Jean-Claude Juncker au sujet de la crise de la dette publique dans la zone euro

Radio DNR: De President vun der europäescher Zentralbank Jean-Claude Trichet an de Chef vum Eurogroupe Jean-Claude Juncker, stunge gëschter zu Bréissel dem Finanzausschoss vum EU-Parlament Ried an Äntwert. D'Deputéiert wollte wëssen wat an der Scholdekris ënnerholl gëtt. Et goung konkret ëm Garantien déi Finnland gäre vu Griechenland hätt, als Géigeleeschtung fir seng Hëllef. Esou bilateral Accorden goufe gëschter awer net ugeholl, sot de Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Déi Ofmaachungen déi Griechenland a Finnland bilateral getraff hunn, déi brauchen, fir datt se kënnen akzeptabel erschéngen, d'Zoustëmmung vun deenen anere 16 Eurostaaten. Dat wat de Moment um Dësch läit an dat wat Finnland mat Griechenland ausgehandelt huet, fënnt net d'Zoustëmmung vun deenen aneren Eurostaaten. Mä ech sinn amgaang mat anere Finanzminister an der Eurozone hei eng Äntwert an deem Virschlag ze formuléieren, deen esou ausgeriicht ass, datt en Zoustëmmung vun deenen aneren Euromemberstaate fanne wäert. An ech kann Iech just soen, datt mir eng Äntwert fanne mussen déi Finnland Satisfactioun gëtt, déi Griechenland hëlleft an déi di aner Memberstaaten vun der Eurozone net genéiert.

Radio DNR: Gëschter sot de Jean-Claude Juncker an engem Interview am ZDF, datt mir an der ablacklecher Scholdekris méi Europa bräichten an net manner. Falls et zu enger europäescher Wirtschaftsregierung géif kommen, wéi Frankräich an Däitschland dat fuerderen, missten och méi national Suveränitéitsrechter op Bréissel iwwerdroe ginn. D'Währungsunioun wär nämlech wéi eng Koalitiounsregierung déi aus ville verschiddene Parteie géif zesumme gesat ginn. Do kann net jiddweree maache wat hie wëll. Eegen Initiative missten dem Chef vum Eurogroupe no onbedéngt mat deenen anere Memberlänner ofgeschwat ginn.

Jean-Claude Juncker: Et kann net sinn, datt an engem Land gläichzäiteg d'Steieren erof gesat ginn, während se an engem anere Land erop gesat ginn, ouni datt doriwwer matenee geschwat gëtt.

Ech ginn Iech mol e konkret Beispill. Däitschland huet 2005 säi Regelsaz bei der TVA vu 16 op 19% am Alleingang erhéicht ouni mat deenen anere Länner doriwwer ze schwätzen. Dat hat awer zur Konsequenz, datt d‘Duerchschnëttsinflatioun während 6 – 7 Méint ëm 0,3% an der Eurozone an d'Luucht gaangen ass. Fir ee Land wéi Lëtzebuerg, wat als eenzegt Land automatesch Indexéierung huet, ass et fir d'lëtzebuerger Wirtschaftspolitik wichteg am Virfeld gewuer ze ginn, datt Däitschland esou eng Initiativ plangt an duerchzitt, well dat jo bei eis zu enger Inflatiounsaugmentatioun féiert. Da muss ee kënnen an der Eurozone driwwer schwätzen ob Däitschland dat soll maachen oder net. A genau dat nennen ech Souveränitéitsiwwerdroung op d'europäesch Bühn, well jiddweree sech muss am Liicht vun der Reaktioun vun deenen anere Länner op Initiativen déi een hëllt, determinéieren op en déi Initiative wirklech bis op d'Enn duerchféiert oder net.

Radio DNR: A wat déi ominéis Eurobonds ugeet, wëll de Jean-Claude Juncker eng Etude maache loossen mat där hien och déi gréisste Kritiker, virun allem aus Däitschland, nach wëll iwwerzeegen.

Dernière mise à jour