere vun der Konditioun, bei der ADEM als Demandeur d'emploi missen ageschriwwen ze sinn, mat sech, datt d'ADEM déi éischt Kontaktpersoun fir den Demandeur vum Revis wäert sinn. De Solidaritéitsfong (FNS) gëtt dat eenzegt Organ, dat kompetent ass a Saachen Uweisung, Bewëllegung a Gestioun vun den Demanden an Ausbezuele vum Revis. Et ass virgesinn, de Revis an zwou Komponenten ze splécken: Inklusiounszoulag an Aktivéierungszoulag

Nëtzlech Linken:

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 21. Dezember 2016

Kuckt den Avancement vun der legislativer Prozedur um Site vun der Chamber

Sproocheregime

Lafend legislativ Prozedur

Déi däitsch Gebäerdesprooch kritt en offizielle Statut am Groussherzogtum Lëtzebuerg

Nëtzlech Linken :

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 5. Mee 2017

Kuckt den Avancement vun der legislativer Prozedur um Site vun der Chamber

D'Mentioun vum Geschlecht an dem Virnumm oder de Virnimm um Etat civil

Lafend legislativ Prozedur

D'Rechter vun Transgenderen oder intersexuelle Persoune gi gestäerkt duerch d'Schafe vun engem legale Kader, deen d'Ännerung vun der Mentioun vum Geschlecht um Etat civil erlaabt an dem Virnumm oder de Virnimm, déi domat verbonne sinn. Déi aktuell geriichtlech Prozedur gëtt duerch eng méi séier a méi zougänglech administrativ Prozedur ersat.

Nëtzlech Linken:

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 12. Mee 2017

Kuckt den Avancement vun der legislativer Prozedur um Site vun der Chamber

D'Strofgesetzbuch

Lafend legislativ Prozedur

Den Delikt, bei deem een absichtlech en aneren a Gefor bréngt, gëtt an d'Lëtzebuerger Strofrecht ageféiert. Proclaméiert Strofe kënne Prisongs- a Geldstrofe mat sech bréngen.

Nëtzlech Linken

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 18. Oktober 2017

Kuckt den Avancement vun der legislativer Prozedur um Site vun der Chamber

Aktualiséiert