Jean-Claude Juncker au sujet de la situation économique actuelle et de l'affaire SREL

Guy Kaiser:2012 war e schwieregt Joer, 2013 gëtt net méi einfach. Op deem Punkt ass sech d’Politik eens. Fir d’Kris esou gutt wéi méiglech ze meeschteren, do ginn dann d’Meenungen auserneen. Leadership ass gefrot, an an der Regierung ass dat de Premier Jean-Claude Juncker. Ech si frou, datt Dir bei eis sidd.

Jean-Claude Juncker: Ma ech, erstaunlecherweis, och.

Guy Kaiser: Et geet Iech gutt?

Jean-Claude Juncker: Den Ëmstänn entspriechend, jo.

Guy Kaiser: Et ass Iech jo an de leschten Deeg, Wochen a Méint ellen zougesat ginn, och heiheem, Iech perséinlech mä awer och der ganzer Regierung. Fir déi Kritike ganz kuerz ze resüméieren: e verwinntene Premier, dee quasi zwee Joerzéngte gewinnt war an de Suen ze schwammen, an elo wou Décisioune musse geholl gi fir ze spueren, geet esou Munches drënner an driwwer. Kënnt Dir esou Kritiken novollzéien?

Jean-Claude Juncker: E bësse jo, well dat ass en allgemengen Androck, mä den allgemengen Androck ass awer falsch.

Ech war laang Joere Budgets- a Finanzminister, an hunn an éischter gudden Zäite ganz dacks mussen nokucken, ob déi Fuerderungen, déi u mech erugedroe gi sinn, ze erfëlle wieren. An ech hu ganz oft Nee soe mussen. Haut gëtt gemengt, ech hätt zu allem Jo gesot. Ech weess nach wou ech Nee gesot hunn.

Guy Kaiser: Eent vun de Beispiller dat jo dacks genuch an der Press kommentéiert gouf, war bekanntlech de leschte Staatsbudget. De Finanzminister huet d’Chiffere bannent e puer Minutten, gouf ëmmer gesot, ouni vill Loscht presentéiert. D’Kritiken aus de Reie vun der eegener Partei, vun der CSV, an och vun der LSAP hunn net op sech waarde gelooss. De Budget gouf nogebessert.

Ënnert dem Vollek héiert een dann och, d’Krisesteier gouf dat Joer virdrun ofgeschaf, an an d’Plaz kënnt dann eng Solidaritéitssteier déi méi héich eropgesat gëtt, d’Chèques service waren agefouert ginn, da gi se nees ëmgeännert. Där Beispiller huet een nach. Kann een d’Leit verstoen, wa se dat net verstinn?

Jean-Claude Juncker: Ech verstinn d’Leit wa se Munches un der Regierungspolitik net verstinn, mä d’Politik muss een ëmmer adaptéieren un den Zäitlaf.

Déi Antikrisesteier ass ofgeschaf ginn an ass, wann een dat esou wëll pauschal beuerteelen, duerch eng Solidaritéitssteiererhéijung ersat ginn. Déi ass méi gerecht wéi d’Antikrisesteier, obschonn déi och net ongerecht war.

Chèques service hu mir agefouert, well mir 2006 mam Accord vun der Tripartite d’Kannergeld desindexéiert hunn. D’Leit hunn also eng real Opwäertung vum Kannergeld par Rapport zu der Inflatioun net erlieft. An déi Suen déi mir do gespuert hunn, hu mir geholl fir d’Kannerbetreiungsstrukturen auszebauen, wat jo awer eng Politik ass, déi an d’Zäitatmosphär gepasst huet.

Da muss ee kucken, ass dat do elo ze wäit gaangen. Op eenzelne Punkten ass dat ze wäit gaangen, da muss een dat corrigéieren. Politik ass en Entworf, an d’Politikgestaltung ass d’Verbesserung vum Entworf.

Guy Kaiser: Wann Dir vun der Politik schwätzt. Den Här Nicolas Migliosi vu Guedber huet et a senger Fro esou formuléiert: “Mir haten 20 Joer héije Wuesstem, ëmmer mat Iwwerschoss. Elo ass d’Land verschëlt, an dat ka jo awer net d’Schold si vum Vollek, déi einfach Leit maache jo keng Politik.�? Dat heescht an anere Wierder, d’Regierung ass absolut an der Verantwortung?

Jean-Claude Juncker: Also, deem wëll ech mech net entgéint stellen. D’Regierung huet d’Verantwortung ze droe fir alles wat se gemaach huet. An déi déi méi laang an der Regierung sinn, hu Verantwortung ze droe fir dat Ganzt, och iwwer méi laang Zäitstrecke bezunn.

Mä deen Androck deen entstanen ass, datt mir a gudde Joeren Iwwerschoss haten, wat deemools hefteg kritiséiert ginn ass, an déi Iwwerschëss net einfach verpolfert hunn, mä an Investitiounsprojeten investéiert hunn, ass d’Äntwert op déi Kritik, déi ech heiansdo och héieren, wann ech duerch d’Stad ginn an d’Leit mech stoppen – dat ass jo dat Schéint hei zu Lëtzebuerg – a soen, elo sinn ech emol frou datt ech Iech hei begéinen, elo soen ech Iech emol wat ech denken. Mä d’Sue sinn net zur Fënster erausgeworf ginn. D’Sue sinn investitiounsméisseg abruecht ginn an zukunftsgestaltend Projeten. Där gëtt et vill, och am Beräich vun der Kultur.

Ech héieren dat dauernd, datt gesot gëtt, firwat hutt Dir dee Musée Pei do gebaut? Jo, Standuertpolitik ass net nëmme Senkung vun de Lounkäschten. Muncheree verwiesselt Standuertpolitik mat méi Profit fir déi déi et hunn. Fir mech ass dat e méi breede Begrëff. A mir hu vill Investitiounsgelder a Richtung Kultur, a Richtung Schoulen – d’Schoulen ass trotzdem en Zukunftsprojet – abruecht.

An dofir stinn ech, obschonn ech déi Kritik verstinn, där Kritik mat enger Äntwert entgéint. Et ass näischt gemaach gi wat net hätt solle gemaach ginn.

Guy Kaiser: Am Dezember hutt Dir 30 Joer Aktivitéiten an der Regierung gefeiert, dovunner 17 als [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Neen, ech hu se, Här Kaiser, net gefeiert. Et war e Joresdag, et war kee Jubiläum.

Guy Kaiser: Gutt, et war e Joresdag, mä ech ka mech awer un e ganz flotten Interview erënneren, wou mir zesumme mat Iech vläicht awer trotzdem déi 30 Joer, respektiv 17 Joer als Staatsminister, gefeiert hunn tëscht [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Begaangen hunn.

Guy Kaiser: Begaangen hunn, gutt.

Hutt Dir nach ni dru geduecht opzehalen? Oder anescht gefrot, ass et gutt fir eng Regierung esou laang vum nämmlechte Chef dirigéiert ze ginn? Et ass dat eng Fro vun der Madame Cécile Paulus vu Keespelt, respektiv och vum Här Patrick Hoss vun Diddeleng. Et kann een d’Fro och esou stellen: Ass et gutt fir Är eege Partei, esou laang den nämmlechten Dirigent ze hunn?

Jean-Claude Juncker: Also, meng éischt Suerg a mengem ministerielle Liewen ass net, fir Däitsch ze schwätzen, d’Wohlbefinden vu menger Partei. Et geet mir ëm aner Saache wéi d’Gléck an d’Zefriddenheet vu menger Partei. Dat ass och eng Suerg déi ech hunn, mä dat ass awer eng ënnergeuerdnet Suerg.

Ech sinn 30 Joer an der Regierung, an ech mengen elo geschwënn 18 Joer Staatsminister. Ech sinn dat net well ech geputscht hätt, ech sinn dat well meng Partei, a well ech selwer gewielt gi sinn, ech heiansdo ganz gutt. Dat ass déi nächste Kéier an där Form net reproduzéierbar. Ech soen Iech dat haut, net fir datt Dir mech quält mat Froen 2014, firwat datt ech manner Stëmme kritt hunn. Ech ginn dovun aus, datt ech manner Stëmme kréien, well iergendwou – bei 100% gëtt et eng Grenz, an ech war déi leschte Kéier a mengem Wahlbezierk am Süden, mat deene Leit sinn ech frou, no drun. Dat kann een, mengen ech, net dauerhaft reproduzéieren.

Neen, ech stelle mir déi Fro, éierlech gesot, dat ka Munchereen iwwerraschen, och. Et gëtt onwahrscheinlech vill Lëtzebuerger déi grouss gi sinn, an déi hunn ni en anere Staatsminister kannt. An den Androck gëtt jo geschuer, wéi wann de Staatsminister alleng géif d’Politik bestëmmen. Ech wéilt et wier esou, mä et ass awer leider net esou, ech muss dat jo mat aneren zesumme maachen, an dovu laange Joere mat Membere vun der Sozialistescher Partei, mat deenen ech ëmmer ganz gutt, a kollegial, a séier oft frëndschaftlech zesummegeschafft hunn.

Jo, ech hu mir och d’Fro gestallt, no esou vill Joeren, ass et gutt fir nach am aktive Geschäft ze bleiwen? Ech ka mir déi Fro selwer jo net integral beäntweren. Dat ass eng Fro, déi d’Leit sech musse beäntweren.

Mä ech hu vill Erfahrungen ugesammelt an deene Joeren, vill Problemer déi et hei am Land gëtt, an déi et an Europa gëtt, gesinn, a viller vun hinnen och behandelt. An ech hunn ëmmer nach Loscht. Ob d’Leit nach Loscht hu mat mir, dat ass eng Fro déi Dir de Leit musst stellen. Mä fir einfach ze soen, de Juncker deen ass midd, deen ass al, wësst Dir, dat mécht mech verdrësslech. Ech sinn heiansdo midd, dat huet net domat ze dinn [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat hutt Dir jo och scho selwer gesot gehat.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä lauschtert emol. Et gëtt ee midd vun der Aarbecht, et gëtt een net midd vun der Fräizäit.

Guy Kaiser: Bon, elo sidd Dir jo gläich nees zu 100% an exklusiv Staatsminister. Grad déi lescht zwee Méint, dat hat Dir am Interview viru Chrëschtdag gesot, ware jo fir Iech besonnesch haart. Dat misst jo da geschwënn nees besser sinn.

Ech hu fir dës Émissioun den Här Michel Wurth ugeruff, de Chef vun der UEL, also esouzesoen de Patron vun de Patronen, fir hien ze froen, wat hie sech vun Iech fir dëst Joer wënscht.

Michel Wurth (O-Toun): Datt mir kënne mat him zesummeschaffen, ënner sengem Leadership, well dat ass de Rôle vum Premierminister vu Lëtzebuerg. Hie war am Passé oft e Visionär fir d’Leit. Mir wëssen haut, datt mir eng Rei Problemer hunn. An et geet elo drëm fir an d’Zukunft ze kucken an déi Problemen ze attackéieren.

Kuerzfristeg sinn et finanziell Problemer déi mir musse léisen. Mä ech géif soen, kuerzfristeg musse mir awer och den Aarbechtsmaart an d’Rei kréien, well mir kréien ëmmer méi Chômage, obschonn d’Entreprisen nach nei Plaze kreéieren.

Mir musse kucke wéi mir laangfristeg, zweetens, eis Pensiounen an eis Sozialleeschtungen an den Equiliber bréngen.

Mir sti fir de Premier zur Verfügung am Sozialdialog, well mir gleewen nach ëmmer, datt et ouni Sozialdialog net geet. Allerdéngs, Sozialdialog heescht vu béide Säite give and take, an net einfach nëmmen ze soen, et dierf näischt ewechgeholl ginn an et muss ëmmer nëmmen dobäi kommen, well da geet d’Equatioun zu Lëtzebuerg net op.

Guy Kaiser: Elo hunn ech d’Impressioun, no deene villen Neijoschpätt déi et an der Lescht goufen, datt déi dräi Säiten – also Regierung, Patronat, Gewerkschaften – sech de gudde Virsaz geholl hunn, grad esou wéi anerer op Sylvester dann op eemol wëllen ophale mat Fëmmen, sech déi nächste Méint emol nees besser ze verstoe wéi dat déi leschte Joeren de Fall war.

Kann een dovun ausgoen, datt mir dann elo iergendwann eng Kéier en Zukunftsdësch géife kréien?

Jean-Claude Juncker: Also, ech wëll fir d’éischt emol e bësse bal mat Energie dem Androck entgéint trieden, ech hätt während där Zäit, wou ech Chef vum Eurogrupp war, d’lëtzebuerger Interessen net am Bléck gehat. Dat ass net de Fall [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat hunn ech och net behaapt, mä ech hu mech [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Neen, Dir net, mä Dir wësst, datt dat esou eng allgemeng Geschicht ass. Dir sot selwer – Dir hutt dat net esou gemengt wéi Dir et gesot hutt – elo hätt ech erëm 100% Zäit fir Lëtzebuerg.

Guy Kaiser: Dir hat selwer gesot, déi lescht zwee Méint, déi ware fir Iech extrem [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Neen, déi lescht zwee Méint waren effektiv esou, datt ech wéineg Zäit fir Lëtzebuerg hat. Dat muss ech einfach zouginn. Ech hat innerhalb vu 4 Woche 5 Sëtzunge vum Euro ze presidéieren, ech hat zwou Telefonskonferenze mat allen europäesche Finanzministeren. An dat war, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen, heavy. Dat war also schonn [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: An et ass dowéinst wou ech d’Formulatioun huelen, elo sidd Dir erëm gläich zu 100% [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, et gëtt elo gesot, den Typ dee Staatsminister ass, deen huet elo 8 Joer den Eurogrupp presidéiert an en huet sech net ëm d’Land bekëmmert. Dat ass net wouer.

Wësst Dir, ech war ëmmer am Cockpit. Et gëtt jo nom Pilot geruff, nom Leadership. Gelungenerweis gëtt gemengt, de lëtzebuerger Premier wier deen, deen déi exklusiv determinant Fonctioun an der lëtzebuerger Politik géif besëtzen. An et ass jo net esou. Mir hu jo eng Regierung, mir hunn e Parlament, mir hu Parteien. Also, et ass jo net nëmmen de Premier, deen hei am Land décidéiert wat geschitt.

Heiansdo, wann ech besonnesch am Selbstmitleid ënnerginn, denken ech mir, wann ech alleng eppes ze soen hätt, da géif alles besser goen. Mä ech zweiwele selwer drun, ob dat wouer ass.

Ech war am Cockpit, mä ech hunn net u Bord servéiert, esou datt all Passagéier mech gesinn hätten, well ech aner Saachen och hu misse parallel maachen. Mä ech hu meng lëtzebuerger Aarbechten ni vernoléissegt.

Ech hu schonn heiansdo gesot, och op Ärer Antenn, d’Woch huet 7 Deeg. Ech schaffe 7 Deeg. Ech hunn dat iwwerhaapt net gär, an ech wäert dat an Zukunft iwweregens och net méi maachen. Ech schaffen net méi 7 Deeg, 12, 13, 14, 15 Stonnen den Dag. Dat ass eriwwer. Ech hätt gär och Zäit fir mech a fir meng Leit.

Mä deen Androck, elo kënnt de Juncker erëm op Lëtzebuerg, e war esou laang fort, dat ass en Androck deen total falsch ass.

Zum Här Wurth wëll ech soen, jo, et gëtt no Leadership verlaangt, an ech gesinn och net richteg wou ech deen net ausgeübt hätt. All Problemer déi mir haut diskutéieren, si Problemer déi ech viru Joere scho beschriwwen hunn, mentionéiert hunn, explizéiert hunn, ouni datt grouss Kreeser vun der lëtzebuerger Gesellschaft dorop agaange wieren.

Wien huet da viru Joere vun der Pensiounsproblematik geschwat, wann net ech, a wann net ech bal alleng?

Wien huet vun der Rentemauer geschwat? Expressioun déi mir fréier an d’Gesiicht gehäit ginn ass, als den Hiweis dorop, datt ech géif eng asozial an antisozial Politik maachen. Haut schwätzt kee méi net dovun, datt et eng Rentemauer gëtt.

Wien huet vum 700.000 Awunner-Staat geschwat? Ech hu Streech kritt wéi ech dat deemools gesot hunn, well ech dat an Zesummenhang bruecht hu mat der Renteproblematik, déi no wéi vir eng wichteg Problematik ass.

Wien hält net op, a wien huet net opgehale vun der Noutwennegkeet vum Sozialdialog ze schwätzen, deen doranner besteet, datt jiddwereen e Schrëtt op deen aneren zoumécht? An ech hätt och gär, datt mir aus där Atmosphär vum Kale Krich tëscht de Sozialpartner erauskommen. Den Här Wurth huet Recht, jiddweree muss e Schrëtt maachen, mä och d’Vertrieder vun de Patronatsorganisatioune mussen e Schrëtt maachen.

Et ass net normal, ech akzeptéieren dat och net, datt déi Leit, déi 55 bis 60 Joer al sinn nëmme méi zu 55,9% zu Lëtzebuerg schaffen. Ass dat normal, datt déi Leit, déi 55 Joer al sinn – ech sinn och elo do ukomm, ech si schonn dräi Joer driwwer, Dir vläicht och, well esou gesitt Dir jiddwerfalls aus, oder?

Guy Kaiser: O Merci. Zweeanenhalleft driwwer.

Jean-Claude Juncker: 52,5?

Guy Kaiser: 57.

Jean-Claude Juncker: Majo, Dir gesitt och midd aus. Mä Dir sidd och Chefredakter. Dat ass esou bei de Chefen, déi gi méi séier al wéi anerer. Mä Dir sidd geschwënn do.

Ass dat normal datt wann ee 55, 56 Joer huet, datt een a sengem Betrib gesot kritt, et geet elo duer, fort? Wéisou verzichte mir op d’Energie vu Leit, op d’Wësse vu Leit, op d’Kënne vu Leit, op d’Erfahrung vu Leit déi e bësse méi al si wéi déi, déi elo just aus der Wéi gespronge sinn? Do mussen d’lëtzebuerger Betriber och eppes bréngen.

An déi Leit, déi keng Aarbecht hunn, déi mussen och natierlech bereet sinn och emol, iwwergangsméisseg op d’mannst, Aarbechten unzehuelen, déi net hirem Ausbildungsniveau entspriechen, oder, wa se keng Qualifikatioun hunn, dem Zoustand vun der net-Qualifikatioun entspriechen. Ass dat eng richteg Politik, eng richteg Vue vun de Saachen, datt déi déi net qualifizéiert sinn, net Aarbechte maachen, déi fir déi Leit do sinn déi net qualifizéiert sinn, an datt mir déi einfach duerch Auslänner ersetzen?

Ech hunn dëser Deeg, dat war e Beispill, dat war keng Krichserklärung, wéi ech dat heiansdo konnt liesen, gesot, déi Leit déi net qualifizéiert si mussen och bereet sinn an de Restauranten, an der Hotellerie ze schaffen. Ass dat dann normal, datt zu Lëtzebuerg kee Lëtzebuerger bal an der Restauratioun, an der Hotellerie schafft, während an der Belsch, am Frankräich, an Däitschland een an der Landessprooch ugeschwat gëtt? Zu Lëtzebuerg net.

Also, een deen net qualifizéiert ass an een dee wëll schaffen, muss jo och bereet sinn temporär eng Beschäftegung unzehuelen, déi net senge Wënsch entsprécht.

Ech hunn och scho a mengem Liewen dacks Aarbechtsperiode gehat, déi net onbedéngt menge Wënsch entsprach hunn. Mä ech wëll dat net matenee vergläichen, well dat gëtt näischt.

Guy Kaiser: Dir hutt elo e bësselche virgegraff, Här Staatsminister [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Pardon, ech wëll Iech hei net Äre Szenario kapott maachen.

Guy Kaiser: Neen, dat konnt Dir jo net wëssen. Dir waart, wéi gesot, dës Woch op der Neijoschréceptioun vun der Fedil. A wat de Jugendchômage betraff huet, Dir hutt et ugeschnidden, hutt Dir dat hei gesot.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Es kann doch nicht sein, dass wir hunderte, tausende junge unqualifizierte Arbeitslose im Arbeitsamt, mehr führen als betreuen, und dass sich geweigert wird in den Bereichen wo Arbeitsplätze entstehen, und wo Innovation stattfindet, dass da die luxemburgischen, oder die hier im Lande ansässigen jungen Arbeitslosen sagen, interessiert uns nicht. Es wird sie interessieren müssen.

Guy Kaiser: Bon, mä wéi gesot, Dir hat do schonn e bësselche virgegraff [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech kennen Iech.

Guy Kaiser: Ech Iech och an der Tëschenzäit. Wann Dir bal 18 Staatsminister sidd, dann hunn ech d’Halschent vu mengem beruffleche Liewe mat Iech verbruecht, also mir kennen eis [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Dat war zu Ärem Gudden.

Guy Kaiser: Mä wat kann dann elo d’Regierung do ënnerhuelen, wat [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Mä ech mengen, Här Kaiser, datt ee muss kloerstellen, oder ech muss kloerstellen, datt ech net wollt soen, datt déi jonk Leit net wëlle schaffen, obschonn et der vill gëtt déi net wëlle schaffen. Ech wollt just soen, datt mir mussen zu enger Astellung kommen, déi déi ass vun eiser Zäit. An eis Zäit jäitzt no enger Astellung, déi wëll, datt een déi Aarbechte muss unhuelen déi do sinn. An et gëtt jo dauernd Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschaaft.

A mir musse méi op Frontalieren, oder op Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen zréckgräifen, wéi datt mir kënnen op Lëtzebuerger déi zu Lëtzebuerg wunnen, an ech maache keng Differenz tëscht Lëtzebuerger a Leit déi hei am Land wunnen, zréckgräifen.

An ech hätt einfach gär, datt mir déi Aarbechtsplazen déi mir schafe besetze mat Leit déi hei am Land keng Qualifikatioun hunn, well déi mussen och am Ausland, wa se do wunnen, déi Aarbechtsplazen unhuelen déi zur Verfügung stinn. Also musse mir de Begrëff vun der Zoumuttbarkeet, dat ass dee Begrëff dee mir am aarbechtsmaartpolitesche Beräich gebrauchen, e bësse méi enk faassen.

Mir ginn zu Lëtzebuerg zum Beispill, dat hu mir elo ofgeschaaft, Hëllefe fir geografesch Mobilitéit. Wann ee méi wéi, ech soen elo, 20 Kilometer muss fueren, da kritt een extra Hëllefen. D’Leit zirkuléiere Samschdes a Sonndes permanent, pausenlos, iwwer den nationalen Territoire, ouni datt se e Mobilitéitsproblem hätten. Ma déi mussen och hir Mobilitéitsproblemer probéieren ze léisen an der Woch, wou et drëm geet fir ze schaffen.

Ech wiere mech dogéint, an dat maachen ech schonn, jo bal joerzéngtelaang, datt ee mengt, Aarbechtslosegkeet wier en Zoustand mat deem ee sech kéint ufrënnen. Aarbechtslosegkeet bekämpft een duerch Aarbecht. An da muss een och d’Leit op Aarbechtsplazen déi et gëtt, bréngen. Heiansdo muss ee se och zwéngen.

Mir sinn elo an enger méi enker finanzieller Situatioun ukomm, an dofir muss een Aarbechtskräften an déi Richtung mobiliséiere wou Aarbechtsplazen op si waarden. Ganz dacks loossen déi Aarbechtslos, besonnesch déi jonk, sech net an déi Richtung mobiliséieren.

Et ass keng Onéier fir an engem Restaurant ze schaffen. Et ass keng Onéier fir an der Hotellerie ze schaffen. Et gëtt iwwerhaapt keng Aarbecht hei zu Lëtzebuerg, wou et onéierenhaft wier hir nozegoen. Aarbecht ass Aarbecht, a jiddweree soll dat maachen no senge Fakultéiten, no senge Méiglechkeeten.

Dat wat net akzeptabel ass, dat ass datt ee fënnt, et géifen Aarbechtsplaze ginn déi fir déi aner wieren, fir déi déi aus der Friemt kommen, déi vu wäit ewech kommen, an net fir eis. Mir mussen esou gi wéi déi aner och, awer ouni datt mir en Attentat op d’Aarbechtsrecht maachen.

Elo war ech jo 30 Joer an der Regierung. An dunn hunn ech trotzdem awer nogeduecht. Ech hunn net ëmmer déi 30 Joer laang konstant nogeduecht, mä esou bei 30 Joer denkt een, wat hues de dann elo fäerdeg bruecht hei am Land?

An eng vu menge gréisste Performancen, Leeschtungen, bestännegen Iwwerzeegungen ass, datt mir 1989, dat ass schonn eng Zäit laang hier, e Kënnegungsschutz gemaach hunn, wat e rigiden ass, wat e strengen ass, wat de Leit eng Sécherheet op hirer Aarbechtsplaz soll ginn, datt mir dat ni fundamental ofgeännert hunn, och net während där Zäit, wou iwwerall am Ausland de Kënnegungsschutz an d’Aarbechtsrecht qualitativ sech no ënne beweegt hunn.

Ech sinn der Meenung, datt wann e Mënsch schaffe geet, 40 Stonnen d’Woch oder méi schaffe geet, datt hien da muss en Auskommen hunn, eng Pai hunn, déi him et erlaabt ze liewen. Dofir sinn ech och an Europa jo en Unhänger vun der Theorie, wat keng Theorie ass, mä vun där ech gär hätt, datt et eng Praxis géif ginn, datt jiddwereen, och Däitschland, e gesetzleche Mindestloun muss hunn.

Mä fir ze mengen, d’Kris kéint een nëmmen um Bockel, ech schwätzen elo wéi d’Gewerkschaftspresidenten, um Bockel vun de Beschäftegte léisen, doduerch datt een d’Rechter vun de Leit ewechhëlt, dat ass eng Attitude déi net meng ass. E Land, eng Natioun, d’Zesummegehéieregkeetsgefill vu villen, huet och mat der Atmosphär an der Gesellschaft ze dinn.

An ech soen dat nach eng Kéier, och wann d’Leit ëmmer fannen dat wier elo Sentimentalismus, an Aarbechterromantik: wa mäi Papp, mäi gudde Papp all 6 Méint hätt missten drop waarden, ob säin Aarbechtsvertrag géing verlängert ginn oder net, dann hätt ech ni eng Universitéit vu banne gesinn. Déi kleng Leit, där gëtt et jo hei am Land, einfach Leit, Leit déi hir Aarbecht maachen, déi brauchen eng gewësse Sécherheet. Sécherheet ka jo net nëmme fir d’Aktionäre sinn a fir déi déi Dividende kasséieren, Sécherheet muss och si fir déi Leit, déi séier a Précaritéit, a schwaach Verhältnisser erakomme wa se keng Planungssécherheet an hirem Liewen hunn.

Dofir, wat mat mir net stattfënnt, dat soen ech nach eng Kéier, an do kann all Mënsch am Beräich vun de Patronatsorganisatioune sech onendlech laang opreegen, mat mir fënnt keen Ofbau vun de Sozialrechter vun den Arbeitnehmer statt. Fir ze mengen e Land a säi Gléck a seng Zefriddenheet kéint een doduerch erbäiféieren, datt een deenen einfache Leit, déi sech ganz dacks net wiere kënnen géint d’Strengt vun der Zäit, hir Rechter ewechhëlt, dat fënnt mat mir net statt, fir datt dat definitiv kloer ass.

Guy Kaiser: De Message ass ukomm, Här Staatsminister.

Loosse mir nach eng Kéier op déi jonk Chômeuren zréckkommen. Ech mengen, et sinn der den Ament eng iwwer 4.000 déi eng Plaz sichen, déi ënner 30 Joer al sinn. Ech iwwerhuelen elo d’Argument vum Patronat: Wann de Mindestloun fir en Onqualifizéierten zu Lëtzebuerg esou héich ass, wéi dat den Ament nun emol de Fall ass, da kritt de Patron am Grand-Duché fir dat nämmlecht Geld e qualifizéierten Aarbechter aus der Groussregioun.

Jean-Claude Juncker: Et ass net esou, datt dat Argument total falsch wier. Dat géif ech och net behaapten. Ech kenne jo vill Patronen, virun allem aus dem Beräich Handwierk an Handel – dat sinn déi déi mir am Léifste sinn, well déi schafen Aarbechtsplazen, dat sinn déi déi d’Land virubréngen. Dat sinn och déi déi eng besonnesch Form vun ekonomeschem Patriotissem fleegen, well se probéieren hir Betriber, an domat op eng méi allgemeng Fassong eis Wirtschaft, virunzebréngen. An ech gesinn dat Argument an dat Element. Dofir hat ech proposéiert, wat ass aus där Propositioun eigentlech ginn?

Guy Kaiser: Wat hat Dir proposéiert?

Jean-Claude Juncker: Ech hat proposéiert, Dir hutt dach doriwwer bericht, denken ech.

Guy Kaiser: Sot mir just u wat Dir elo denkt.

Jean-Claude Juncker: Ma dach, ma Dir kënnt Iech dorun erënneren, wat Dir wéini um wéivill Auer wat fir een Dag gesot hutt, hei op Ärer Antenn.

Ech hat proposéiert datt, mir sollen zesumme studéiere fir eise Mindestloun bäizebehalen. Ech halen drop, datt et e Mindestloun gëtt, well ech der Meenung sinn, datt et e Mindestpräis fir Aarbecht gëtt, wann een Aarbecht engem Betrib zur Verfügung stellt. Mir solle probéieren ze kucken, datt Jonker déi keng Aarbecht fannen zum Mindestloun agestallt ginn, an datt de Staat géif een Deel vun deem Mindestloun iwwerhuelen. D’Patronatskreesser sinn net massiv dorop agaangen, obschonn e bëssen, an eenzel Gewerkschaften hu gesot, dat do géif net goen, well ech géif domat eigentlech zum Ausdrock wëlle bréngen, datt déi jonk Leit, déi esou eng Aarbecht géifen zum Mindestloun unhuelen, wou de Staat 1 Véierel géif bezuele fir se aus dem Chômage erauszekréien, ech wéilt deene jonke Leit eigentlech soen, si wieren déi Suen net wäert, déi se géife verdéngen.

Meng Suerg war fir deene klenge Betriber, deene klenge Patronen, där gëtt et jo hei am Land, an dat sinn am Regelfall dichteg Leit, déi d’Land an hire Betrib wëlle weiderbréngen, fir deenen ze hëllefe jonk lëtzebuergesch Onqualifizéierter anzestellen, anstatt datt se systematesch zréckgräife mussen op qualifizéiert Aarbechtskräften aus dem noen Ausland.

An ech fannen et méi gescheit, bon mä dat gesinn anerer, notamment eenzel Gewerkschaften anescht, ech fannen et méi gescheit mir stelle Leit déi keng Qualifikatioun hunn zum Mindestloun an, mir probéieren datt déi Leit am Betrib, doduerch datt se schaffen, Kenntnisser kréien déi se an d’Lag versetzen aner Aarbechtsplazen am Laf vun hirem Liewen unzestriewen, an anstatt Chômage ze bezuelen, bezuele mir een Deel vum Mindestloun.

Da gëtt mir gesot, dat do ass Lounsubventionéierung fir Betriber. Ech stelle just fest, et si 4.000 jonk Leit an Aarbechtslosegkeet. An ech soe mir, wann all Joer esou vill jonk Leit an Aarbechtslosegkeet sinn, an all Joer esou vill jonk Leit aus der Schoul kommen déi keng Qualifikatioun hunn, an dobäi kommen, op wat fir e Wee begi mir eis dann do? Ass et dann net méi gescheit, anstatt Chômage ze bezuelen, d’Leit ze bezuele well se schaffen, quitt datt mir da mussen de Betriber hëllefen déi Lounkäschte kënnen ze bezuelen. Doranner sinn ech ganz almoudesch. Ech sinn doheem geléiert ginn, datt ee schaffe soll.

Guy Kaiser: Dann nach vläicht e lescht Stéchwuert, ier mir eng kleng Paus maachen: Sozialleeschtungen.

Ganz kloer, de Staat muss dofir opkommen, op d’mannst säin Deel dovunner. Ma an der Tëschenzäit geet 1 Drëttel vun den Ausgaben an de Sozialsecteur. Wéi laang kënne mir eis dat dann nach iwwerhaapt leeschten?

Jean-Claude Juncker: Dat hänkt ganz dovun of, wéi een dat kategoriell betruecht.

Ech mengen, datt mir eis net all Sozialausgaben, déi mir de Moment hunn, op déi nächst 20, 30, 40 Joer kënnen leeschten, à moins datt de Wirtschaftswuesstem onwahrscheinlech géif usprangen, wouvun ech keng Ursaach hunn auszegoen. Also muss ee kucken, wat fir Sozialleeschtunge sinn no wéi vir gerechtfäerdegt, a wat fir Sozialleeschtunge kann ee vläicht an dem Volume vun der finanzieller Virleeschtung, déi de Staat erbréngt, no ënne corrigéieren.

Do stoussen d’Meenungen, och an der Regierung, och an der Koalitioun, och a menger eegener Partei, hefteg openeen. Mir diskutéieren dat jo. Et ass jo net esou, datt do nëmmen ee géing virsangen, an déi aner géifen ofhuelen. Mir hunn Diskussiounen a menger Partei, an der Regierung, an der Koalitioun iwwer déi Fro. Mä mir näheren eis dem Zäitpunkt, a mir hunn dat och scho partiell gemaach an deene leschte Joeren, wou mir eenzel Sozialleeschtungen no ënne musse bréngen.

Guy Kaiser: Dat ass dat wat Äre Parteipresident virun 2 Méint hei op dëser Plaz ugeschwat huet, vun der sozialer Selektivitéit. Wat ass dorënner fir Iech ze verstoen?

Jean-Claude Juncker: Ëmmer wann een iwwer sozialer Selektivitéit schwätzt, froen ech mech, wat mengt en dann domat genee? Well ëmmer wann ech Propositioune maache fir méi sozial Selektivitéit anzeféieren, gëtt dat direkt heftegst kommentéiert.

Mä ech si mir mam Michel Wolter, mengem Frënd Michel, doriwwer eens, datt mir all Sozialmoosname mussen op de Leescht huelen. An ech soen dobäi, datt ech net dee wäert sinn, deen hei, jo, déi sozial Mauer déi mir ronderëm eis Gesellschaft geluecht hunn, an innerhalb där mir eis bewegen, wéilt fundamental a Fro stellen. Ech fannen, zu modernem Staat, an zum Nodenken iwwer d’Bewegung vun de Mënschen an der Gesellschaft, gehéiert och e gewëssent Mooss vu sozialem Schutz. Dat ass den europäesche Sozialmodell, deen zu Lëtzebuerg besonnesch staark développéiert ginn ass. An ech wëll dee lëtzebuerger Sozialmodell net zerstéieren.

An ech ginn, éierlech gesot, och heiansdo rose wann ech liesen, och aus Gewerkschaftsfiederen, oder aus Zeitungsfiederen déi der Gewerkschaftsbewegung menge méi no stoen ze musse wéi anere Kräften an der Gesellschaft, datt mir hei amgaange wieren Austeritéitspolitik op d’Käschte vun de klenge Leit ze maachen, verstitt Dir.

Ech war jo bis e Méindeg Véierel vir 11, nächste Méindeg Véierel vir 11, mengen ech dann hätte mir d’Sëtzung hannert eis bruecht, President vum Eurogrupp, an ech hu mech mat villen Austeritéitspolitiken an Europa beschäftegt, an ënner villen och gelidden, well ech mir d’Liewensbedingunge vun de Mënschen a Griicheland, an a Portugal beispillsweis gutt virstelle kann. Mä dat wat mir hei zu Lëtzebuerg maachen, dat ass dach keng Austeritéitspolitik am eigentleche Sënn vum Wuert. De Konfuzius, deen net bei mir an der Partei war, deen huet gesot, wann d’Wierder hire Sënn verléieren, dann entsteet de Chaos. Mir sinn an enger chaotescher sozialer Diskussioun.

Eis Lëtzebuerger geet et wiesentlech besser wéi villen aneren an Europa, wéi villen aneren an der Welt. Mir hunn déi héchste Léin; mir hunn déi héchste Renten; mir hunn den héchste Mindestloun; mir hunn en fait den héchste Sozialschutz, esouwuel an de klassesche Beräicher vun der sozialer Sécherheet, wéi och an den annexe Beräicher.

Fir mech zu Lëtzebuerg dauerhaft beschreiwe mussen ze loossen vun Eenzelner, wéi wa mir hei géifen d’Land wëlle sanéieren op Käschte vun de klenge Leit, ass eng graff Ligen.

Guy Kaiser: Här Staatsminister elo hu mir scho villes geschwat. E bësselchen Erbloses fir de Mëttesjournal, dann huele mir en neien Ulaf, dann ass alles ëffentlech, ganz geheim also, Stéchwuert Geheimdéngschtaffär.

[Noriichteniwwerbléck vum David Wagner]

Guy Kaiser: Net nëmmen iwwer Aueren a Bommeleeër schwätzen, war déi virescht Woch den Appel vu Patronatssäit. Den éischten Deel vun eisem Gespréich mam Staatsminister hu mir effektiv méi an de Kontext gesat vun der wirtschaftlecher a finanzieller Situatioun vum Land.

Am zweeten Deel geet et dann awer zu engem gudden Deel ëm déi esou genannte “Geheimdéngschtaffär�?. Et muss ee jo gestoen, datt déi Affär un d’Fëllement geet vun eiser Demokratie. Do schwätzt de fréieren Direkter vum SREL mat Iech, Här Juncker, an enregistréiert dat Gespréich. Et geet da weider Rieds vun engem Enregistrement, deen net bewisen ass, vun engem Gespréich tëscht dem Grand-Duc an Iech. A wann een no den zwou leschten Enquêtëkommissiounen eng éischt Conclusioun soll festhalen, kann dat nëmme sinn: alles vill am Niwwel, de SREL eng Blackbox, de fréiere Chef Marco Mille huet selwer vun engem kompartimentéierte Service geschwat, wou kaum ee wosst wat deen anere géif maachen. Dir, Här Staatsminister, sidd de Chef vum Geheimdéngscht. Et besteet d’Gefor, datt d’Vertrauen an eis Institutiounen an d’Politik staark ofhëlt.

Jean-Claude Juncker: Här Kaiser, ech sinn net de Chef vum Geheimdéngscht. Ech sinn de politesche Responsabele fir de Geheimdéngscht. Ech sinn net am deegleche Geschäft involvéiert. Dat ass eng net Differenz, besonnesch wann et ëm deen Déngscht geet, deen eben essentiell geheim ass.

Ech wëll hei dem Androck entgéint trieden, datt dat e Service wier dee chaotesch géif fonctionnéieren, wat och op Ärer Antenn pausenlos widderholl gëtt.

Ech hu mir ganz vill Méi gi mat deem Déngscht, mä ech muss awer éierlech zouginn, datt ech mir méi Méi hätt misste gi mat deem Déngscht. Mä ech si kee Geheimdéngschtfreak. Ech hu vun deem éischten Dag u wou ech Staatsminister gi sinn, dem Chef vum Geheimdéngscht gesot, ech wéilt net eppes hu wat no innepolitescher Spionage géif richen, well ech sinn net voyeuristesch opgeluecht, wann et ëm d’Meenungen an ëm d’Iwwerzeegungen an d’Behuele vun anere Mënsche geet déi Politik maachen oder déi an der Gesellschaft aktiv sinn. Ech hu mir Méi ginn d’Saachen ze uerdnen a sinn och nach ëmmer domat amgaangen.

An dat ass eng Affär – well et ass eng Affär, et ass keng Saach wéi Wickréng-Léiweng dat war eng Saach, dat hei ass eng Affär – ech si beméit all Froen déi gestallt ginn ze beäntweren. Dat hëlt mir vill Zäit ewech, muss ech éierlech soen, déi vläicht besser ugewand wier an anere Beräicher.

Mä Froen déi gestallt ginn, och am Parlament vun der Enquêtëkommissioun, an esou virun, déi muss ee beäntweren, et kann een net soen, ech hunn aner Saachen ze dinn, ech kann Iech elo dorop net äntwerten. Dat geet net. Ech si responsabel, ergo muss ech déi Froen déi opkommen adäquat beäntweren. Dat maachen ech och d’nächst Woch, e Freideg de Mëtteg, an der Enquêtëkommissioun vun der Chamber. An ech wëll Iech direkt warnen, drop opmierksam maachen, datt Dir net President vun der Enquêtëkommissioun hei sidd. Dat ass den Här Bodry. An ech beäntweren all Froen déi gestallt ginn an der Chamber an net um Radio.

An och an der Chamber, muss ech soen, an ëffentlecher Sëtzung. An ech froen zu kengem Moment eng Geheimsëtzung. Dovun halen ech guer a glat näischt, well et kënnt souwisou alles eraus, an et huet och kee Wäert fir dat net an ëffentlecher Sëtzung ze beäntweren. Ech si verantwortlech virun der Chamber a virum Land, also muss ech all Froen déi gestallt gi sinn an ëffentlecher Sëtzung beäntweren.

Ech wëll allgemeng gefaasst soen, nodeem ech gesot hunn, ech wier kee grousse Freak vu Geheimdéngschter, ech hu mech, vun un datt ech Staatsminister sinn – virdrun hat ech domat näischt ze dinn – an der Flicht gespuert – dat gleewen d’Leit mir, oder si gleewen et eben net, a wa se et net gleewen ass dat mir och nach egal, et geet hei ëm mech – ech hu mech verantwortlech gespuert fir d’Sécherheet hei am Land. Bedroung vu baussen, Bedroung déi vu banne ka kommen. An ech hunn iwwerhaapt net Wëlles, net an der Chamber an och net hei, Iech ze beschreiwe wéi dat gemaach gëtt.

Ech hu meng Aufgab gemaach, déi war net ëmmer einfach. Wësst Dir d’Police intervenéiert wa geschoss ginn ass. De Geheimdéngscht intervenéiert ier geschoss gëtt.

An ech hunn dat ze géréieren no beschtem Wëssen a Gewëssen, well ech mech zoustänneg spieren, jo, fir d’Sécherheet vun den Institutiounen a fir d’Sécherheet vun de Leit. Dat ass net einfach. Dat ass heiansdo e groe Beräich, deen ech awer net Wëlles hunn ze erklären. Ech hunn, ech wëll dat esou pathetesch ausdrécken, meng Flicht gemaach.

Guy Kaiser: Mir haten haut virun enger Woch, Dir hutt et bestëmmt gelauschtert, eng Table ronde mat dräi [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Neen, dat hunn ech net, mä ech hunn et geliest.

Guy Kaiser: ... mat dräi politesche Parteien aus der Oppositioun am Studio. De Max Theis hat d’Fro esou formuléiert, an Däitschland hätt de Regierungschef scho längstens missen démissionéieren. An den Här Claude Meisch vun der DP huet esou reagéiert.

Claude Meisch (O-Toun): Bein, ech mengen, datt de Premierminister deemnächst eng Kéier hei op dësem Dësch wäert sëtzen, da misst een him déi Fro do stellen, a wéi wäit hie mat deem Wësse wat hien huet, hie weess jo sécherlech méi ronderëm déi Affär do wéi e bis ewell gesot huet, wéi mir alleguer wëssen, ob hien der Meenung ass, datt hie weider kéint rouege Gewëssens Premierminister bleiwen, politesch Responsabilitéit och fir dee Geheimdéngscht do halen, mat deem wat hien ze veräntwerten huet.

Guy Kaiser: Et goufe jo awer eng Partie Dysfonctionnementer, ech mengen, dat kann een elo net ligenen. Hutt Dir e rouegt Gewësse beim deem Ganzen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn e rouegt Gewësse bei deem Ganzen, well ech mat deenen Dysfonctionnementer, oder mat illegalen Écouten déi gemaach gi sinn, näischt ze dinn hunn. Am Géigendeel, ech hu gefrot, de Geheimdéngschtchef gefrot, hie soll mir präzis nosichen, ob et net Illegalitéiten am Écoutëberäich ginn hätt.

Wësst Dir, ech sinn e ganz pingelege Mënsch wann et ëm d’Telefonsoflauschtere geet. Ech schécken der Kontrollkommissioun vum Parlament, déi fir d’Kontroll vum Geheimdéngscht zoustänneg ass, op eng egal Fassong eigentlech mam Staatsminister, ëmmer Kopië vun allen Telefonsoflauschtereien déi gemaach ginn. Ech autoriséieren déi nëmmen an deene Beräicher wou de Geheimdéngscht zoustänneg ass, wann déi dräi Magistraten, déi mech beroden domat averstane sinn. Heiansdo autoriséieren ech se och net, wann déi allen dräi domat averstane waren, well ech fannen, datt dat eng Oflauschterei net géif zwéngenderweis no sech zéien. An ech kann dofir rouege Gewëssens Staatsminister bleiwen.

Mä ech hu mir awer selbstverständlech d’Fro gestallt, ob en aneren a menger Positioun, mat menge Moyenen dat besser gemaach hätt. An et gëtt jo eng Rei vu politesche Konkurrenten, dat si jo keng politesch Partner, déi den Androck ginn, si hätten dat eigentlech besser gemaach. A wann ech zum Schluss kommen, datt ech do menge Flichten net nokomm sinn, datt ech do ze naiv war – ech war an deem Sënn naiv, datt ech ëmmer de Leit Vertraue gemaach hunn, wéi soll ech dann anescht kënne liewen, et gëtt bal 60 Geheimdéngschtagenten, ech kann deene jo net dee ganzen Dag nolafen. Ech hu gesot, schreift eemol de Mount op, wat dir do ganz genee maacht. Dat kréien ech och zënter, ech mengen, 2009. Mä wann ech zur Conclusioun kommen, ech sinn net gutt fir déi Aarbecht ze maachen, jo, da muss ech doraus d’Konsequenzen zéien. Ech soen dat elo net fir de Leit Loscht drop ze maache fir a Richtung vu menger Demissioun ze schaffen, obschonn et jo Eenzelner gëtt, déi dat maachen.

Mä wësst Dir, 18 Joer Staatsminister, 30 Joer an der Regierung, ech loosse mech awer net dreiwen als een dee beméit war Sécherheetsbedingungen hei am Land esou hierzestellen, datt ech och d’Gefill kann hunn, wann ech owes schlofe ginn, elo hues du dat gemaach wat s de ze maachen has. Ech loosse mech net do bis hannenhin dreiwen.

Mä déi einfach Virstellung, fir ze mengen, well do eenzel Saachen net fonctionnéiert hunn, dat ginn ech jo zou, ech hunn och un der Behiewung vun deenen Dysfonctionnementer geschafft, well ech heiansdo och den Androck hat; fir dann einfach ze mengen elo, de Problem wier geléist, wann ech géif aus der Landschaft verschwannen, ass vläicht eng einfach Virstellung vun der Tatsächlechkeet vun de reale Virgäng.

Guy Kaiser: Eis Nolauschter interesséiert déi Affär natierlech och. Hei e ganz kuerzen Zësummeschnëtt.

Nolauschterer (O-Toun): Bommeleeëraffär, SREL, Mille a Compagnie, Premier, huet hien d’Wouerecht gesot, oder ass do alles nëmme Veraarschung vun der ganzer Bevëlkerung? Dat ass déi Fro déi ech mir stellen. Et ass e Skandal. Et ass wéi den Affekot et seet, et ass eng Schan wéi mir behandelt ginn als Vollek. Et ass keng Demokratie, et ass einfach Veraarschung, komplett vun hanne bis vir vun alleguer eise Leit, well do Saachen einfach vun hanne bis vir vertuscht ginn, fir gewësse Leit ze protégéieren.

Här Juncker, wier et net un der Zäit, datt Dir awer elo géingt ophalen, nodeems wat mir héieren hu mat Ärem Chauffer, deen am SREL engagéiert war.

Firwat datt do elo an der Woch wou den Här Mille gehéiert ginn ass, datt do zum Schluss wou d’Saach ugefaangen huet interessant ze ginn, datt do e Huis clos stattfonnt huet, dann ass et net méi transparent a mengen Aen. An déi zweet Fro ass, firwat eise Grand-Duc menacéiert ginn ass. Ech mengen, d’Vollek hätt e Recht do drop dat ze wëssen.

Guy Kaiser: Héiert sech haart un. Ech ginn emol dovun aus, Dir hutt bis ewell ëmmer d’Wouerecht gesot. Et ass d’Stéchwuert vun der Transparenz gefall. Mengt Dir, datt déi Transparenz géif kommen?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt déi parlamentaresch Enquêtëkommissioun no maximaler Transparenz freet. Dat halen ech fir e berechtegte Wonsch, well d’Parlament vertrëtt jo en Fait d’Leit hei am Land. Mä fir einfach esou Zesummefaassungen ze maachen, wéi deen éischten Nolauschterer dat gemaach huet, fir ze soen, Stay Behind, Bommeleeëraffär, Mille, Juncker, Geheimdéngscht – wësst Dir, ech loosse mech awer net egal a wat fir eng Rei do arrangéieren.

Ech hu mam Stay Behind näischt ze dinn. Ech weess och net, ob d’Leit iwwerhaapt wësse wat de Stay Behind war. Ech hunn d’parlamentaresch Kontrollkommissioun vum Parlament opgefuerdert, mir e Bericht iwwer de Stay Behind ze maachen, wéi och iwweregens e Rapport iwwer de Fonctionnement vum Geheimdéngscht. Firwat mengt Dir dann, datt ech d’parlamentaresch Kontrollkommissioun gefrot hätt e Bericht iwwer de Fonctionnement vum Geheimdéngscht ze maachen, wann ech der Meenung gewiescht wier, do géife sech keng Froe stellen? An dat wat d’Kommissioun zesummegedroen huet, dat ass d’Material, huet och Agank fonnt an en Avant-projet de loi, dee mir am Minstère d’État iwwer d’Reform vum Geheimdéngscht gemaach hunn.

Mir hu jo eréischt 2004 e Gesetz gemaach, e richtegt Gesetz, well 1960 dat war éischter eng Esquisse vu Gesetz, wéi e richtegt fundamentaalt Gesetz. Et war mir ëmmer kloer, datt mir no e puer Joer missten iwwerpréiwen, ob dat Gesetz géif agehale ginn, wéi dat Gesetz géif fonctional sech ausgestalten. Dorunner hu mir geschafft, an dorunner schaffe mir och virun.

Deen allgemengen Androck hei am Land, an dat geet mir déck op den Nerv, deen doranner besteet fir ze soen, also déi Politiker do, déi korrupt sinn, déi net éierlech sinn, déi d’Wouerecht net soen, déi an hir eegen Täsch schaffen, déi soen eis d’Wouerecht net, well si sech ënnerteneen, oder si, aner Kreeser an der Gesellschaft wëlle schützen. Mir geet dat op de Wecker [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Ech gleewen Iech dat, mä [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, ech wëll Iech just soen, iergendwou hält et op.

Dat ass jo awer net normal, datt ee sech muss beschreiwe loosse wéi en halwe Gangster, wéi een deen d’halleft Land oflauschtert, wéi een deen a seng eegen Täsch schafft, wéi e korrupt Schwäin, fir emol Lëtzebuergesch ze schwätzen, well hei ass jo och vu Veraarschung geschwat ginn, dat si jo déi Affekotentermen déi um Radio verbreet ginn, an déi natierlech epigonenhaft Imitateuren am lëtzebuerger Publikum fannen. Mir geet dat duer.

Ech wëll hei net erklären, well ech fannen dat lächerlech, datt ech en éierlechen Typ sinn. Mä ech muss mech jo awer net hei beschreiwe loosse wéi e Kriminellen. Et geet elo duer mat deene Saachen. Ech maache meng Aarbecht wéi déi aner Leit hei am Land och, an ech muss mech net pausenlos beleidege loossen.

Guy Kaiser: Mä et ass e bësselchen dat wat den Ament d’Stëmmung ënner verschiddene Leit ass. Dir hutt virun e puer Minutte selwer gesot [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, dovu schwätzen ech! Wann déi Stëmmung virugeet, dann hunn ech keng Loscht méi.

Ech war dëser Deeg mat mengem Frënd Henri Grethen iessen. En ass net bei mir an der Partei, wéi Dir wësst. E Privatgespréich. Ier ech zréck um Büro sinn, läit schonn eng Foto op mengem Büro aus enger Publikatioun déi allwëchentlech zu Lëtzebuerg erschéngt, an déi scheinbar kee liest, mä gelungenerweis déi awer verkaaft gëtt, wou dann eng Foto ass wou ech mam Henri Grethen iessen, a wou sech dann d’Fro gestallt gëtt, wat hunn déi zwee matenee geschwat. Mä zut. Ech wëll awer nach als normale Mënsch an engem normale Land kënne liewen. Ech sinn awer net dee leschten Dreck.

Guy Kaiser: Dat do ass elo e Fall vun enger Kommunikatioun déi extrem séier ass hautdesdaags, gell.

An deem Fall wou mir elo schwätzen, vun der Geheimdéngschtaffär, Dir hutt selwer gesot, et ass eng Affär, do ass et och eng Saach vun der Kommunikatioun, an do mengt een heiansdo, well mir – Dir hutt et virun e puer Minutte selwer gesot – et goufen Dysfonctionnementer. An déi Kommunikatioun ënner dem Vollek, déi kënnt dach lues virun. Dir sot vläicht berechtegterweis, lues, fir datt se esou transparent wéi méiglech ass. Do bleift da bei de Leit eppes iwwereg, jo, soll dat do dann [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech hu jo, Här Kaiser, eigentlech e relativ prononcéiert Verständnes fir den Onmut vun de Leit am Zesummenhang mat där Affär, a mat dem Ëmgang mat där Affär.

An e Geheimdéngscht schafft nun emol geheim. An do kann een net alles soen, et deet mir Leed. Ech kann hei net soen, net um Radio an och net an der Chamber, wie vum Geheimdéngscht observéiert gëtt. Dat si wéineg Lëtzebuerger, dat ass manner wéi 1%, wann ech dat esou kucken. Mä ech kann dach net hei um Radio soen an net an der Chamber an ëffentlecher Sëtzung soen, a Geheimsëtzung wëll ech eben net, wien de Geheimdéngscht observéiert.

Wien interesséiert dat dann, wien de Geheimdéngscht observéiert? Et interesséiert d’Leit, well se gär wéissten, maachen déi eng sérieux Aarbecht oder net. Déi maachen am Prinzip eng sérieux Aarbecht. Muss ech dann elo an der Chamber oder hei um Radio soen, wie mir do observéieren? Mengt Dir wierklech, dat wier gescheit? Mengt Dir [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Selbstverständlech neen, selbstverständlech net.

Jean-Claude Juncker: Et gëtt no Transparenz geruff. Ech kann dach net hei soen, an och net an der Chamber soen an ëffentlecher Sëtzung, an der Geheimdéngschtkontrollkommissioun kann ech dat maachen, an dat maache mir och periodesch, also d’Direktere vum Service, wie mir do observéieren. Mir warnen déi jo just. Mir soen deene jo just, passt op mir hunn iech am Bléck.

Also lauschtert emol, e Geheimdéngscht ass geheim. Ech soen net ,datt alles geheim muss sinn, wat geheim ass um Geheimdéngscht. D’Chamber huet duerchaus d’Recht an d’Flicht ze froen an ze wëssen. Mä ob awer och déi d’Recht hu gewuer ze ginn datt se observéiert ginn, déi observéiert ginn aus gudde Grënn, aus ganz gudde Grënn, dat ass awer eng Fro déi ech mir stellen.

An Transparenz ass esou eppes, wat sech just u mech adresséiert, gelungenerweis. Wéi wann ech elo kéint an d’Chamber goen, oder hei op de Radio kommen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir sidd de Responsabelen.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech sinn de Responsabelen, mä well ech responsabel si wëll ech a kann ech och ënner Folter net alles soen. Ech sinn zoustänneg fir d’Sécherheet diesbezüglech hei am Land. A wa gefrot gëtt, Juncker géi, well s de eis net alles wëlls soen, jo, da muss ech goen.

Mä ech weess, firwat datt ech wat maachen. An ech maachen dat net aus unlautere Motiver, mä well ech mech zoustänneg spiere fir d’Sécherheet hei am Land. A mir hunn och terroristesch Bedroungen hei am Land, och wann dat net opfält. An do gëtt total Transparenz verlaangt, mä just vu mir.

Ech liesen an enger lëtzebuerger Wochenzeitung, datt Journaliste vun RTL dem Här “M�?, deen à l’origine steet vu Munchem wat mir elo hei erliewen, Stëmmprouwe vu mir ginn hunn. Firwat huet dann RTL dem Här “M�? Stëmmprouwe vu mir ginn? Dir sidd dach Chefredakter hei. Firwat hunn Är Leit dat gemaach?

Guy Kaiser: Dat entzitt sech komplett menger Kenntnis.

Jean-Claude Juncker: A wann ech dat soen, sinn ech e Ligener. Wann ech esou eng Äntwert ginn, léien ech. An Dir sot: “Ech weess dat net.�?

Guy Kaiser: Wéisou hätte mir do Stëmmprouwen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech weess et net. Dat stoung an enger Zeitung. Et ass mir och egal. Ech stelle just fest an enger Zeitung steet, RTL hätt dem Här “M�? Stëmmprouwe vu mir bruecht. Ech weess net, wat mat deene Stëmmprouwe geschitt ass, ech weess och net ob dat stëmmt.

Mä wann ech Iech froen, Här Kaiser, géint deen ech näischt hunn, dat wësse mir, mir kennen eis jo scho laang, ouni Kompliz ze sinn, well dat ass keng gutt Bezéiung tëscht Journalisten a Politiker, ech froe mech just, wosst Dir dat? A wa se mech an der Chamber oder soss éierens froen, wosst Dir, datt do illegal Écoutë gemaach gi sinn, an ech soen, ech weess dat net, da soen d’Leit, ha, de Juncker ass amgaangen ze léien. Ech soen elo awer net, datt Dir litt. Mä Dir wësst dat net. Dir gitt hei zou, datt Dir dat net wësst als Chefredakter.

Guy Kaiser: Jo.

Jean-Claude Juncker: Okay.

Guy Kaiser: Dont acte den Ament, mä natierlech muss ech där Saach nogoen.

Jean-Claude Juncker: Ma da sot deenen Hären, déi Stëmmprouwen iergendwou hi bruecht hu vum Staatsminister, ob si dat gemaach hunn, firwat datt se dat gemaach hunn a wat domat geschitt ass?

Guy Kaiser:Selbstverständlech. Bon, méi kënne mir elo iwwer dat do op der Antenn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, esou dat ass. A wann ech an der Chamber soen, doriwwer muss ech nodenken, ech muss dat nokucken, da gëtt gesot, ah, elo zitt e Waasser.

Ech soen net, datt Dir Waasser zitt. Mä ech soe just, wann ech esou äntwerten wéi Dir mir elo geäntwert hutt, da seet d’ganzt Land, de Juncker ass amgaange Waasser ze zéien. Esou ass d’Liewen, në.

Guy Kaiser: Mä sidd Dir an där ganzer Geschicht awer net heiansdo vläicht e bësselchen ze vill guttgleeweg gewiescht, oder liichtfankeg?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Guy Kaiser: Ech denken do zum Beispill un dat Gespréich wat den Här Mille mat Iech enregistréiert huet. Wéi Dir et gewuer gi sidd, Dir hutt eréischt 6 Méint duerno d’Kontrollkommissioun an d’Bild gesat. Ass dat fir Iech en normale Werdegang fir esou [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Also, éischtens ass et net normal, datt esou e Gespréich enregistréiert gëtt.

Guy Kaiser: Selbstverständlech, jo.

Jean-Claude Juncker: Wéini datt ech de fréiere Geheimdéngschtchef mat deem Gespréich konfrontéiert hunn, weess ech net. Mä hie sot an der Chamber, dat wier am Dezember 2008 gewiescht. Den Här Goerens, e respektabele Mann, staatsmännesch eigentlech profiléiert, dee seet op Ärer Antenn, mengen ech, ech hätt him dat am Mäerz gesot. Da ginn ech emol dovun aus, datt dat esou war, mä ech hunn déi Datumen do net beieneen.

Ech stelle mir haut vir, mä doriwwer muss ech jo an der Chamber Ried an Äntwert stoen, datt ech doriwwer nogeduecht hunn, mä déi Date si mir, wéi gesot, net an dauerhafter Erënnerung bliwwen.

Mä ech hu jo awer den Här Goerens, als President vun der Kontrollkommissioun vun der Chamber, Geheimdéngschtkontrollkommissioun, doriwwer informéiert. An deen huet mech dann 3 Méint duerno an d’Chamberkommissioun geruff, an d’Kontrollkommissioun, an ech hunn och nach eng Kéier am Laf vum Joer 2009 do an där Kontrollkommissioun Ried an Äntwert gestanen. Dat musse mir da während den Aarbechte vun der Enquêtëkommissioun am Detail, insofern wéi dat méiglech ass, klären.

Ech féiere jo periodesch Gespréicher mam Chef vum Geheimdéngscht. Dat do ass ee Gespréich. Et si Gespréicher virdru ginn, et si Gespréicher duerno ginn. A wéi ee mech dann do ka festneelen op ee Gespréich, op zwou Minutte vun engem Gespréich, dat bleift mir schleierhaft. Dir féiert dach och Gespréicher. Gespréicher ass normalerweis eng Suite vun Dialogen, déi een hat. Wéini ee wat fir d’éischt erörtert huet, dat kann een net un engem Gespréich festmaachen. Ech kann dat och net notracéieren.

Et gëtt eng selektiv Wahrnehmung vun deem Gespréich. An deem Gespréich soen ech nach eng Kéier – ouni Ursaach, well ech hat dem Här Mille dat schonn, dem Chef vum Geheimdéngscht, öfters gesot – et dierft keng esou genannten innepolitesch Spionage stattfannen. Dee seet mir do, jo mä am Ufank vun der Entsteeungsgeschicht vun der Grénger Bewegung wieren och do Observatioune gemaach ginn. Ech soen do roueg, dat wier iwwerhaapt net noutwenneg gewiescht. Firwat kommen déi Saachen eigentlech net op d’Tapéit aus deem Gespréich? Firwat gëtt sech just op eppes konzentréiert, wat verworre war, wéi ee feststellt wann een dat liest? Ganz gelauschtert hunn ech dat en fait ni, mä et gëtt jo ofgedréckt.

Et dierf ee jo Gespréicher déi ech mat engem féieren an déi opgeholl ginn, déi dierf ee jo ofdrécken. Et dierf een déi Gespréicher och um Radio dauernd zirkuléiere loossen. Wie schwätzt eigentlech vu menger Privatsphär? Wie schwätzt vu menger Privatsphär? Ech fille meng Privatsphär iwweregens net violéiert, well ech [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat war jo awer deen Ament kee Privatgespréich.

Jean-Claude Juncker: Jo eben, ech si Staatsminister, an dee Mann ass Chef vum Geheimdéngscht. Mä trotzdem sinn ech dorunner bedeelegt.

Ech kréien elo virgeworf vun Eenzelner, d’Privatsphär wier vum Geheimdéngscht net ëmmer respektéiert ginn. Mä meng Privatsphär, wat ass mat där? Mä ech hu fonnt, ech war Staatsminister do, an ech muss net op alles sprange wat dee Moment, an där Sekonn een zu mir seet, scho guer net wann dat vläicht Elementer waren, déi mir soss scho besprach hunn.

Deen aneren Dag, virun 2, 3 Méint, kommen ech Owes Heem, um halwer 10, esou laang schaffen ech, an do steet eng Fra bei mir um Trottoir. An déi kënnt op mech zou, déi kräischt, an déi seet, si wier eng Asylantin a si géif elo an deenen nächsten Deeg ausgewise ginn. An dat beweegt mech, well esou Problemer si mir en fait net egal. An da soen ech zu mengem Chauffer, hei gëff mir emol däi Bockel, esou hunn ech gesot, da schreiwen ech där Madame meng Telefonsnummer op, an dann zielt si mir hir Geschicht. An eng Woch duerno steet an enger lëtzebuerger Publikatioun de ganze Wortlaut vun deem Gespréich wat ee mat mir opgeholl huet, iwwer en Handy, wat ee Journalist, oder e Reporter, oder e Mataarbechter, ech weess net wéi ech déi Leit soll qualifizéieren, mat ofgelauschtert huet.

Hunn ech dunn eng Plainte gemaach? Hunn ech do fonnt, mäi Privatliewe wier violéiert ginn? Sinn ech manner wäert wéi déi aner Leit hei am Land?

Also, ech loosse mir villes gefalen an ech si guer net pingeleg wann et ëm meng Privatsphär geet, a ganz pingeleg wann et ëm aner Leit hir Privatsphär geet. Huet een do enquêtéiert? Huet keen dat gemierkt, huet keen dat geliest? Wann déi Zeitung net géing geliest ginn, da wier se jo scho längst Faillite. Also wëll ech Iech soen, ech gi [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir schwätzt do vun enger bestëmmtener Zeitung, Här Staatsminister, dat do hunn ech net geliest, well ech liesen déi net.

Jean-Claude Juncker: Voilà, ech liese se och net, mä dat ass mir awer rapportéiert ginn, an do hunn ech et geliest.

Ech wëll just soen, ech hätt gär, éierlech gesot an dat ass mir eescht gemengt, ech maachen hei meng Aarbecht, gutt oder schlecht, dat ass jo un de Leit fir dat ze appréciéieren. Mä et gëtt awer Grenzen am Ëmgang mat deem, deen de ganzen Dag net fir sech schafft, well ech kéint jo och aner Saachen am Liewe maachen, ech wëll awer iwwerhaapt keng aner Saachen am Liewe maachen. Ech dierf dach fir mech d’Recht beanspruchen, mindestens esou respektéiert gi wéi déi aner Leit hei am Land.

Guy Kaiser: Bon, et si Leit an der Tëschenzäit [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Mä ech wëll op mäi Chauffer zréckkommen, déi Fro hat Dir gestallt. Dat gëtt jo elo an der Press [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Ech hat se nach net gestallt, ech wollt se stellen.

Jean-Claude Juncker: Dir hutt vu mengem Chauffer geschwat, dorop äntwerten ech selbstverständlech an der Geheimdéngschtkommissioun.

Mä mir sinn op engem Niveau vu lamentabeler Mediocritéit ukomm, wou esouguer meng Mataarbechter mat an d’ëffentlecht Gespréich bruecht ginn. Déi hunn och Rechter.

Guy Kaiser: Gutt, da waarde mir do Är Aussoen of, déi Dir dann an der Enquêtëkommissioun maacht.

Mä sinn och net soss Saachen, wou engem awer, wou een e grousst Fragezeichen op d’mannst op der Stier huet? Fir nach eng Kéier ganz kuerz, an da musse mir esou lues Schluss maachen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, also mir halen d’Leit laang op, dat muss ech soen.

Guy Kaiser: Wann ech op dat Gespréich zréckkommen tëscht dem Här Mille an Iech, do huet den Här Mille vun enger Zesummenaarbecht geschwat vum groussherzoglechen Haff mam britesche Geheimdéngscht, dem MI6. Elo heescht et dann, am Huis clos vun der Enquêtëkommissioun hätt hie gesot, do muss ech dann de Conditionnel benotzen, esou e Verdacht wier eigentlech falsch.

Fannt Dir dat normal fir e fréiere Chef vum Geheimdéngscht, fir d’éischt Saachen an d’Welt setzen, an dann u sech als Conclusioun quasi ze soen, et war awer Blödsinn? Fannen ech net normal, dat do. An da fannen ech et awer normal, datt d’Press sech fir déi Saach interesséiert.

Jean-Claude Juncker: Also, ech fannen et net anormal, datt d’Press sech fir déi Saach interesséiert, obschonn ech et anormal fannen, datt d’ganz Press dat Gespréich tëscht dem Här Mille a mir ofdréckt. Wann Är Gespréicher mat Äre Redakteren hei um Radio géifen zur fräier Dispositioun gestallt ginn, géift Dir dat normal fannen? Dir géift dat iwwerhaapt net normal fannen. Ech muss dat normal fannen, well d’Press dat gär hätt, an d’Publikum dat och gär hätt, an ech iergendwou och fannen, datt, ech kritiséieren hei oft [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Et ass jo awer alt nach en Ënnerscheed, ob et eng Redaktiounskonferenz ass, wou dann op eemol géif, natierlech wier ech net frou wann Interna géifen no bausse gedroe ginn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Also, Här Kaiser, Dir sidd Chef hei an ech si Chef do. Mir sinn zwee Chefen, zwee grouss Chefen. A wann ee mat Mataarbechter schwätzt, huet een net gär wann aner Leit dat héieren.

Mä ech kann awer mech iwwer d’Press net bekloen, datt déi hir Aarbecht mécht, an dann eben dat Gespréich an d’Fangeren, an tëscht d’Ouere kritt, an datt se dann dofir suergen datt d’Leit dat héieren, dat kritiséieren ech net fundamental, obschonn ech dat alles iergendwou gelunge fannen. Mä wéi war Är Fro?

Guy Kaiser: Vun deem Gespréich vum Här Mille mam Geheimdéngscht mam groussherzoglechen Haff?

Jean-Claude Juncker: Den Här Mille seet an deem Gespréich, dat kann ee jo nolauschteren, datt dee Verdacht géif bestoen. An ech hunn dee Verdacht ni sérieux geholl. Aus deem ganz einfache Grond, well ech am Géigesaz zum Geheimdéngscht, an zu anere Leit hei am Land, de Grand-Duc gutt kennen. An deen huet mäi ganze Respekt. An ech weess, datt de Grand-Duc net mat auslännesche Geheimdéngschter zesummeschafft. Ech weess, datt ech de Grand-Duc net ofgelauschtert hunn, ech ka mir net virstellen, an ech weess och, datt dat net de Fall war, datt hie mech ofgelauschtert hätt. Firwat soll ech mech mat enger Geschicht beschäftegen, déi ech fir en Hirngespinst gehalen hunn?

Et geet hei ëm de Grand-Duc. Dat ass de Staatschef hei am Land. An et geet hei ëm de Premier, dat ass de Regierungschef hei am Land.

An ech hu mam Grand-Duc keng spektakulär Gespréicher iwwer Bommeleeër oder iwwer aner Affär gefouert, well ech weess net, obscho jo vill Leit mengen ech wéisst et, mä ech weess et net, wien de Bommeleeër, oder d’Bommeleeër waren. An de Grand-Duc Henri weess dat och net.

An dofir weess ech jo, datt mir ni e Gespréich gefouert hunn, spannendsten Inhaltes, iwwer d’Identitéit vun de Bommeleeër, esou wéi dat ugedeit ginn ass tëscht de Wierder vum Geheimdéngscht. Ech hunn dat net sérieux geholl, et ass och net sérieux ze huelen.

An ech wiere mech dogéint – elo kënnen d’Leit soen, dat do ass Theater – datt de Grand-Duc an allméiglech Affären hei eragezu gëtt, mat deenen hien näischt ze dinn huet, a mat deenen ech och näischt ze dinn hunn.

Guy Kaiser: Da vläicht nach eng lescht Fro, Här Staatsminister. Et sinn eng ganz Partie Leit déi eis hir Froen eragemailt hunn. An do sinn der e puer dobäi gewiescht, och déi déi erantelefonéiert hunn, si koumen an dëser Émissioun net vill zu Wuert, mä ech wëll mech dann de Porte-parole vun deene maachen. Eng Partie déi da soen, ma ass dann do net iergendwéi net eng Affär hanner der Affär. Also an anere Wierder, fir ze froen, wie wëll der Regierung, wie wëll dem Staat schueden?

Jean-Claude Juncker: Also, ech halen et mam Lenin, dee gesot huet, [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dee villes gesot huet, deen dacks zitéiert gëtt.

Jean-Claude Juncker: Mä ech zitéieren en ëmmer do wou hie Recht hat.

“Man muss die Dinge hinter den Dingen sehen.�? An ech froe ech, was sind die Dinge hinter den Dingen? Firwat kënnt dat elo op eemol op d’Tapéit, nodeem dat viru Joeren, ech muss mech jo do un all Detail, an un all Minutt erënneren, viru Joeren, 6, 7 Joer geschitt ass? Ech weess et net.

Ech, also éierlech gesot, obschonn dat mech brennend interesséiert, ech kann net mäi ganzen Dag domat verbréngen an net de Staatsapparat op déi Affär lassloossen, firwat datt dat elo kënnt. Mä ech wëll et nach eng Kéier soen, well och déi Bommeleeëraffär jo eng, jo, skandaléis Geschicht bleift, well mir ni erausfonnt hu wat do lass war [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Wou de SREL och net elo schrecklech gutt geschafft huet.

Jean-Claude Juncker: A wou de SREL net zoustänneg war, well dat war eng Polizeiaffär, wéi esou vill Affäre Polizeiaffäre sinn a keng Geheimdéngschtaffären.

Ech si verdrësslech driwwer, datt dat ni konnt opgekläert ginn, well ech einfach weess, datt ganz vill Leit soen, well se mengen de Juncker dee weess alles – dee weess iwwerhaapt net alles – mir géifen net wëlle soe wien déi Bommeleeër waren.

Also, ech fannen et jo och am extreme Fall beleidegend fir ze mengen, de Juncker weess eppes an hie seet eis dat net. Wann ech et wéisst, misst ech et jo melle bei deenen Autoritéiten déi dofir zoustänneg sinn.

Ech hunn dofir gesuergt, dat war keng einfach Saach, datt de Brudder vum Grand-Duc, dee wéi ech fannen zu Onrecht verdächtegt ginn ass an där Affär eng Roll gespillt ze hunn, verhéiert ginn ass. Dat war ech. Also, ech hu mech ëmmer beméit alle Spuren nogoen ze loossen, obschonn ech jo net mat der Instruktioun chargéiert sinn, dofir sinn anerer zoustänneg, fir déi Affär opzeklären.

An elo gëtt dat alles an een Dëppe gehäit. De Juncker dee léisst d’halleft Land oflauschteren. X Zeitunge schreiwen, flächendeckende Abhöraktion durch Juncker. Mat wat fir engem Recht [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat war ganz am Ufank, déi 300.000 Kaarten.

Jean-Claude Juncker: Ma déi 300.000 Kaarten, déi keng 300.000 sinn, a vun deene jo gewosst war, datt et se géif ginn, well d’Kontrollkommissioun vum Parlament wosst dat, huet se jo selwer an Augenschein geholl, ouni se am Detail duerchzechecken. Dat si jo keng 300.000 Ofhéieraktiounen.

Firwat dierf een einfach schreiwen, de Juncker léisst d’ganz Land hei oflauschteren? Wann Dir de Juncker wiert, an net de Kaiser, wat géift Dir Iech eigentlech doriwwer denken, wann Dir esou beschriwwe gitt? Heiansdo geet dat mir déck op de Wecker. An et gëtt eng Grenz vun der Belaaschtung, a vun der Vedächtegungsintensitéit.

Guy Kaiser: Bon, Ären nächste grousse Rendezvous dann hei zu Lëtzebuerg ass den nächste Freideg an der Kontrollkommissioun.

Jean-Claude Juncker: Mäin nächste grousse Rendezvous ass muer an e Méindeg, wou ech den Eurogrupp muss leeden an enger schwiereger Fro, Zypern, déi vill Potential a sech huet fir villes duercherneen ze bréngen. Ech hu mech déi ganz Woch dorop konzentréiert. A wann ech vu Bréissel erëm sinn en Dënschdeg de Moien, da kucken ech mir déi aner Saachen un. An ech wëll och dat maachen un Transparenz, wat ech als Grad vun där selwechter veräntwerte kann.

Guy Kaiser: Jean-Claude Juncker, mir hu schonn eis Zäit iwwerzunn. Mir kéinte jo nach laang weider schwätzen, ma ech mengen, Dir selwer [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Et ass spannend, në?

Jean-Claude Juncker: ... an och eis Auditeure sinn elo genuch strapazéiert ginn. Jo. Et ass elo wichteg [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech mengen d’Auditeure méi wéi ech.

Enfin, ech wëll nach eng Kéier soen, datt ech hei probéiere meng Aarbecht esou gutt wéi méiglech ze maachen. A wann d’Leit hei mengen, ech géif se net gutt maachen, da muss doriwwer geschwat ginn. Mä ech hunn net d’Gefill hei meng Flicht net gemaach ze hunn. An ech hunn och, wat d’Politik, d’Land an d’Mënschen hei am Land ubelaangt, jo, ëmmer nach Loscht dat ze maache woufir ech gewielt si ginn.

Ech wëll virun, dat kléngt esou pathetesch, virun deem Land hei déngen, dat heescht, mech ëm d’Saache vum Land a vun de Leit bekëmmeren, no beschtem Wëssen a Gewëssen.

Guy Kaiser: Op alle Fall soen ech Iech Merci fir Är Aussoen an Explikatiounen, Här Staatsminister.

D’Emissioun kann ee muer den Owend nach eemol op dëser Antenn lauschteren, an déi ganzen Zäit souwisou um Internet. Eis alleguer e schéine Weekend, an Iech, Här Juncker, eng gutt Woch.

Jean-Claude Juncker: Ech hu kee schéine Weekend, well ech muss mech jo mat deenen Eurosaache beschäftegen.

Guy Kaiser: Dann awer eng gutt Woch wéinstens.

Jean-Claude Juncker: An ech ginn dovun aus datt déi Woch och gutt verleeft. Ech wënschen Iech och vill Fräizäit, déi ech an Zukunft méi wäert hunn.

Guy Kaiser: Merci!

Dernière mise à jour