Jean-Claude Juncker au sujet de l'actualité politique nationale et européenne

Jean-Claude Franck: 25 Joer an een Dag an der Regierung, dovunner bal 13 als Premierminister, domat hat de Jean-Claude Juncker eegenen Aussoen no den 21. Dezember 82 net gerechent, wéi e Staatssekretär ginn ass.

Jay Schiltz: D’Vertraue vun de Bierger huet en awer behalen, dat weise rezent Ëmfroen, mä et gëtt och de Reproche, datt de Regierungschef zevill am Ausland wier an ze mann zu Lëtzebuerg.

Jean-Claude Franck: Dat ass haut op jiddefall net de Fall, de Jean-Claude Juncker ass live bei eis am Studio. Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Wann Dir moies Är Pressërevue um Dësch leien hutt, wat liest Dir dann als éischt ? Déi national Politik oder déi europäesch? An Dir lauschtert jo och vill Radio, wat lauschtert Dir do? Déi national Senderen oder éischter déi däitsch oder franséisch?

Jean-Claude Juncker: Ech fänke mat Iech un, ech fuere mat RTL virun. Ech lauschteren Deutschlandfunk, franséisch Radioen net esouvill, well déi Péréphériquen oder France Info sinn esou hexagonal orientéiert, datt ech mech net richteg informéiert spieren iwwert dat wat an der Welt lass ass. An da liesen ech an der Pressërevue déi national Zeitunge fir d’éischt, dat sinn awer nach ëmmer déi am wichtegste sinn. Mä ech leeë mer lëtzebuergesch Zeitunge vill op d’Säit, well gréisser Artikelen, Hannergrondartikelen, där hunn eis Zeitunge relativ vill, disproportionnéiert vill mat auslänneschen Dageszeitunge verglach. Dat läit sonndes moies bei mir am Bett an da wenzelen ech mech an deem wat Dir geschriwwen hutt an der Woch.

Jay Schiltz: A ville vun Ären Interventiounen, eréischt kierzlech um CSV Kongress, fält op wéivill déi international Konjunktur an och d’Wirtschaft Iech beschäftegen. Hutt Dir dann do nach wierklech genuch Zäit fir Iech esou op d’Politik hei am Land ze konzentréiere wéi Dir dat maache wéilt, misst?

Jean-Claude Juncker: Ech fannen dat alles e bësse grotesk wat ech do liesen. Ech sinn am Prinzip een Dag d’Woch am Ausland, vun owes 7 bis deen anere Mëtteg véierel op eng, heiansdo gëtt et och 20 op eng. Ech si mat Ofstand net dee Minister, deen am meeschte reest an ech fanne wann ech am Ausland sinn, dat ass meeschtens zu Bréissel, do gesinn ech jo och vill Leit, do komme jo och vill Leit hin, ech muss jo net bis an d’Mongolei reese fir mat engem mongolesche Kolleeg ze schwätzen, da steet dat an der Zeitung an dat wat ech heiheem maachen interesséiert d’Press largement net an doraus entsteet e falscht Bild, muss ech soen, well ech hunn iwwerhaapt net den Androck, datt ech vill fort wier. Ech hunn eng Kéier, ouni deem wëllen ze no ze trieden, meng Auslandsdéplacementer verglach mat mengem Virgänger, et ass d’Halschent.

Jean-Claude Franck: Mä och wann Dir hei sidd, hutt Dir jo awer ëmmer de Bléck och ëmmer op déi grouss Welt awer eigentlech. Dee verléiert Dir jo awer ni?

Jean-Claude Juncker: Nee, mä muss ech dat? Muss een als lëtzebuerger Premier elo just laanscht d’Dräikantonsstrooss grasen oder ass et net och gutt, datt ech och déi Leit déi wëlle mat mer schwätzen zu Lëtzebuerg empfänken, mech mat deenen ënnerhalen. Wësst Dir, mir sinn ee Grand-Duché, mä ee klengt Land. Mir sinn op eng aussergewéinlech Aart a Weis tributaire vun deem wat ronderëm ass a wat an der grousser Welt passéiert. Ech muss dat intégréieren an d’Fassong fir Politik hei am Land ze denken, d’Liewe sech hei am Land an Europa virzestellen an ech bréngen et och net fäerdeg, ech soen dat zanter 20 Joer, mengen ech, ee groussen Ënnerscheed ze maachen tëscht deem wat nëmmen national ass an deem wat europäesch oder international ass.

Kuckt mol, elo war ech dëser Deeg zu Bréissel, a menger Qualitéit als Euroobermufti, hunn europäesch Gewerkschafte gesinn, hunn europäesch Patrone gesinn, all méiglech Patronatsfederatiounen an all méiglech sektoriell Gewerkschaften. Ech interesséiere mech wéi d’Mënsche liewen, wéi se schaffen, wéi se denken an ech hat soss näischt ze dinn wéi de ganzen Dag de Statut unique ze erklären, well se fannen am Ausland, datt dat awer eng grouss Affaire wier déi mer do géife maachen. Wat hunn ech dann elo do gemaach? Aussepolitik, Innepolitik oder mech mat deem beschäftegt wat mech interesséiert a wat eis beschäftegt? Ech kréien dee klugen Distingo, deen eenzelner an der öffentlech-politescher Publizistik zu Lëtzebuerg erbäischreiwen net richteg gemaach.

Jay Schiltz: 25 Joer waren et gëschter, datt Dir Regierungsresponsabilitéit hutt. Dat ass ee laangen Dag. Et géif een Iech jo wënschen nach eng Kéier 25 Joer hannendrun ze hänken.

Jean-Claude Juncker: Dat gleewen ech Iech iwwerhaapt net, datt Dir dat wënscht.

Jay Schiltz: Mä da kéime mer vläicht bei déi Fro, ech weess, datt Dir se net gär hutt, wann een Iech se stellt, well se Iech relativ nervt, Dir kritt se ëmmer erëm gestallt. Mä wa mir Iech se net stellen, kréie mer gesot, mir hätten eis net getraut Iech se ze stellen: Dir sidd scho méi wéi eng Kéier drop ugeschwat ginn, Dir géift 2009 op Bréissel goen, fir den éischten EU-President ze ginn an Dir äntwert ëmmer, Dir wéilt net doriwwer spekuléieren. Wat Dir jo awer bestëmmt haut scho kënnt soen ass, interesséiert dat Iech iwwerhaapt? Géif Iech esou eppes reizen?

Jean-Claude Juncker: Kuckt mol Här Schiltz, ech hätt 2004 kënnen, well all déi aner Kollegen hate mech gefrot, déi 26, well mir waren deemools schonn zu 27, Kommissiounspresident ginn. Ech hunn deemools ëmmer gesot, dat hunn déi 26 net gegleewt an Dir och net, ech géif dat net maachen, well ech hei géif mat an d’Wale goen an ech géif gären dat Mandat untrieden. All aner Attitude wier jo eigentlech d’Leit un der Nues erëmgefouert gewiescht. Dës Kéier sinn ech och vu ville Kollege scho gefrot ginn, dat ass jo kee Geheimnis wat ech hei zielen an ech iwwerleeë mer dat en Fonctioun vun deem wat heiheem ass a vun deem wat een heiheem nach Loscht huet ze maachen, där Saache gëtt et vill, och en Fonctioun vun där Relatioun déi een awer mat deem Land hei huet, dat ass fir mech hei jo keng neutral Plaz. Ech sinn eigentlech frou mat de Leit hei a mat de Saachen, mat der Aart a Weis wéi mer hei sinn, obscho munches muss geännert ginn. An ech war ëmmer géint d’Schafung vun deem Poste vum EU-President, am heftegste vun en alleguer war ech do dogéint, well ech fannen, datt dat de Risiko a sech dréit eng Rei vu Grenzen ze verwësche mat der Kompetenzuerdnung an den interninstitutionellen Equiliberen an Europa. De Kommissiounspresident dee muss den Initiativmonopol behalen, deen däerf net ewechgedickst gi vun engem Strahlemann deen do europäesche President, „deen dee mécht“, wéi déi Däitsch géife soen an doriwwer muss ee sech ënnerhalen zu Bréissel. Wat soll dee Mann maachen oder déi Fra, wéi gesi mir dat? An dann aviséieren ech dat, net kalbliddeg, mä mat Herzensglut a wann ech elo soen, dat däerf ech mol hei zu Lëtzebuerg um Radio mol eng Kéier soen an dann hoffen ech, datt dat sech elo net duerch d’ganz Welt do verflüchtegt, wann ech elo soen, ech maachen et net, da muss ech mer jo iwwerleeë wee gëtt et dann. Ech wëll awer net, datt iergendeen et gëtt. Ech géif gäre matschwätze ween et gëtt.

Jay Schiltz: Am Tageblatt gëtt haut ee Sondage publizéiert, wou am Fong vill Leit, 84 Prozent, wann ech dat elo gutt an Erënnerung hunn, mengen, et wier gutt oder et géing Iech et zougetraut ginn oder et wier een houffreg drop, wann Dir déi Plaz géift ophuelen. Den Alvin Sold am Tageblatt schreift vun der Junckerfrage. Äre Parteikolleg, den Deputéierte Lucien Thiel hat virun e puer Woche bei de Kollege vun RTL Iech quasi schonn op Bréissel gelueft, et wier och gutt fir Lëtzebuerg. Mécht dat Iech Pleséier oder iergert dat Iech?

Jean-Claude Juncker: Of, et hänkt dovun of ween et seet a ween et schreift. Ech fannen, datt sech keng Junckerfro stellt. Et däerf ee säin eegene Werdegang net héichstiliséieren zu enger existentieller Fro vun der Natioun. Esouwäit si mir jo awer nach net ofgerëtscht hei, datt alles wat d’Zukunft zu Lëtzebuerg elo ubelaangt mat der Persoun vun deem géif zesummenhänken, deen elo Premier ass. Dat hunn ech net ganz gär. Mä datt 84 Prozent vun de Lëtzebuerger soen ech géif dat gutt maachen, dat muss mech jo net beleidegen, ëmsouméi wou et der am Ausland och gëtt déi dat soen. Mä et hu keng 84 Prozent mengen ech gesot, si hätte gär wann ech géif d’Blat botzen hei. Ech denken iwwert déi Zuelen net no, ech verloosse mech do op mäi Gefill. Mäi Gefill, nach ëmmer, wann et an der Politik ugefaangen huet wichteg ze ginn, eng Fro déi mech alleng betrëfft ass awer net wichteg, dat do ass jo och eng Fro déi d’Land betrëfft, da verloosse ech mech och op mäi Bauch, deen huet mech ganz selten ugeschmiert.

Jean-Claude Franck: Notamment ass et jo och esou, datt wann een déi Sondagen de Moie kuckt, datt bei den CSV-Wieler vläicht et déi sinn déi am mannsten elo hoffen, datt Dir et och unhuelt.

Jean-Claude Juncker: Déi wësse firwat.

Jay Schiltz: D’DP hätt gär wann Dir géingt goen?

Jean-Claude Juncker: Déi wëssen och firwat.

Jean-Claude Franck: Wéi décisiv ass dat vläicht herno wann déi 26 aner Staats- a Regierungschefen Iech elo wierklech dozou froen? Ass et och vläicht dodrop wou Dir waart, wéi eens déi aner sech sinn?

Jean-Claude Juncker: Mir si vu 26 net ganz wäit ewech.

Jay Schiltz: Eng vun de Saachen déi ëmmer méi zu Bréissel décidéiert ginn, dat ass d’Steierpolitik. Elo am Dezember eréischt hutt Dir missen, no laange Joren, nogi bei der TVA-Harmoniséierung am E-Commerce. Wéieng Reaktiounen hutt Dir aus der Wirtschaft op déi Changementer kritt?

Jean-Claude Juncker: Jo ma net déi déi Dir suggéréiert, well do gëtt dat net begraff als een Noginn, als een Apaken, als een Ofraumen, als ee Klengbäiginn, mä do gëtt dat gesinn als eng eigentlech klug Strategie, fir duerch widderhuelt Neesoen, am plädéierte Sënn vum Wuert, Neesoen, eng Léisung erbäi ze kréien, déi eis Rechtssécherheet gëtt fir laang Joren an déi d’Prévisibilitéit vun Investitiounstätegkeeten an deem Beräich zu Lëtzebuerg op eng onwahrscheinlech Aart a Weis augmentéiert huet. Mir stinn haut besser do, duerch dee Rotsbeschloss vun de Finanzministere wéi virdrun, wou een net wosst wéi dat géif goen. Ech hunn aus dem Secteur eigentlech nëmme positiv Reaktioune kritt, aus dem Secteur deen hei ass an aus dem Secteur deen am gaang ass sech no Lëtzebuerg ze bewegen. Deen Drang no Lëtzebuerg wat d’E-Geschäft ubelaangt, wann ech dat kann esou soen, dee gëtt net gebrach, deen huet éischter zougeholl.

Jean-Claude Franck: Et war jo och een Challenge fir Lëtzebuerg och vläicht op anere Punkte kompetitiv ze maachen, och fir déi dote Betriber, well gewosst war, datt déi steierlech Avantagen eng Kéier kéinte méi kleng ginn. Ass dat geschitt an Tëschenzäit, datt Lëtzebuerg och vun anere Punkten hier interessant.

Jean-Claude Juncker: Jo mä ech hunn zu Bréissel ëmmer gesot an ech soen dat och hei, datt dat jo net esou ass wéi wa mer do eng klassesch lëtzebuerger Nischepolitik poursuivéiert hätten, verfollegt hätten. Mir hunn een TVA-Saz vu 15 Prozent, dat ass den europäesche Minimum, iwwregens ënnert enger lëtzebuergescher Presidentschaft 1991 als Regel fir jiddwereen, als Norm déi jiddwereen bënnt, fixéiert. Dat hu mir aus soziale Grënn gemaach. D’TVA huet mat sozialpolitescher Gestaltung vun der Landschaft zu Lëtzebuerg eppes ze dinn. Ech war ëmmer géint héich TVA-Sätz aus enger Rei vu Grënn, déi éischter sozialpolitescher Provenienz sinn. Nun huet sech erausgestallt, duerch d’Entwécklungen um Maart, déi 1991 iwwerhaapt net viraus ze gesi waren, datt och bestëmmte Beräicher vum E-Commercegeschäft kënnten interesséiert sinn un engem nidderegen TVA-Saz. Mir hunn en net dofir niddreg gehalen, mir hunn en aus soziale Grënn niddereg gehalen, mä mir hunn awer profitéiert doduerch, datt en niddereg war. 900 Milliounen Euro hu mir vun 2003 u bis haut steierlech verdingt un deem Geschäft. Fir mech dofir direkt mussen ze entschëllege liicht mer och bei weiderem Nodenken net spontan an direkt an.

Mä ganz vill Betriber sinn iwwerhaapt net méi elo aus steierleche Grënn op Lëtzebuerg komm. Dat war ganz am Ufank de Fall, mä déi meescht déi haut do sinn hunn domat wéineg ze dinn an dofir ass déi Perceptioun déi vu Säiten déi interessséiert sinn, déi geschürt gëtt, wéi wann elo dat Geschäft, tëscht Gänseféisercher, eigentlech géif verlusteg goen, wa mer dat géife verléieren, och net richteg. Ech ënnerhale mech jo mat deene Leit, déi an deem Secteur do aktiv sinn. Dat geet net nëmmen ëm d’Steieren, mir hunn d’Connectivitéit mam Ausland staark verbessert, mir hunn heiansdo séier gesetzlech a steierlech ze reagéiere gewosst, wou aner Länner sech wéi riseg Tankere géint dat lëtzebuergescht Schnellboot do aushuelen an dofir ass et mir net Angscht, datt ee ganz zolitten Deel vun deem Geschät, fir dat nach eng Kéier tëscht Gänsféisercher als Begrëff hei anzeféieren, zu Lëtzebuerg bleift, och nom Joer 2019.

Jean-Claude Franck: Also Annoncë wéi Ebay oder Amazon, dat gehéiert dann net der Vergaangenheet un?

Jean-Claude Juncker: Nee, dat ass jo entretemps esou ginn, datt wann een neie kënnt, datt dat kaum nach Schlagzeile mécht. Et kommen der dauernd.

Jay Schiltz: Dëser Deeg ass de Schengeraum ëm déi nei Memberlänner opgaangen. Den EU-Vertrag ass finalement och elo unter Dach und Fach. Wéi géift Dir d’Joer 2007 europaméisseg résuméieren? War dat ee gutt Joer fir Europa?

Jean-Claude Juncker: D’Joer 2007 ass eréischt um Enn vum Joer 2008 eriwwer, well dee Vertrag dee mer ofgeschloss hunn, dee muss jo nach ratifizéiert ginn. Dee gëtt mer Satisfaktioun, obschonn ech fannen, datt en net an d’Kategorie vun der gehuewener Staatskonscht passt an och net alle Critèrë vun der minimaler Esthetik entsprëcht, déi ee kann ulehnen un ee Vertragswierk, mä d’Essenzsubstanz vum Verfassungsvertrag, dee mir Lëtzebuerger per Referendum ugeholl haten, deen ass awer an deem neien Lissabonner Reformvertrag erhalen, deen alles anescht ass wéi een Traité simplifié, wéi den Här Sarkozy dat seet. Et ass ee ganz komplizéiert Vertragswierk, onendlech méi komplizéiert wéi de Verfassungsvertrag, dee jo scho ville Leit vill zevill komplizéiert war. Dat ass gutt, datt mer dat geregelt hunn, datt mer déi Krisestëmmung an där mer do waren an an déi mer ëmmer méi ofgerutscht sinn, konnten an de Géigendeel verwandelen. Dorunner hunn d’Lëtzebuerger kee klenge Verdingscht, well wann d’Lëtzebuerger den 10. Juli 2005 och mat Nee gestëmmt hätten, dann hätte mer elo kee Reformvertrag vu Lissabon an zu Lissabon kritt.

Déi Tatsaach, datt elo gëschter, den 21. Dezember d’Grenzen opgaange sinn, mat Ausnam vu Rumänien, Bulgarien an Zypern, dat ass trotzdem, obschonn ech weess, datt d’Leit Angscht hu bei esou kontinentale Momenter, eppes Enormes. Kuckt mol, ech si grouss ginn, 54 gebuer, esou an enger Atmosphär vum Kale Krich. Wéi ech 18, 19, 20 Joer hat a wéi mer an der Friddensbewegung geschafft hunn, hate mer Angscht virum Nuklearkrich, mir haten Angscht virun deene Rakéiten, déi an der Tschechei, a Polen, soss doruechter stoungen an déi innerhalb vun e puer Minutten hei zu Lëtzebuerg gewiescht wieren, wa se lassgeschoss gi wieren. Elo fënnt hei d’Réconciliatioun tëscht europäescher Geschicht an europäescher Geographie statt, op eng friddlech, roueg, pondéréiert, iwwerluechten, eigentlech awer begeeschtert Aart a Weis an et ass jo awer besser wa Mënsche beienee kommen, wéi datt déi Länner an deene se wunne sech géigesäiteg bedrohen, Liewensmuskelen eigentlech lähmen, déi et op eisem Kontinent jo awer gëtt. Déi Jore vum Kale Krich ware jo egentlech fir d’Mënsche verluere Joren a fir d’Welt bedrohlech Joren.

Wann een dat ënnert dem Strich kuckt ass da gutt, och wann d’Leit, vill Leit mengen elo géif d’Kriminalitéit am grousse Mooss iwwert d’Grenze sprangen. Do geschitt eeneges, mä do si jo awer och Systemer an der Plaz, alleguer déi Schengen-Computersystemer, fir dat emol primitiv auszedrécken, déi éischter d’Verbriechensbekämpfung erliichtert hunn an déi international Zesummenaarbecht an déi Qualitéit hätte mir och ni erreecht, wa mer dee Schengeraum, dat heescht d’Ewechfale vun de Grenzen, net esou staark ausgedehnt hätte wéi mer dat gemaach hunn. Et gëtt vill Mënschen an der Welt, déi dreeme vun engem Kontinent, wa se op engem anere Kontinent sinn, deen esou wier wéi den europäeschen. Nach just mir menge mir missten dat hefteg kritiséieren.

Jean-Claude Franck: Mir hunn d’éinescht iwwert déi europäesch Steierpolitik geschwat. Zu Lëtzebuerg hutt Dir de Kannerbonus an d’Liewe geruff, vun deem och déi Leit profitéieren, déi bis elo näischt vu steierlechen Abattementen haten. Dir hat nach eng Reunioun gëschter dozou. Wéi gesäit et aus? Wéini kann de Kannerbonus ausbezuelt, ginn? Ass dat gekläert?

Jean-Claude Juncker : D’Verwaltunge soe mer, si kënnten dat am Januar maachen. Ech gleewen dat net an dofir sinn ech der Meenung, datt een dat soll am Mäerz maachen an da vum Joer 2009 un dat all Mount maachen. Ech huelen a Kaf, andeem ech dat décidéiert hunn, datt mer am Januar, Februar a Mäerz vill hefteg Lieserbréiwer kréien, déi doranner besti fir ze soen, elo misste Leit déi ni Steiere bezuelt hätten an déi Kanner hunn, ufänke Steieren ze bezuelen. Dat geschitt och. Mä si kréien déi Ausgläichszuelungen am Mäerz erëm a vum Joer 2009 u mierken se net méi, datt se zu Onrecht d’Gefill haten, datt se elo misste méi bezuelen. Si kréien ënnert dem Strich alleguer méi.

Déi déi de Kannerbonus ënner Form vu Modération d’impôts pour enfants hunn, déi behalen en an déi Leit déi keng Steieren oder net vill Steiere bezuelen, déi kréien e ganz oder kréien en deelweis opgefëllt bis op dee Montant deen déi Leit kréien, déi de Maximum vun 922,50 Euro sinn. An dat gëtt eng ganz considérabel Akommesverbesserung fir Leit, déi a klengste Verhältnisser musse kucken, datt se um Enn vum Mount d’Saache beienee kréien. Et gëtt jo net méi vill Lëtzebuerger, déi eigentlech akzeptéieren, obschonn dat d’Realitéit vun eisem Land ass, datt mer awer nach vill kleng Leit hunn, déi net gutt eens ginn. An een dee keng Steiere bezilt an deen elo, wann en zwee Kanner huet an dee fir déi zwee Kanner, mat Ausnam vum Kannergeld, näischt kritt huet, elo 1850 Euro fir seng zwee Kanner kritt. Wësst Dir, et gëtt nach ganz vill Leit déi kënne ganz vill mat 1850 Euro am Joer ufänken. Et gëtt just déi, déi net méi wësse wéi et ass, déi mengen dat wier näischt. Fir déi Leit déi näischt hunn ass dat ganz vill an ech si ganz frou, datt mer déi selektiv Steier-, Fiskal-, Sozialmoossnamen do op de Wee kritt hunn. Dat gëtt elo am Ufank, wéi ëmmer wa mer eppes Neies maachen Opreegung, well dat hei an do net klappt, mä wann et bis klappt, da kommen d’Suen dohinner wou se higehéieren, nämlech do wou haut keng hikommen.

Jay Schiltz: Wéi gitt Dir mat der politescher Diskussioun ëm, datt ee groussen Deel vun deem Kannerbonus an d’Grenzregioun exportéiert gëtt.

Jean-Claude Juncker: Egal wat een am Beräich vu Sozialpolitik a vu Familljepolitik mécht, ass ee ganz no an der Exportnoutwennegkeet. Och wann een, wéi d’Kollege vun der DP dat verlaangt hunn, Sachleeschtunge gëtt, muss een déi och exportéieren. Wa mir hei Wunnengsgeld ginn zu Lëtzebuerg, da kënnt Dir net engem Frontalier vu Sterpenich refuséieren, datt deen, falls e sech an derselwechter Situatioun befënnt, heen dee Cotisatiounen a Steieren zu Lëtzebuerg bezilt, dat net kënnt an Usproch huelen. Ausserdeem kann ech jo esou net ëmmer raisonnéieren.

Ech sinn och der Meenung, datt ee soll de Maximum vu Sozialpolitik, wann een der wierklech wëllt maachen, am weiderschreiwende Sënn vum Wuert, soll probéieren op Lëtzebuerg ze konzentréieren, mä wann op der Uniroyal zu Stengefort ee belsche Mann niewent engem Lëtzebuerger steet, op där selwechter Aarbechtsplaz an deen ee kritt fir säi Kand 922 Euro an deen aneren net, deen ee wunnt zu Stengefort an deen aneren dee wunnt zu Sterpenich oder déi zwee si Belsch, deen ee wunnt zu Sterpenich an deen aneren zu Stengefort, jo wat si mer dann hei? Geett et hei ëm d’Kanner oder geet et hei ëm Prinzipien, deenen hir Formuléierung, wa se ëffentlech virgedroe gëtt, dach awer de Verdacht suggéréiert, do géif Appel gemaach ginn u Gefiller, déi net zu deene gehéieren, mat deenen ech wëll Politik maachen.

Jean-Claude Franck: Eng aner Steier déi an der Diskussioun ass, ass d’Autossteier. D’Roserei ass ...

Jean-Claude Juncker: Dat ass schonn e bësse méi komplizéiert.

Jean-Claude Franck: D’Roserei ass eben notamment bei de Leit e bësse méi grouss ginn, wel d’Décompten do schonn eraus sinn. Kënnt Dir dat novollzéien oder feelt et do erëm um néidege Versteesdemech fir eng Klimaschutzmoossnam?

Jean-Claude Juncker: Oh ech kann novollzéien, datt d’Leit net gären hu wa se musse méi Autosteier bezuelen. D’Hollänner, déi ongeféier am Joer 11 mol méi bezuelen, déi waren och rose wéi dat lues a lues an d’Lut gesat ginn ass. Wou et jo och nach Immatriculatiounstaxë gëtt an der Héicht vun Dausenden Euro, wann een een neien Auto keeft a mat deem an den hollännesche Fuhrpark virstéisst. Nee, nee, ech hu Verständnis dofir, ech maache mech och net lëschteg dodriwwer, mä mir mussen dat besser erklären, obschonn den Ëmweltminister jo awer Mériten huet fir dat ze erklären. Ech wëllt och net an deem senger Haut stiechen, well dee kritt regelméisseg attestéiert, duerch Meenungsëmfroen an duerch dat wat Dir hei schwätzt an dat wat Är Kollege schreiwen, elo misst a Saache Klimaschutz mol hei déi kleng Lëtzebuerger Revolutioun ageleet ginn a wann en dann eng Rei vu Schrëtt setzt, da fält jiddwereen iwwert en hier, well en dëst an dat net esou gemaach huet wéi d’Leit mengen, datt et misst gemaach ginn.

Mir kucken eis am Januar Februar déi ganz Saach nach eng Kéier un, och déi Deeler Autosteier, tëscht Gänseféisercher, déi mer zréckgezunn hu, beim Budget fir d’Joer 2008 a maachen dann dee Gesamtpak, deen net fundamental divergéiert vun deem dee mer hunn, mä wou mer wëllen de Leit erklären, datt et eben eng typesch lëtzebuergesch Virstellung ass, fir ze mengen, Klimaschutz misst sinn, mä et dierft eis näischt kaschten. Ech weess net wou mer dat kontradiktorescht Wësse mengen definitiv kënnen hierzehuelen. An da maachen ech besonnesch net de Geck fir Leit, déi doduerch a Schwieregkeete kommen, obschonn dat mer relativ megaloman beschriwwe schéngt ze sinn.

Mir kucken eis dat un, méi héich Autosteiere musse sinn. Mir musse jo Kyoto-Anzuelungen ausserhalb vum Land maachen, fir eise Kyotobeitrag kënnen ze leeschten. Dee musse mer finanzéieren a géigefinanzéieren. Dat geet nëmmen iwwert de Prinzip vum Pollueur Payeur. Déi meescht, d’Halschent vun den europäesche Staaten hunn, nodeem Lëtzebuerg dat gemaach huet, fir d’Autosteier op d’CO2 Emissiounen ofzestëmmen, hunn dat och gemaach oder sinn am gaang dat ze maachen. Et ass also kee lëtzebuergesche Sonderfall. Ausserdeem, ech hunn dat awer nach eng Kéier, well du kënns jo durechernee wanns de Zeitungen liest, gekuckt déi leschten Deeg, et ass awer net esou, datt d’Autosteier zu Lëtzebuerg disproportionéiert héich wier par rapport zum Ausland. Am Regelfall ass et esouguer esou, datt se méi niddereg sinn, dat trotz der Tatsaach, datt d’Léin tëscht 10 an 30 Prozent am Verglach mat Däitschland, Belsch a Frankräich zu Lëtzebuerg méi héich sinn an dat trotz der Tatsaach, datt d’TVA zu Lëtzebuerg méi niddereg an dat trotz der Tatsaach, datt d’Kannergeld je no Kannerzuel tëscht 17 an 73 Prozent zu Lëtzebuerg méi héich ass wéi am Frankräich oder an der Belsch oder wéi an Däitschland. Also mir mussen awer do Verstand walte loossen. Zu deem gehéiert alledéngs och, datt mer eis mat de Kritike musse beschäftegen, déi geäussert gi sinn, dat maache mer och Januar, Februar, Mäerz an da komme mer, wéi ech denken, an eng méi konsensuell Meenungsbildung eran.

Jay Schiltz: Ass dann de Prinzip vum Pollueur Payeur awer dee Dir elo ugeschwat hutt respektéiert? Vill Leit maache jo de Reproche, datt se soen, ok ech fueren 2000 Kilometer d’Joer, muss datselwecht bezuele wéi deen deen 30 000 Kilometer fiert.

Jean-Claude Juncker: Ech huelen dat ganz sérieux, mä doraus ergëtt sech jo, datt wann een d’Kilometerzuel, wann ech dat kann esou soen, eigentlech zum Basiscritère vun der Berechnung vun der Autosteier maachen, da gëtt et nëmmen ee Wee fir dat ze maachen, dat sinn erhéichte Bensinns- an Dieselpräisser. Erhéige mer déi Bensinns- an Dieselpräisser wiesentlech méi, wéi dat haut de Fall ass, dann tankt weder ee Belsch, nach een däitschen, nach ee franséischen Autofuerer zu Lëtzebuerg. Et kënnt esouguer dozou, wann d’Präisser zu Lëtzebuerg méi héich si wéi an den dräi Nipeschlänner, datt d’Lëtzebuerger si keng Patrioten, wann et dorëms geet, och dohinner tanke fueren, da verléiere mir tëscht 1,5 an 1,8 Milliarden Euro u Steieren. Also intellektuell kann ech dat novollzéien, datt ee seet, ech fueren net vill an ech muss bleche wéi déi aner, mä wa mer et iwwert de Bensinnspräis regelen, da schloe mer alleguer zesummen d’Rad.

Jean-Claude Franck: Een anert Thema ass d’Betribsbesteierung, do ginn éischt Verhandlungen, Gespréicher mam Patronat gefouert. Kënnt Dir do soen, ob et do vläicht eng ähnlech Enveloppe gëtt fir d’Betribsbesteierung, fir d’Betriber, wéi fir d’Privatpersounen?

Jean-Claude Juncker: Oh dat weess ech einfach nach net. D’Betribssteieren, grad wéi och d’Besteierung vun de physesche Persounen huet jo an deene leschten 20 oder 25 Joer enorm geännert. Wéi ech Finanzminister gi si war d’Kierperschaftssteier 40 Prozent, si ass haut 22 Prozent. Wéi ech Finanzminister gi si war de Spëtzesteiersaz bei de Privatpersoune 57 Prozent. Mat der Solidaritéitssteier déi op 10 Prozent war, hunn d’Leit 67,25 Prozent Spëtzesteiersaz bezuelt, haut sinn dat 38 Prozent. Deen éiwege Run, d’Course no nach méi nidderege Steiersätz ass mat mir net ze maachen. Meng Partei ass an d’Wale gaangen 2004, mir hu gesot, mir géifen d’Steieren net erofsetzen. Déi aner hunn de Géigendeel gesot. Ech kann awer elo net, well déi aner eppes versprach hu wat net ze halen ass, elo dat maache wat meng Partei op meng Recommandatioun hin am Wahlprogramm, an hirem Wahlprogramm ausgeschloss huet.

Mir hu jo och an deem Steierpak fir d’Joer 2008, deen elo vum Parlament votéiert ginn ass, och eng Rei vun interessanten Initiativen am Beräich vun der Betribsbesteierung ugeluecht. Alles dat wat Patenter, wat intellektuell Propriétéit ubelaangt ass jo nei geregelt ginn. Dofir maachen ech och nei Opportunitéitspistë fir Investissementer déi haut net stattfannen, zu Lëtzebuerg stattfannen ze loossen. Elo diskutéiere mer am Laf vum Joer mat de Patronatskreesser doriwwer an da probéiere mer dat hinzekréien. Mä déi Virstellung mir géifen eng Besteierungslandschaft kréie wou een nach just vun der Landschaft eppes mierkt, mä vun der Besteierung näischt méi, déi ass net déi déi ech hunn.

Jay Schiltz: Dir hutt Iech dëser Deeg och geäussert iwwert déi héich, fir net ze soe vläicht iwwerdriwwe Managerpeien, déi queesch dorëmmer bezuelt ginn. Engersäits heescht et ëmmer, aus Compétitivitéitsgrënn mussen d’Betriber Avantagë gemaach kréien, reit dat sech an déiselwecht Ordre d’idées eran?

Jean-Claude Juncker: Dat ass einfach Roserei déi ech emfannen an Zoustänn déi ech als ongerecht aschätzen an déi d’Erklärung vu Politik schwiereg maachen. Kuckt mol, mir ass eppes an Erënnerung bliwwen, well mat deenen héige Managergehälter beschäftegen ech mech schonn e puer Joer am Eurogrupp. Dat gëtt elo e bëssen héich geklappt, well gläichzäiteg eng Diskussioun an Däitschland ass. Ech war eng Kéier an der Tagesschau, no enger Sétzung vum Eurogrupp, do hunn ech do doctement erkläert, elo misst ee Lounzréckhalung maachen, Lounmoderatioun, dat misst am Gläichschrëtt mat der Productivitéit goen an d’Leit misste verstoen, datt ee net ëmmer kënnt méi verdingen, wann een net ëmmer gläichzäiteg seng Aarbecht méi produktiv géif gestalten an dat huet mer gutt gefall wat ech do gesot hunn an dunn ass hannedrun eng nächst Nouvelle komm, datt iergendeen Typ an Däitschland, deen ee Betrib an d’Mauer gefouert huet, 60 Milliounen Euro Ofgangsentschiedegung kritt. Verstitt Dir, wann een dann zu Berlin Kreuzberg oder zu Bad Kreuznach, fir am Buchstaw ze bleiwen, sëtzt an et huet ee keng Aarbecht, et ass een Hartz IV Empfänger, da kann ech mer ongeféiert virstelle wat dee sech denkt, wann deen héieren huet wat ech do just virdru gesot hunn an héieren huet wat dann duerno komm ass. Keen ass esouvill wert, keen, keen, dee gëtt et net, datt en 800 mol méi verdingt wéi den Duerchschnëttsverdinger a sengem Betriber. Dat ass eng ongerecht Welt. D’Leit akzeptéieren dat och net. Ech akzeptéieren et net, d’Leit akzeptéieren et net, datt een e puer honnertmol méi verdingt wéi een aneren, deen a senger Firma schafft. Also ech weess jo och, datt et där ganz dichteger gëtt an ech weess och, datt et där gëtt, déi méi lues sinn, mä et ass keen 800 mol méi séier wéi déi aner an d’Leit akzeptéieren dat net a si hu Recht, datt se dat net akzeptéieren. Esou däerf d’Welt net sinn a wéi ech ugefaangen hu Politik ze maachen, hat ech mer eignetlech gewënscht, et géif just ëmgedréint goen an ech stellen elo fest, mat grousser Batterkeet, datt et an déi aner Richtung gaangen ass, datt déi déi hu méi kréien an datt déi déi net genuch hunn, net dat Kréie wourop se ee Recht hunn. Ech sti fir keng aner Politik an deem Beräich.

Jean-Claude Franck: Wat sot Dir dann engem Yves Mersch an och engem Jean-Claude Trichet wa se soen, den Index misst a Fro gestallt ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir si mat der Belsch dat eenzegt Land vun deene 27 europäesche Länner a surtout vun deene 15, well am Januar kréie mer Malta an Zypern an den Euroraum bäi, 15 Eurolänner, déi automatesch Indexéierung vu Léin a Gehälter hunn. Et gëtt nëmme ganz wéineg Länner vum Fonds monétaire international, do gëtt et der iwwer 190 déi dat hunn. Do muss ee sech froen, ween iert sech do, déi déi en hunn oder déi en net hunn?

Ech sinn een Unhänger vun der Indexéierung, wa se raisonnabel geschitt, dat heescht, wann ee sech an Zäite wou et méi schwiereg gëtt, drop verstännegt, mat de Sozialpartner, eng Rei vu Streckungsmodulatiounen ze maachen, wou d’Leit während enger gewëssener Zäit de vollen Ersatz vun der Inflatioun net kréien, mä en duerno awer kréien. Ech sinn do dofir, well ech ee Mënsch sinn, deen op sozial Equiliberen an engem Land hält. Et gëtt einfach vill Betriber an deene vill Leit schaffen, déi keng Kollektivverträg hunn an ech behaapten, och wann de Géigendeel gesot gëtt, datt wann et d’automatesch Indexéierung vun de Léin a Gehälter net géif ginn, datt déi Leit onwahrscheinlech staark ënnert der Deierecht ze leiden hätten, well an der Peitut d’Gewerkschaften iwwert de Wee vu Kollektivvertragsverhandlungen net kënnen dofir suergen datt nogefëllt gëtt. An dofir, an engem klenge Land ass et wichteg, datt ee sozial Kohesioun behält an et kann net sinn, datt déi grouss Betriber wou d’Leit schaffen, d’Banken an anerer, iwwert de Wee vu Kollektivvertragsverhandlungen Inflatiounsausgläich kréien an datt déi déi an der Epicerie schaffen dat net kréien. Ech sinn och fir déi déi an der Epicerie schaffen an dofir sinn ech fir eng raisonnabel Form vun automatescher Indexupassung. Déi hu mer de Moment a bis haut konnt och nach kee mer beweisen, datt d’lëtzebuergesch Wirtschaft enorm vill u Compétitivitéit u comparativer Compétitivitéit verluer hätt duerch dee System dee mer hunn. Doriwwer zerklappen ech mech mam Här Mersch, doriwwer zerklappen ech mech mam Här Trichet a mir klappen eis nach ganz laang virun, well si wäerten et net fäerdeg bréngen, datt mer dat einfach esou, just well si dat gären hätten, obschonn ech net verkennen, datt et gutt Argumenter gëtt fir dat ze maachen, datt mer dat ofschafen. Mir schafen den Index net of, mä mir moduléieren en, wann d’Noutwennegkeet vun der Modulatioun ginn ass.

Jean-Claude Franck: Radio 100,7 domadder ass et halwer eng. Mir fuere viru mat engem ganz kuerzen Noriichteniwwerbléck. De Staatsminister bleift awer nach eng ganz hallef Stonn bei eis am Studio. Notamment geet och nach rieds iwwert d’Bommeleeëraffaire, d’Gesellschafts- an d’Parteiepolitik.

Noriichteniwwerbléck

Jean-Claude Franck: A bei eis am Studio a Riicht eraus fir déi nächst hallef Stonn och nach wéi gesot de Jean-Claude Juncker. Jean-Claude Juncker, d’EU-Kommissioun konkretiséiert hire Verdacht géint verschidden europäesch Cargo-Fluggesellschaften, dorënner och d’Cargolux. Sitt Dir als Staatsminister iwwer déi rezent Entwécklungen informéiert, wou de Staat jo och ënnert anerem iwwer d’SNCI bei der Cargolux Actionnaire ass?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Jean-Claude Franck: A wéi konkret sinn déi Verdachter?

Jean-Claude Juncker: Ech ka mech zu deene Verdachtsmomenter do net äusseren. Ech hat an deene leschte Woche Sitzunge mat de Kollege Lux a Krecké, Transport a Wirtschaft, fir eis déi Fro unzekucken. An ech mengen, datt et net ganz vill Sënn mécht, well elo do Prozedure lafen, datt een ëffentlech Erklärungen dozou ofgëtt, déi jo net noutwennegerweis dann esou interpretéiert ginn, wéi wa se der Cargolux kënnten aus där Situatioun, an där si net alleng ass, eraus hëllefen. Mä mir suivéieren dat. Net eréischt zënter datt et an der Zeitung steet.

Jean-Claude Franck: Elo wou et op d’Enn vun dëser Legislatur zougeet, geet et de Staatsfinanze jo nees besser. An engems sitt Dir awer zënter e puer Méint elo mat de Gehälterrevendicatioune beim Staat konfrontéiert. Kënnt Dir dat als Regierungschef eigentlech toleréieren, wann d’Léierpersonal seet, mir akzeptéieren eng Schoulreform just wann och d’Peie vum Léierpersonal gehéicht ginn?

Jean-Claude Juncker: Dat sinn emol zwou Saachen, oder 14 Ënnerfroen an Ärer Fro. De Staatsfinanze geet et besser, mä de Staatsfinanze geet et nach net gutt. Et gëtt heiansdo zwar de Versuch an der Regierung esou ze maachen, wéi wa mir déi Finanzsituatioun am Grëff hätten, mä dat ass net meng Meenung.

Mir hunn am Budget vum Zentralstaat, Staat, Établissements publiques, Investitiounsfongen, am Joer 2007 en Defizit vun nobäi 400 Milliounen, a mir hunn am Joer 2008 en Defizit vun iwwer 500 MiIliounen Euro. Also ech deelen déi Meenung net, déi doranner besteet, an déi och vun interesséierter Säit dauernd pousséiert gëtt, wéi wann elo eis Finanzproblemer beim Staat geléist wieren.

Mir hu keen Defizit méi, wann ech Gemengen, Sécurité sociale a Staat zesummen huelen, mä wann ech de Staat alleng huelen, hu mir nach ëmmer en Defizit. Fir dee si mir zoustänneg, an dee musse mir lues a lues ofdroen, och wa mir deen net ganz ewech kréien, well mir jo iwwer 3,5% vum PIB iwwer de Staatsbudget mussen an d’Pensiounskeesen als Reserveopstockung aféieren. An et gëtt keng politesch Majoritéit fir dee System ofzeschafen. Also am rengen Zentralbudget vum Staat hu mir en Defizit, an duefir ass et elo net fir hei de Larifari ze maachen. Dat ass dat éischt.

Ech sinn also net der Meenung, datt mir eis Finanzproblemer alleguer geléist hunn, egal wat gesot gëtt, mir hu se net alleguer geléist. Et gëtt behaapt, well ee gären hätt, an ech soen net, d’Finanzsituatioun ass net begrenzt, well ech net wëll ginn, mä well se ganz einfach net begradegt ass. Dat muss een einfach wëssen. Do Kulissenschieberei ze maache virun de Walen an esou ze maachen, wéi wann een elo jiddwerengem alles kënnt gi wat hie gären hätt, dat sollen déi aner maachen, ech maachen dat net mat.

Dat zweet, déi Debatt déi d’Schoulmeeschteschgewerkschafte féieren ass an engem Punkt net akzeptabel. Et geet net, datt ee sech enger absolut noutwenneger Schoulreform verweigert, a sech weigert bei hirer Ëmsetzung ze hëllefen, well ee mat der Regierung Sträit iwwer d’Geld huet. Dat geet net. An der Schoul geet et em d’Kanner, éischtens em d’Kanner, zweetens em d’Kanner, drëttens em d’Kanner, véiertens em d’Zukunft, an dat ass genee dat selwecht.

An dann ass et net fir Gehälterdiscussiounen ze vermësche mat noutwennege Reformen, déi wierklech musse kommen. An déi Reform, déi d’Madame Delvaux bei dem Ofännerungsversuch vum Gesetz vun 1912 an d’Wee geleet huet, déi geet absolut an déi richteg Richtung, a fënnt meng ganz Zoustëmmung.

Dat zweet ass, ech kann net soen, datt ech kee Verständnës hätt fir dat wat vill Jofferen a Schoulmeeschtere soen. Ech kann dat wierklech net soen. An ech weess aus menger eegener Kannererfahrung eraus, wéi wichteg datt et ass fir gutt Schoulmeeschteren a gutt Léierpersonal an der Primärschoul ze hunn. Ech hat der dräi zu Bieles/Metzerlach, an déi waren allen dräi ganz gutt, an ech sinn deenen dräi bis haut onendlech dankbar, well ech ëmmer fannen näischt wier eigentlech méiglech gewiescht, wann déi Schoulmeeschtere sech net esou em mech an em anerer, och em d’Immigrantekanner bekëmmert hätte, wéi si dat gemaach hunn.

Dat ass also ee Beruff, deen a mengen Aen extrem héich Bedeitung huet, an déi Leit hunn eng individuell héich Responsabilitéit, an ech fannen datt där och muss Rechnung gedroe ginn.

Dat ka mech awer net dovun ofhalen festzestellen, datt anerer wéi d’Schoulmeeschteren an d’Léierinnen, wa mir do eppes maachen, sech un deem Zuch, wat emol kee richtegen Zuch wier, géifen unhänken. Mir musse jo awer als Regierung dat Ganzt gesinn. An d’Ministeren Delvaux a Wiseler si jo elo am gaange mat de Gewerkschaften doriwwer ze schwätzen, dann hoffen ech, datt mir an deenen nächste Méint Verständnes op där enger an op där anerer Säit fannen, fir hei zu engem einvernehmleche konsensuelle Resultat ze kommen. Dat halen ech fir ganz schwiereg, well sech un déi Fuerderunge vum Léierpersonal onendlech vill aner Fuerderungen uknäppen, déi net esou berechtegt sinn.

Als Schoulmeeschteschgewerkschaft eng Fuerderung ze formuléieren ass eng Saach, als Regierung op déi Fuerderung anzegoen, se ze erfëllen ouni gläichzäiteg aner Revendicatiounen och mussen ze erfëllen, ass eng ganz schwiereg Saach. An et soll een elo déi Ministeren a Rou gewäerde loosse mat de Gewerkschaften doriwwer ze diskutéieren, an da kucke mir eis dat am Endergebnis emol am Fréijoer un.

Éischter geet et net, dat ass kee schlechte Wëlle vun der Regierung. Mir musse mat ville Leit doriwwer schwätzen, d’Gewerkschafte vum Léierpersonal brauchen dat net. D’Regierung muss dat maachen, well mir si Patron vu jiddwerengem, an net nëmme vun enger Kategorie, déi mir awer besonnesch un d’Häerz gewuess ass.

Jay Schiltz: Hutt Dir dann den Androck, datt bei de Gewerkschaften déi Perceptioun vun der Problematik esou ass, wéi Dir se elo duergestallt huet, dat heescht kloer op där enger Säit ze soen, et geet em d’Reform, dat sinn d’Kanner, an dat anert ass eng aner Discussioun, oder gëtt do volontairement de Meli-Melo gemaach vun deem engen a vun deem aneren?

Jean-Claude Juncker: Heiansdo beim Liesen a beim Nolauschteren hunn ech den Androck, dat eent schwappt an dat anert eriwwer, an ech fannen dat net gutt.

Mir hu Problemer, evidenterweis, an der Primärschoul, an déi Problemer mussen do geléist ginn. An et ass jo onendlech wichteg, ech brauch doriwwer net laang hei ze referéieren, datt d’Kanner am éischten, zweeten, drëtten, véierte Schouljoer richteg ofgeholl ginn, individuell virubruecht ginn. Wien do net richteg vun der Plaz kënnt, deen huet ee lieweslaangen Handicap, dat ass einfach esou. Heiansdo mengt der dat kéint net esou sinn, mä et ass awer esou.

Ech hu jo awer vill Kollegen déi bei mir an der Primärschoul waren, an ech gesi wien do vun der Plaz komm ass, a wien do mat vill Schwieregkeeten am Rescht vum Liewen ze kämfen hat. An alleguer déi Schwieregkeete leien an der Primärschoul. An déi hu sech nu wierklech Méi ginn, massiv Méi ginn, déi Schoulmeeschteren déi ech do zu Bieles hat.

A mir mussen déi Problemer léisen, ob mir elo an där Gehälterfro do eens ginn oder net. Ech hoffen datt mir eens ginn. Dat ännert näischt drun, datt mir Problemer an der Primärschoul hunn, déi musse propper an d’Rei bruecht ginn.

Jean-Claude Franck: Bei de Proffe war et jo esou, do gouf et en Accord iwwer d’Tâche, wou Dir jo och dru bedeelegt waart. Kënnt Dir Iech virstellen, datt dat beim Léierpersonal aus dem Primär a Préscolaire d’selwecht geet, datt och iwwer d’Tâche muss geschwat gi wann och iwwer Gehälter geschwat gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen et mécht net ganz vill Sënn, datt ech elo déi Verhandlungen déi déi zwee Ministeren Delvaux a Wiseler féieren, datt ech déi nach verkomplizéieren duerch meng Spréch déi ech hei op Ärer Antenn lassloossen. Loosst déi Leit gewäerden, déi probéieren dat an d’Rei ze kréien, an da kucke mir eis dat un.

Jay Schiltz: Eng aner interessant Discussioun bleift an ass ëmmer déi iwwer d’Renten. Dir huet virgëschter am Jeudi nees virun der Rentemauer gewarnt. Dir schéngt nach ëmmer deen Eenzegen ze sinn, dee virun där Mauer warnt. Muss déi nächst Regierung do net, egal wéi eng Zesummesetzung et ass, sech sérieux mat deene Pensiounen auserneesetzen, fir den Zuch net ze verpassen?

Jean-Claude Juncker: Déi lescht Regierung hätt dat misse maachen, a virun där leschter déi virlescht Regierung, an déi nächst ouni all Zweiwel och, an dës misst et och maachen. Si mécht et awer net an deem gebuedenen Ëmfang, well zu Lëtzebuerg eng absolut Weigerung besteet, an de Käpp an am Gespréich, sech deem Problem do responsabel géintiwwer ze behuelen.

Ech bleiwe bei menger Ängschtlechkeet, déi awer eng duerch Zuele erluegte berechtegt Angscht ass, datt op d’Dauer bei minimalem wirtschaftleche Réckgank dee Renten- a Pensiounssystem net ze halen ass dee mir hunn, an datt déi nächst Generatioune musse ganz zolitt an d’Täsch gräife fir eiser Generatioun, da si mir nämlech esou wäit, d’Renten an d’Pensiounen ze bezuelen.

An ech bréngen et net fäerdeg well d’Leit soen, de Juncker vergonnt eis näischt, dee wëllt eis d’Rente kierzen, dee wëllt eis d’Pensiounen ewech huelen, de Leit ze erklären, datt awer do een neit Iwwerleeës muss stattfannen. Mir ginn all Joer dräi Méint am Schnëtt méi al, an 20 Joer sinn d’Leit méi laang an der Pensioun, wann et bei der aktueller Aarbechtszäitregelung bleift, wéi se am aktive Liewe stinn. An déi Virstellung, datt dat keng Konsequenzen hätt op d’Ofsécherung vun der zukënfteger Finanzéierung vun eiser Sécurité sociale, ass eng aberwitzeg Virstellung. Mä ech sinn a mengen Explikatiounsversich bis haut ëmmer brutal gescheitert, well d’Leit einfach soen, dee wëll eis eppes ewech huelen. Neen, neen, ech hätt gären, datt hir Kanner eppes kréien.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, déi nächst Regierung kënnt wahrscheinlech net dolaanscht fir onpopulär Moossnamen ze huelen an deem do Beräich?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn Iech et 100%eg, datt se dat net mécht. Ech hunn an all Regierung an där ech war dee Problem do ëmmer erëm opgeruff. D’Leit wëllen net, datt d’Politik eppes mécht. D’Leit renne léiwer an d’Mauer. Mä enges Daags klackt et, an da muss eppes gemaach ginn.

Jean-Claude Franck: Et ass awer en Aarbechtsgrupp zesummen, ass dat da just fir schéin ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Majo neen, ech hoffen datt deen Aarbechtsgrupp sech mat der Problematik beschäftegt, esou wéi se sech stellt, an datt jiddweree sech an de Spigel ka kucken, wann e viru behaapt, et géif kee Problem bestoen.

Ech soen, datt Problemer bestinn, an datt et gutt ass, besonnesch an deem Beräich do, grouss Problemer ze léisen esoulaang wéi se kleng sinn. A wa mir einfach alles sech virun entwéckele loossen, just well mir fäerte mir géifen d’Wale verléieren, wa mir hei géifen agräifen – an dat fäerte sämtlech politesch Parteien – da maache mir eis Aufgab net.

Jay Schiltz: Mä wat hënnert dann eigentlech d’Politik dodrun? Ass dat da just elektoral, dat kann et jo awer wuel net sinn, oder ...

Jean-Claude Juncker: D’Leit hënneren d’Politik dodrun. D’Leit wëllen net an deem Beräich Ännerungen a Kaf huelen, vun deene se mengen, si géifen zu hirem Nodeel ausgoen. Hei ass een totalen Ofleenungszoustand an eiser Populatioun fir iwwer déi Froen ze schwätzen. An déi Politiker, ech hunn dat jo oft erlieft, bis zu onméigleche Situatiounen eran, déi soen, esou geet dat op d’Dauer net virun, déi schloen d’Rad.

Jean-Claude Franck: An Ärem Koalitiounsaccord vun 2004 gëtt et en anere Sujet, deen zwar am Koalitiounsaccord vill Säite fëlt, deen awer och nach net richteg ugaangen ass, huet een op d’mannst den Androck, den IVL. Kënnt Dir domat liewen, datt deen just nach an der Theorie existéiert, an nach net a Wierklechkeet?

Jean-Claude Juncker: Neen.

Jean-Claude Franck: A firwat bréngt d’Regierung et net fäerdeg sech do eens ze ginn, eng gewëssen Harmonie och vläicht duerzestellen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net datt do extrem vill Disharmonie an der Regierung selwer besteet, do gëtt et ënnerschiddlech Usiichten iwwer Rythmusen, oder Rythmen, an deenen ee bestëmmte Saache muss maachen. Mä hei ass d’Regierung net alleng um Drücker. Hei mussen d’Gemenge mat maachen, hei mussen d’Leit mat maachen, hei mussen allméiglech soziologesch Kombinatioune bereet sinn, Verhalensmusteren ze iwwerpréifen, dat brauch Zäit. Mä ech halen dat fir eng wiesentlech, e wiesentlechen Deel vun eiser Zukunftsbestëmmung.

Ech sinn och frou, datt eenzel Parteien elo ufänke sech emol e bësse méi konkret zu deem ze äussere wat dann do muss geschéien, notamment d’CSV. Ech si jo nawell zefridden, wa meng eegen do sech e bësse bewegen.

Jay Schiltz: Mä wann een et an der Praxis esou kuckt, da schéngt et awer, wéi wann deen een net géing wësse wat deen anere mécht. Ech huele konkret de Fall Wickréng. Do gëtt den Här Boden d’Autorisatioun fir dee Supermarché do ze maaachen, an de Jean-Marie Halsdorf als Inneminister seet, dat ass net IVL kompatibel. Schwätzen déi dann net mateneen?

Jean-Claude Juncker: Esou geet dat net. Et ass wéi hei an der Redaktioun, do huet jiddweree seng Aufgab, an Dir loosst Iech jo an Är Chefredaktioun och net vu jiddwerengem draschwätzen, dee mengt e géif dat esou kënne wéi Dir, well Dir sitt der Meenung, Dir kënnt dat besser wéi si, wat och wahrscheinlech stëmmt.

Jay Schiltz: Merci.

Jean-Claude Juncker: Jo, esou gesinn ech dat vu baussen. Hei banne gesi se dat vläicht anescht.

Jay Schiltz: Dat ass och richteg.

Jean-Claude Juncker: Den Här Boden ass Mëttelstandsminister, an deen huet ee Gesetz ze applizéieren. An dat Gesetz schreift him vir, bei wéineg Spillraum, wéini datt hien Autorisatioune ka ginn, a wéini datt hien Autorisatioune ka refuséieren, a wéini datt hien eigentlech Autorisatioune muss ginn, well soss wann deen, dee gäre baut, loosse mir dat emol esou ausdrécken, dee gären investéiert, op d’Geriicht geet, da gëtt den Här Boden ëmgekéiert mat senger Meenung, déi hie géint säi Gesetz getraff hätt.

Den Här Halsdorf als Landesplanungsminister huet eng aner Responsabilitéit an huet manner juristesch Kaderen. Den Här Boden huet juristesch Kaderen déi hie muss respektéieren. Elo kënnen déi zwee 100 mol matenee schwätzen, dat änner näischt um Kader.

Den Här Boden muss op Grond vu sengem Gesetz décidéieren, an den Här Halsdorf muss op Grond vu semgem Iddiëkatalog opinéieren. Elo weess ech, datt dat an der Ëffentlechkeet ëmmer gelunge wierkt, wann deen ee lénks an deen anere riets jäitzt, mä dat ergëtt sech aus der Gesetzeslag, an do gi Prozesser gefrot, an do mat deene Saache kënne mir net spillen.

Jay Schiltz: En aneren Dossier, deen Iech och besonnesch um Häerz läit, dat ass de Wunnengsbau. Dir huet zwee mol hannert eneen an Ärer Déclaratioun zur Lag vun der Natioun e mea culpa gemaach, a gesot, do si mir net viru komm, dat Wunne gëtt ëmmer méi deier hei zu Lëtzebuerg. Elo huet de Minister Boden säi Pacte-logements-Gesetz op den Instanzewee ginn, de Staatsrot formuléiert 11 Oppositions formelles. Wéi ass dat dann elo mat der Wunnengsbaupolitik? Kritt dat dann elo ...

Jean-Claude Juncker: Genee esou wéi Dir se beschreift. Et ass net einfach fir se ze änneren, well do gëtt et ganz vill Widderstänn, vill interesséiert Widderstänn, an déi expriméiere sech an deene verschiddenen Avisen déi kommen. An elo muss ee Stéck fir Stéck déi Widderstänn déi et gëtt ofdroen, fir dann zum Kär vun der Léisung ze kommen. Jidderfalls kann dat jo net esou viru goe wéi et am gaangen ass, datt dräi Generatioune mussen zesummekraze fir datt een en Terrain ka kafen. An déi Propositiounen déi d’Regierung gemaach huet, notamment de Minister Boden, déi ginn an déi richteg Richtung. A mir mussen och un där Richtung festhalen.

Jean-Claude Franck: Domat eriwwer vläicht bei en aneren Dossier dee vill an der Discussioun stoung déi lescht Wochen, d’Affaire Bommeleeër. Dir sot a rezenten Interviewen, Dir wiert frustréiert, datt géif behaapt ginn, de Staat dee wéilt net d’Wourecht soen? Déi Discussioun iwwer d’Onofhängegkeet an d’Transparenz vun den Institutiounen déi ass Iech wahrscheinlech dann immens wichteg, an Dir huelt déi wahrscheinlech och ganz eescht?

Jean-Claude Juncker: Jo, obschonn ech mengen, datt Dir elo e bëssen d’Kategorien do vertesselt.

Meng Frustratioun kënnt dohier, mäin Ierger och, datt et eis net gelongen ass, eis, dem Staat au sens large du terme – et ass jo keng Regierungsaffaire, mä eng Affaire vun der Police a vun der Justiz – déi Affaire do opzeklären.

Ech weess och, datt et am Ausland och schlëmm Affaire gëtt, esouguer méi schlëmm Affairen, Tueur du Brabant an der Belsch, ongeféier déi selwecht Zäit stattfonnt wéi d’Bommeleeërgeschicht, wou 28 Leit ëmbruecht gi sinn, wou bis haut nach guer näischt vun de belschen Autoritéiten erausfonnt ginn ass, datt et also ëmmer gëtt, weess ech.

Mä ech soen op engem klengen Territoire, wann do esou vill Attentater stattfannen, misst et méiglech sinn där Léisung awer méi no ze kommen. An doriwwer sinn ech frustréiert, well ech och weess – ech héieren dat jo op der Strooss, a bei de Kollegen déi mir dat rapportéieren – wou se soen, voilà déi Déck stiechen all ënnert enger Decken, hei gëtt alles gemaach fir ze verhënneren, datt opgekläert gëtt.

An dat mécht mech verdrësslech, well dat d’Vertrauen an de Staat zersetzt. Or, besonnesch an engem klenge Land brauch een en intakt Vertrauen an d’Staatsorganer fir datt d’Leit kënne roueg an engem Land zesumme liewen. An duefir reegt dat mech gewalteg op, an duefir hätt ech och gären, datt déi Affaire do opgekläert gëtt. Mä ech ka se net opklären, ech sinn net Enquêteur, ech sinn net Parquet, ech sinn net Untersuchungsriichter, ech sinn net Riichter, déi aner Ministeren och net, mir kënnen also ëmmer nëmmen däitlech maachen, datt mir gären hätten, datt déi Enquête esou viru gefouert gëtt, datt se Resultater weist. Ech hätt gären, datt bekannt gëtt wien dat war.

Jay Schiltz: Huet et Iech iwwerrascht déi Révélatiounen déi de Procureur Roby Biever virun dräi Woche gemaach huet, andeems hien zwee Gendaarme vun deemools inculpéiert huet?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dat net ze kommentéieren, gesitt Dir, ech hu se jo net inculpéiert, an d’Regierung huet se net inculpéiert. De Procureur muss wësse wat hie mécht, d’Untersuchungsriichterin muss wësse wat si mécht, ech denken och, datt déi wësse wat si maachen.

Datt ee méi laang schonn hätt kënnen de Verdacht hunn – ob deen dann elo 100%eg zoutrëfft, weess ech net – datt Explikatioune fir déi Virgäng an deem Apparat leiën deen heiansdo duefir zoustänneg war fir a) ze verhënneren, a b) opzeklären, dat ass jo net total aus der Loft gegraff gewiescht. An elo huet dat sech an déi Richtung zoubewegt, zu Recht oder zu Onrecht, ech kann dat net aschätzen.

Jean-Claude Franck: Wann Dir d’Regierung nach eng Kéier ze forméieren hätt, géif Dir d’Ressorte Police a Justice nach eng Kéier zesummeleeën?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech halen dat fir eng total Aberratioun fir ze mengen an där konkreter Affaire Bommeleeër hätt déi Tatsaach, datt dee selwechte Minister fir d’Justiz zoustänneg ass wéi fir d’Polizei, iergendwéi zur Konsequenz gehat, datt déi Affaire net géif opgekläert ginn. Dat ass jo e bëssen eng brutal Ënnerstellung. De Justizminister deen huet säint ze maachen, an de Polizeiminister huet säint ze maachen. A wann dat der zwee sinn, géifen déi näischt anescht soen, wéi de Justizminister Frieden an de Polizeiminister Frieden de Moment all Kéier, an deem Rayon fir dee se sech expriméieren, soen.

Jay Schiltz: Mä géif dat net awer vläicht no baussen en anert Signal ginn, wéi wann alles ënnert enger Kap ass? Den Här Frieden huet et jo net esou einfach, andeems datt en op där enger Säit als Policeminister dem Policedirekter muss de Réck stäipen, an anerersäits als Justizminister?

Jean-Claude Juncker: Elo grad huet Dir gesot, den Här Boden, den Här Halsdorf déi géifen net dat selwecht soen. Huet Dir dat léiwer? An hei ass elo een, dee Justizminister ass, an e seet wat en als Justizminister ze soen huet, an hien ass och zoustänneg fir d’Polizei, an an där Qualitéit seet hien dat, wat hien an deem Rayon ze soen huet. Ausserdem ass de Justizminister jo net deen, deen alles muss richteg oder falsch halen a kommentéiere wat an der Justiz gemaach gëtt.

Wat ass dat eigentlech fir eng Virstellung, datt de Justizminister géif soen, d’Untersuchungsriichterin huet Onrecht fir dat ze maachen? Dat ka jo net sinn. Huet de Polizeiminister gesot si hätt Onrecht? Neen. Huet de Polizeiminister eppes anescht gesot wéi de Justizminister? Neen. E ka jo net, well et ass dee selwechten.

Wou wiere mir dann drun, wann et zwee verschiddener wieren, déi zwou ganz verschidde Saache géife soen, da géif Dir mech froen, wier et net besser, wann een dat eigentlech alles ënnert een Hutt géif kréien. Dir waart jo elo grad no drun, fir ze soen, de Mëttelstandminster misst Landesplanungsminister ginn.

Jay Schiltz: Et kënnt vläicht nach.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net.

Jean-Claude Franck: Eng vun den Thematike mat där d’Regierung sech déi nächst Wochen a Méint vläicht och nach beschäftegt, ass, datt och homosexuelle Koppelen dierfe Kanner adoptéieren. Et ass gesot ginn am Ufank vun 2008 géif do eng Décisioun geholl ginn. Huet de Staatsminister do eng perséinlech Meenung scho geholl?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d’éischt emol soen, dat ech fannen, datt et bei der ëffentlecher Kommentéierung jo grouss Lacunen hei am Land gëtt.

Mir hunn elo eng Reform gestëmmt am Besteierungswiese vun de physesche Persounen, wou déi Leit, heterosexuell oder homosexuell, déi net bestuet sinn, mä per Vertrag zesumme liewen, an dat domat och no baussen däitlech maachen, elo déi selwecht Rechter kréie wat d’Steieren ubelaangt wéi déi bestuete Koppelen.

Et ass natierlech méi liicht ze soen, d’CSV ass zu gesellschaftspoliteschem Fortschrëtt net fäheg, wéi zur Kenntnis ze huelen, datt do eppes geschitt ass, wat bal keen anert Land an der Europäescher Unioun huet. Mir sinn do wierklech Virreider an där Affaire.

Wat elo déi Fro vun dem Mariage vun Homosexuellen ubelaangt, hunn ech meng perséinlech Meenung jo schonn eng Kéier zum Ausdrock bruecht, déi gëtt jo net vun all Mënsch gedeelt, wéi ech du scho wosst, a spéider an Erfahrung bruecht hunn.

An d’Fro vun der Adoptioun vu Kanner duerch homosexuell Koppelen ass eng déi net einfach ze klären ass, an déi Länner déi se geklärt hunn, an där sinn net vill, déi se geklärt hunn, déi hunn an hire Legislatioune grousse Wäert drop geluecht, datt wann homosexuell Koppele kënne Kanner adoptéieren, datt dat nëmme Kanner aus dem nationale Raum kënne sinn, a keng déi aus der Friemt kommen, fir emol al lëtzbuergesch ze schwätzen.

Wa mir elo zu Lëtzebuerg géife soen, datt homosexuell Koppele Kanner adoptéieren, wéivill där Adoptioune mengt Dir dann, datt do maximal am Joer kënne stattfannen angesiichts där relativ reduzéierter Zuel vu lëtzebuergesche Kanner déi zu Adoptiounszwecker – dat ass e schrecklecht Wuert – fräi ginn?

Et ass largement eng theoretesch Fro iwwer där hir Beäntwertung an der Saach, ech, wann ech dat kann esou soen, mir all Mount eppes anescht denken. Eng Kéier soen ech, majo et gëtt jo awer vill Kanner déi bei homosexuelle Koppele grouss ginn, an wat och dichteg a frou Mënsche ginn. Anerersäits soen ech mir dann erëm, jo et ass awer vläicht méi richteg wann een Mann a Fra begéint, wann een e klenge Mënsch ass. An esou segelen ech tëscht enger Meenung déi ech hunn, an där anerer Meenung déi ech dann erëm hunn, an ech bewonneren ëmmer a wichtege Liewensfroen déi Leit, déi ganz genee wësse wéi et geet. Ech gehéieren net zu deenen.

Jay Schiltz: En anert grousst Thema, wou en änlecht hin an hier Segelen an de Meenungen ass, dat ass Palliativmedezin, Euthanasie, aktiv Stierfhëllef. Wéi schwiereg d’Beäntwertung vun där Fro ass, huet notamment e Sträit an Ärer eegener Partei dokumentéiert, wou eng vun Ären Deputéierten, d’Marie-Josée Frank, gemengt hat, een dee fir d’Euthanasie géif stëmmen, hätt an der CSV näischt méi ze sichen. Et gouf do eng viv Reaktioun vun Ärem Fraktiounspresident Michel Wolter, an och Dir huet Iech an déi Discussioun agemëscht. Dokumentéiert dat Spannungsverhältnis d’Schwieregkeet vun där Fro am allgemengen, oder ass dat vläicht just an der CSV, och wou sech do verschidde Meenunge bilden?

Jean-Claude Juncker: Dat ass nun eng onendlech schwiereg Fro. All Fro déi mam Liewen a mam Dout, a mam Enn vum Liewen a mam Ufank vum Dout ze dinn huet, ass jo eppes, vun der Froestellung hier, wat iwwerhaapt net an de Parteiesträit an an de polemesche Raum vun der Ausernanersetzung gehéiert.

Et ass duefir wou ech relativ fréi gesot hat, och viru Joere schonn, dat wier wierklech eng Gewëssensfro, déi all eenzelnen Deputéierte sech misst beäntwerten, an dann och ëffentlech artikuléieren, an dat soll een net an de Parteiesträit ofrëtsche loossen. Et gëtt awer ëmmer erëm probéiert doraus Parteiesträit ze maachen.

Wat ech do liesen iwwer d’CSV, reaktionär, réckstänneg, mat där wier iwwerhaapt näischt an deene Froen do ze maachen, wéi wann d’Beäntwertung vun där Fro eppes mat Réckschrëtt oder Fortschrëtt ze dinn hätt. Et huet eppes mat der Preifung vum Gewëssen ze dinn. An dat ass jo keng einfach Saach.

Déi Ausernanersetzunge mat der Madame Frank, déi si jo net em den Inhalt gaangen, net em d’Saach u sech – d’Saach, ech nennen dat net gäre Saach – déi sinn drëm gaangen ob an enger Fro, wou d’Gewësse vum eenzelnen Deputéierten zielt, déi Tatsaach, datt ee géif sech fir Euthanasie ausschwätzen, näischt a menger Partei ze sichen hätt. Do hu mir net iwwer Euthanasie geschwat, well do si mir eis grosso modo eens, ech kenne keen CSV-Deputéierten dee d’Proposition de loi Err-Huss stëmmt. Ech hu kee begéint, ech hunn och net jiddweree gefrot, well et ass jo eng individuell Gewëssensfro. Mä mir hunn deemools fonnt, datt een net ka soen, datt een deen an déi Richtung tendéiert, an der CSV näischt ze sichen hätt.

Do hunn ech kee Sträit mat der Madame Frank, déi ech respektéiere fir hir Meenungen, a fir dat, wat si duerstellt. Mir hunn iwwerhaapt keen Dissens massivster Natur an der Saach. Et ass drëm gaangen, ob et richteg wier ze soen, een deen do duefir ass, deen huet bei eis näischt ze sichen. Wann et Gewëssensfroe ginn, da sinn et Gewëssensfroen, an déi dréit ee mat sech selwer aus, dat huet näischt mat Lëschten a mat Parteiprogrammer ze dinn.

Jean-Claude Franck: Dir huet um CSV-Kongress zu Mutfert en däitlechen Appel fir eng Moderniséierung vun der CSV gemaach. Wat huet Dir dann do konkret drënner gemengt?

Jean-Claude Juncker: Ech si mir emol guer net bewosst, datt ech dat gemaach hunn, wat Dir mir do an Erënnerung rufft. Ech weess just, datt ech, vun un datt ech an där Partei do täteg sinn, besonnesch mat un éischter Plaz, mech fir déi Moderniséierung gesuergt hunn. Moderniséierung heescht awer net onbedéngt mussen absolut modern ze sinn. Et war nach ëmmer modern, modern ze sinn, an näischt ass méi almoudesch wéi dat, wat gëschter modern war.

Mä et geet mir em deen offene Bléck op d’Gesellschaft. Et geet mir drëm aner Meenungen déi et gëtt ze respektéieren, souwéi et mir drëm geet, datt d’Meenungen déi meng Partei, oder eenzel Protagoniste vu menger Partei hunn, och respektéiert ginn.

Ech hunn eppes géint deen Dénigrementsmodus, dee mir do an der Ausernanersetzung ënnertenee fonnt hunn. D’Leit ginn agedeelt an e fortschrëttlecht, an e réckschrëttlecht Lager. Wann d’Liewen esou einfach wier wéi d’Parteien et duerstellen, da wiere mir schonn op ville Punkte méi wäit, oder manner wäit.

Jay Schiltz: Mir steiere lues awer sécher op eng Auer zou, an domat och zum Enn vun dëser Émissioun. 25 Joer, dat hu mir am Ufank gesot, sitt Dir elo schonn an der Regierungsresponsabilitéit. Huet Dir net heiansdo Loscht ze soen, elo geet et duer, elo halen ech op domat?

Jean-Claude Juncker: Dach, dat hunn ech heiansdo.

Jean-Claude Franck: Wéini waren esou Momenter?

Jean-Claude Juncker: Wësst Dir wann ech Iech hei mat mengem Séileliewen iwwerbeschäftegen, da kommt Dir zevill duercherneen.

Esou Momenter gëtt et. Hei Äre Chefredakteur dee wollt emol schonn heiansdo ophalen. Dat ass esou am Liewen. Wann een eng Aarbecht huet, a wann een op emol fënnt, du gëss der vill Méi, an du probéierst dat gutt ze maachen, an da gesäis de awer datt et vill Leit gëtt, déi soen, dat ass net gutt, dat ass falsch, dat ass verréckt wat deen do mécht, da seet ee sech heiansdo, jo da wier et jo grad esou gutt et géif een aneren dat maachen. An dann erhëlt ee sech erëm. Heiansdo hunn ech déck d’Flemm, an da ginn ech esou duerch d’Stad, a wann ech dann erëmkomme sinn ech erëm gutt, well d’Leit hu mat mir geschwat, dat hëlleft.

Jay Schiltz: Dir denkt awer nach net drun Är Memoiren ze schreiwen?

Jean-Claude Juncker: Aus Rücksiicht op Iech maachen ech dat net. Net esou séier.

Jay Schiltz: Kënnt Dir haut garantéieren, datt Dir an 18 Méint nach eng Kéier mat der CSV an d’Chamberwale gitt?

Jean-Claude Juncker: Ech hat gemengt, ech hätt déi Fro an alle Verästelungen am Ufank vun Ärer Émissioun esou ze beäntwerte versicht, datt Dir mir se net zum Schluss nach eng Kéier géift stellen.

Jean-Claude Franck: Dir huet awer virun zwee Joer um CSV-Kongress gesot, Dir géift mat an d’Wale goen. Dir huet et am Ufank vun dëser Émissioun eben net méi esou kloer gesot.

Jean-Claude Juncker: Mir si jo hei net op engem CSV-Kongress.

Jean-Claude Franck: An da wéi ass et mat 2014? Dorun denkt Dir nach guer net?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mir och iwwer 2019 nach keng richteg Froe gestalt.

Jean-Claude Franck: An domat geet de Riicht eraus vun haut dann op en Enn. Merci Jean-Claude Juncker, datt Dir haut live bei eis am Studio waart.

Jean-Claude Juncker: Merci och, datt Dir Iech awer nach gepackt huet.

Dernière mise à jour