Jean-Claude Juncker au sujet du référendum irlandais sur le traité de Lisbonne

Fränk Goetz: An am Studio begréissen ech elo de Staatsminister. Här Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend Här Goetz.

Fränk Goetz: Här Juncker, d’Iren hunn Nee gesot, dorunner kann een näischt änneren. Wéi soll et dann elo, Ärer Meenung no, viru goen?

Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt muss een dee Votum vum iresche Vollekssouverain respektéieren. Et gëtt an Europa keng grouss, a keng kleng Demokratie. Mir sinn eng kleng, mä mir sinn esou wichteg, wéi déi aner. An datselwecht ass fir Irland wouer. Wéi d’Fransousen Nee gestëmmt hunn, hu mir gesot, elo musse mir nodenken, wat mir maachen. Elo hunn d’Iren Nee gestëmmt, elo musse mir och nodenken, wat mir maachen.

Dat maache mir déi nächst Woch zu Bréissel. Den iresche Premier, mat deem ech haut zweemol telefonéiert hunn, dee muss eis soen, wéi hie mengt, datt een aus där Situatioun, an déi d’iresch Vollek eis awer eragefouert huet, eraus kënnt. Mä et ass elo net, fir op d’iresch Vollek ze späitzen - wann ech mech dierf graff ausdrécken. Et ass ze respektéieren, wat si gesot hunn.

Fränk Goetz: Wat halt Dir da vun där Optioun, fir den Iren entgéint ze kommen, an eventuell datt si nach eemol iwwer dee Vertrag ofstëmmen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass net meng Affär. Fir elo vun hei aus, oder virun aneren internationale Medien, ze soen, wat d’Iren elo solle maachen, wier jiddwerfalls net indiquéiert. D’Ire musse selwer de Wee fannen, dee si wëlle goen, well si och wëssen, datt déi Grënn, déi zum Nee gefouert hunn, esou villschichteg sinn, an esou kontradiktoresch sinn, à tel point, datt souwuel den Här Gybérien, wéi den Här Hoffmann Feier a Waasser begeeschtert sinn. Soss hu si näischt gemeinsam wéi d’Neen zur europäescher Zukunft.

Fränk Goetz: Mä de Ratifizéierungsprozess soll viru goen?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt - esou, wéi ech dat och an der Zäit nom franséischen, an nom hollänneschen Nee gesot hunn - déi aner Länner sech mussen determinéieren.

Déi eng Länner hunn de Choix getraff - Irland alleng - fir ee Referendum ze maachen. Mir hunn dat net brauchen ze maachen, well mir zu engem Vertrag Jo gesot haten, dee vill méi wäit gaangen ass, wéi dee Lissabonner Reformvertrag. Déi aner maachen dat iwwer de Wee vun hire Parlamenter, do hu mir eis net dran ze bekëmmeren.

Mä fir elo ze maachen, wéi wann et elo géif duergoen e puer Kommaen ze réckelen, fir datt d’Ire géife Jo soen, wier eng Beleidegung vum iresche Vollek. Vun deem ech allerdéngs soen, datt et sech selwer kee gudden Déngscht geleescht huet: Deen iresche Jo, wier et e ginn, hätt net all europäesch Problemer geléist. Deen ireschen Nee verhënnert d’Léisung vun deene groussen europäesche Problemer, a vun deene grousse Problemer vun der Welt.

Gesitt Dir, et muss een d’Demographie virun Aen hunn. Am Joer 1900 waren 20% vun der Weltbevëlkerung Europäer. Haut sinn et nach 11%, 2050 nach 7%, 2100 nach 4%. Mir sinn eng Minoritéit an der Welt, a wa mir net aus der Europäescher Unioun eng Makro-Regioun an der Welt maachen, da gi mir ee schwéiere Wee. An dorunner soll jiddwereen denken, dee sech iwwer esou Froen äussert, och heiansdo liichtfankeg an oniwwerluegt.

Fränk Goetz: Mä, deen Nee kann awer och eng Signalwierkung fir déi aner hunn. Den tschechesche President gëtt elo emol zitéiert, op den Agencen, datt de Prozess fir hien eriwwer wier.

Jean-Claude Juncker: Den tschechesche President, deem meng Bewonnerung gëllt, fir dat, wat hien a sengem Liewen duergestallt huet, ass keen Element vun europäescher Fortschrëttsgestaltung. Dee muss sech viru sengem eegenen nationalen Hannergrond determinéieren. A gesitt Dir, dat ass jo de Problem: Jiddwereen determinéiert sech europäesch, viru sengem nationale Background, viru senger nationaler Realitéit.

D’Ire stëmme géint dee Vertrag, well déi eng fäerten, et géif elo den Avortement iwwer Irland erabriechen, déi aner fäerten, Irland géif elo an allméiglech Kricher eragezu ginn, anerer soen, Irland kritt elo virgeschriwwen, wat fir Steieren datt et ze maachen huet.

Den Här Hoffmann, deen elo grad hei opgetrueden ass, mat zefriddener Minn, deen huet de Vertrag, de Verfassungsvertrag, zu Lëtzebuerg bekämpft, well mir Steierdumping géife favoriséieren. D’Irlänner hunn dogéint gestëmmt, well si fäerten, zu Onrecht, deen neie Vertrag géif de Steierdumping verhënneren. Hoffmänner gëtt et iwwerall.

Fränk Goetz: Mä Dir sot jo selwer, datt d’EU an Zukunft muss eng Sprooch schwätzen, déi d’Leit nees verstinn. Wéi maacht Dir dat dann? Wéi wëllt Dir dat maachen?

Jean-Claude Juncker: Mä, ech fannen, datt dat enorm komplizéiert ass. D’Welt ass komplizéiert ginn, Europa - mat der Welt - ass komplizéiert ginn: Schwieregst Froen, wou Internationales sech esou anenee verdicht, datt doraus eng Mass entsteet, déi ee bal net méi iwwerbléckt; déi einfach ze erklären, ass bal eng Saach vun der Onméiglechkeet ginn.

Mä ech fannen, mir Politiker schwätzen net wéi d’Leit. Ech gi mir ëmmer Méi, iwweregens, wéi d’Leit ze schwätzen, ouni do ofzerëtschen, an einfach Expressiounformen, mä ech mengen, datt vill Leit net verstinn, wat mir schwätzen, wa mir iwwer Europa eppes soen.

An eigentlech geet et jo dorëm, fir ze suergen, datt Europa staark an der Welt bleift. Eigentlech geet et dorëm, datt déi Aart a Weis, wéi mir Europäer hei zesumme liewen - och am Sozialen, och am Wirtschaftlechen, am Sozialmaartwirtschaftlechen - datt een dat zu engem Exportartikel mécht, falls déi aner Deeler vun der Welt et wëllen.

Déi Aart a Weis, déi mir fonnt hunn, an Europa, fir eis Problemer friddlech ze léisen - statt si, wéi fréier am 20. an am 19. Jorhonnert, mat de Mëttele vum Krich auszeféieren - alles dat ass eppes, wat déi aner Mënschen an der Welt begeeschtert fir Europa. Just, mir hunn heiansdo d’Gefill, dat wier alles näischt. Dat ass enorm vill.

Fränk Goetz: Mä, gesitt Dir dann elo eng Chance, datt aus deem Neen do eraus, datt do méi Gefill kann entstoen, och bei der Politik?

Jean-Claude Juncker: Ech verléieren an europäesche Saache keng Illusiounen, well ech hu mir ni Illusioune gemaach. Europa bleift en extrem schwierege Gestaltungsprozess. All Vollek huet seng eegen Usiichten iwwer d’Aart a Weis, wéi d’Welt, a wéi de Kontinent soll organiséiert ginn. All Vollek geet fort vun deem, wat et fir sech selwer als wichteg fënnt. Dat kann een als nationalen Egoismus beschreiwen, muss een et net, mä et ass därs vill dobäi.

An da musse mir elo probéieren, déi nächste Woch, zu Bréissel gemeinsam Weeër ze zeechnen, wa mir si da fannen. Mä jiddwerfalls ass dee Votum vum iresche Vollek ze respektéieren. 100.000 Iren hunn décidéiert, datt Europa op der Plaz steet. Ob hir Kanner enges Daags frou wäerte sinn, falls mir net vun der Plaz kommen, datt mir op der Plaz stoe bliwwe sinn, dat ass eng ganz aner Fro.

Fränk Goetz: Här Staatsminister, ech wëll elo net zevill lästeg ginn, an trotzdem [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech gesinn Iech scho kommen.

Fränk Goetz: … an trotzdem awer d’Fro [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech spieren Iech schonn.

Fränk Goetz: Den 1. Januar 2009 trëtt deen neie Vertrag jo net a Kraaft.

Jean-Claude Juncker: Nee.

Fränk Goetz: Domat gëtt och deen neie President, trëtt deen säi Posten net un. An domat ass dann och eng eventuell Kandidatur vum lëtzebuerger Premier, jo elo emol net méi an Discussioun?

Jean-Claude Juncker: Eng Kandidatur ass et och ni ginn, et ass de Wonsch ginn, vu villen, datt ech mech soll mat der Fro beschäftegen, ob ech dat wëll maachen. Dat hunn ech och gemaach, a gesot, ech wier net an alle Fäll do dogéint. An ech hunn ëmmer gesot - och iwweregens bei Iech hei, am Gespréich - datt ech gären heiheem sinn. D’Iren hunn haut net iwwer meng Zukunft ofgestëmmt, déi steet net zur Dispositioun. A meng Zukunft ass keng europäesch, an och keng national Schicksalsfro. D’Leit ginn eens heiheem ouni mech, an d’Leit ginn an Europa - a si mussen et och elo - eens ouni mech.

Fränk Goetz: Tatsaach ass elo, datt Dir als Spëtzekandidat hei an déi Wahle gitt - dat ass keng Diskussioun - an Tatsaach ass awer och, datt et méiglech ass, datt et zu engem, méi spéideren, Zäitpunkt, eng Kandidatur eventuell gëtt, vun engem lëtzebuerger Premier?

Jean-Claude Juncker: Wéi ech schonn heiansdo gesot hunn: Wann den Iesel eng Kaz wier, da géif den Iesel de Bam erop lafen ouni Problem. Dat ass dat éischt.

Dat zweet: Et kann een net ëmmer iwwer wann an dann spekuléieren. Meng Partei muss décidéieren, ob si mech nach eng Kéier als Spëtzekandidat opsetzt. Wier ech an hirer Plaz, géif ech dat net vu vireran ausschléissen.

Fränk Goetz: Här Staatsminister, ech soen Iech villmools Merci datt Dir [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech och Merci, an ech si frou, datt Dir déi leschte Kéier fir déi nächste Méint, mir déi lästeg Fro do konnt stellen.

Fränk Goetz: Merci villmools.

Dernière mise à jour