Marie-Josée Jacobs, Discours à l'occasion une conférence-table ronde sur le thème "Publicité et éthique"

Dir Dammen an dir Hären,

Ech hu mueres di immens Chance fir kënnen zu Fouss op d’Aarbecht ze kommen an dobäi gin ech en Deel duerch de Staater Park. Op méngem Wee hunn ech dofir wéineg Publicitéit: kee Radio an och keng Werbeplakater: d’Beem am Park si glécklecherweis nach net verlount fir e genre "ARbribus" draus ze maache - sou wéi et jo schon den Abribus gëtt…

D’Beispill vum Affichage wielen ech net vun ongeféier. An engem Pressecommuniqué vun der d’Stad Lausanne stong, d’Gemeng Lausanne hätt eng Commission ad hoc geschaffe, wou d’Membere vum Gemengerot an der Gemengeverwaltung matt Professionellen aus der Kommunikatioun zesummesëtzen fir d’ethësch Kritèren vu Werbung an der Stad Lausanne ze iwwerdenken an nei festzeleeën.

Dat ass natiirlech nemmen eng vu villen Initiativen an Europa déi ech hei erauspicken. Mee dommader wier d’Fro, op de Respekt vun der Dignitéit vum Mensch an der Werbung e politesche Sujet ass scho beäntwert: Jo, et ass e politesche Sujet, an de Staat als "Service public" huet d’Aufgab sech dësem Thema unzehuelen.

Et brauch ee keng Medienexpertin ze sinn fir festzestellen, datt et ëmmer méi Werbung gëtt. Dofir gëtt si awer net onbedingt och méi gesinn, well an der Moyenne kennt nëmmen e klenge Prozentsatz beim Empfänger oder der Empfängerinn unn, soën d’Experten an d’Expertinnen. Trotzdem huet d’Publizitéit e groussen Impakt op d’Meenungsbildung, besonnesch och op d’Viirstellung déi sech di Jonk vun eiser Welt maachen. D’Werbung beaflosst mat Sécherheet och hiert Verhalen an hiert Denken. E ass dofir wichteg, datt ze léieren matt der Publitéit emzegoen.

D’Werbung huet also ganz kloer eng gesellschaftlech Dimensioun. Kee ka sech haut der Publizitéit entzéien. Si ass omnipräsent an hierer Villfältegkeet. An et ginn enorm Ressourcen dragestach, souwuel finanziell wéi och wat den Opwand un Aarbecht a Leit ugeet. De Staat ass iwwregens och ee vun de gréissten Annonceuren zu Lëtzebuerg.

Et kann a sollt een d’Werbung net als eppes "Schlechtes" duerstellen. Si ass e wirtschaftlech wichtege Faktor an dréit och zur Entwécklung vun eiser Gesellschaft bäi. Doriwwer eraus ka se ganz einfach duerch Humor an Kréativitéit erfrëschend wierken, an enger Welt wou mir dach sou oft mat negativen Neiegkeeten konfrontéiert ginn. Et gëtt awer leider ëmmer erëm Werbung déi d’Wäertgefiller vu Mënsche verletzt an der Meenung op deem Wee hier Produkter oder Servicer besser u bestëmmte Zielgruppen ze brengen. Negatif a stereotyp Rollebiller, déi diskriminéierend a souguer agressiv Texter a Biller weisen, ginn agesat fir d’Opmierksamkeet vu gestresste Passanten oder Lieser /Lieserinnen ze "erhaschen".

D’Werbung kann d’Dignitéit vum Mensch verletzen, souwuel duerch hieren Inhalt wéi och duerch hieren Impakt op de Publik. Dat kann och doduerch geschéien, wann d’Werbung stänneg verschidde Kategoriën vu Leit ausklammert wéi z.B. Fraen ab engem gewëssen Alter, oder d’Diversitéit vun eiser Populatioun - immerhin liewen mettlerweil 160 verschidden Nationalitéiten zu Lëtzebuerg.

Et fënnt een dës Diversitéit vum Publik awer wéineg an der Werbung erem déi dës Villfältegkeet op bestëmmte Kategoriën a Rollen an der Gesellschaft reduzéiert. Publizitéit kann irritéieren wa se z.B. d’Wäertgefiller vu Fraen a vu Männer verletzt oder e verzerrtend Bild vun hiere Rollen an der Gesellschaft erëmspigelt. Si ass a bleift e kontroverséiert Thema. Eng Enquête vum nationale Fraerot vun 2007 huet erginn, datt ronn 15% vun alle befrote Persoune sech daks vu Publizitéitsmessagen irritéiert fillen. An enger Ëmfro vum Chancegläichheetsministère am Fréijoer 2008 wore 56% vun de Fraen an 52% vun de Männer der Meenung, datt d’Werbung kee gläichberechtegt Bild vu Männer a Fraen erëmgëtt.

Sexistesch Werbung ass e grousse Chantier, dee Mir als Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer besonnesch um Häerz läit. Awer d’Thema "Ethik an der Werbung" geet nach doriwwer eraus. 2007 wor d’Joer vun der Chancegläichheet an d’Joer géint all Forme vun Diskriminatioun. An deem Kader huet d’Agence des droits fondamentaux de l'Union européenne en "Diversity Toolkit" erausginn dee fir d’Journalisten als Referenzdokument mat praktesche Beispiller geduecht ass, fir hinnen eng méi "équilibréiert" a gläichberegt Berichterstattung ze erméiglechen.

Um europäesche Plang gin et zënter Joeren konkret Viirschléi fir eng ethesch Approche zou der Publizitéit: Als iéwecht Zil muss een den Artikel 2 vum Traité vun der Europäescher Unioun nennen, deen d’Valeure vum Respekt an der dignité humaine an der EU festleet. Dës Valeuren (ech zitéieren) "sont communes aux Etat membres dans une société caractérisée par le pluralisme, la non-discrimination, la tolérance, la justice, la solidarité et l’égalité entre les femmes et les hommes".

D’Europäesch Kommissioun gesäit an hierer "Feuille de route 2006-2010" d’Medien als wichtege Partner um Wee zur Gläichstellung.

An dësem Dokument heescht et (ech zitéieren):

"Les médias ont un rôle essentiel à jouer dans la lutte contre les stéréotypes liés au genre. Ils peuvent contribuer à donner une image réaliste des compétences et du potentiel des femmes et des hommes dans la société moderne et éviter de les dépeindre d’une façon dégradante et provocante."

No enger animéierter Discussioun an der Assemblée huet de Conseil de l’Europe am Summer 2007 eng nei Resolutioun zu dësem Thema veröffentlecht.

Dës Resolutioun rifft d’Memberstaate vum Europarot dozou op, um nationalen Niveau op dräi Pläng ze handelen:

  • d’Voie réglementaire
  • d’Autorégulatioun
  • an d’Éducatioun

De gesetzleche Kader vun dëser Résolutioun vum Europarot ass d’UNO-Konventioun géint all Formen vun Discriminatioun géint Fraën (di sougenannte CEDAW-Conventioun) déi Lëtzebuerg 1989 ratifizéiert huet a sech dofir och verpflicht d’Mossnahmen ëmzesetzen an déi an hierem Artikel 5 folgendes festhällt:

"Les Etat parties prennent toutes les mesures appropriées pour modifier les schémas et modèles de comportement socioculturel de l’homme et de la femme en vue de parvenir à l’élimination des préjugés et des pratiques coutumières ou de tout autre type, qui sont fondés sur l’idée de l’infériorité ou de la supériorité de l’un ou l’autre sexe ou d’un rôle stéréotypé des hommes et des femmes."

D’Objektif vun dëser Resolutioun vum Europarot gët esou beschriwwen:

Le but de la résolution étant de "faire changer les mentalités et de casser des stéréotypes qui desservent les femmes dans leur lutte pour l’égalité" afin "de permettre à toutes les femmes de voir enfin se refléter leur véritable image dans le monde où elles évoluent chaque jour."

Fir d’Fro, ob Ethik a Werbung e politesche Sujet sinn, weider ze verdéiwen, wëll ech op de Volet vun der "voie réglementaire" agoën: Zu Lëtzebuerg get et um Niveau vun der Gesetzgebung eng Rei Dispositiounen déi en abusiven Emgang an der Werbung verbidde, sief et um Niveau vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer, oder um Niveau vum Respekt vun der Persoun a géint all Diskriminatiounen.

D’Constitution weist drop hin, datt d’Fraen a Männer an hire Rechter a Pflichten gläich sinn an datt (ech zitéieren) "L’Etat veille à promouvoir activement l’élimination des entraves pouvant exister en matière d’égalité entre femmes et hommes."

De Code Penal setzt all Publikatioun vu Biller, Texter, Zeechnungen asw, déi oeffentlech géint d’bonnes moeurs verstoussen ënnert Bestrofung. Hei liese mir am Artikel 385-1 datt (ech zitéieren) "Quiconque aura publiquement outragé les moeurs par des chansons, pamphlets, figures, écrits imprimés, dessins, gravures peintures, emblèmes, images ou par tout autre support de l’écrit, du son, de la parole ou de l’image communiqués au public par la voie d’un média sera puni d’un emprisonnement de huit jours à un an et d’une amende de 251 à 12.5000 euros."

An den Article 385bis viséiert besonnesch de Schutz vum jonke Publikum a säi Schutz géint all "écrits, images, figures ou objets indécents de nature à troubler leur imagination".

An deem Geescht zitéieren ech d’Gesetz vun de Medien vum 27 juillet 1991:

  • den Artikel 6, iwwert den Programminhalt seet, datt d’Programmer missten (ech zitéieren) "respecter les sensibilités intellectuelles et morales du public, se conformer aux bonnes moeurs ainsi qu’aux lois luxembourgeoises et aux conventions internationales en vigueur au Grand-Duché."
  • den Artikel 28 (10) seet dat d’Publicitéit op der Telé (ech zitéieren) "ne doit pas porter atteinte au respect de la personne humaine."

Dat ass den Acquis dee mir haut gesetzlech hunn. Den Europarot proposéiert nieft dem gesetzleche Plang och d’Autoregulatioun méi ze ënnerstëtzen. An dofir hu mir d’Initaitv vun engem Guide de la communciation publique och ënnerstëtzt. An dës Table ronde vun haut soll eng Gelegenheet sinn, fir doriwwer ze schwäetzen.

Haut beschäftegt eis virun allem de Volet Autoregulatioun. Iwwert déi europäesch Dimensioun vun der Autoregulatioun an hieren Impakt op Lëtzebuerg wäert den Herr Lyle eis schwäetzen an ech wëll deem hei elo net virgréifen. Zu Lëtzebuerg besteet säit längerer Zäit e "Code de déontologie" deen de Werbefachleit ethesch Riichtlinië get. Dëse Code ass automatesch fir all Membere vun der MarkCom bindend. Mee wéi steet et doriwwereraus mat den Editeuren, wéi ass de Roll vun der Press an deem Kader. Froën déi op dëser Table ronde wäerten diskutéiert ginn.

Mir hunn elo als Staat wëlle mam gudde Beispill virgoën a schaffen zur Zäit en interne Guide aus, deen eng Rei generell Regelen a méi spezifesch Prinzipiën als Ausgangspunkt opzielt fir eng positif a gläichberechtegt Duerstellung an der Kommunicatiounsaarbecht vum Staat ze garantéieren.

Dëse Guide vum Staat riicht sech un séng eege Mataarbechterinnen a Mataarbechter fir d’Messagen déi vum Staat ausgeschafft ginn. Si behandelt also net de Privatsektor an der Publizitéit. Indirekt adresséiert de Guide sech awer och un all Agencen matt deenen de Staat ponktuell zesummeschafft. Dofir wor et eis wichteg, datt de Guide an Zesummenaarbecht matt der MarkCom realiséiert ginn ass.

D’Regierung huet de Projet am Regierungsrot vum 26. September 2008 guttgeheescht. Den institutionelle Message soll d’Diversitéit vun der Gesellschaft erëmspigelen op eng gläichberechtecht Art a Weis, ouni Wärt-Urteeler ze ginn an ouni d’Gefiller vu Leit opgrond vun hierem Geschlecht, hierem Alter, hierer Hautfaarf, hierer Religioun oder hieren Iwwerzeegungen an hierer sexueller Orientatioun ze blesséieren. De Regierungsrot huet och enger Prozedur zougestëmmt déi et all Biergerinnen a Bierger erméigleche soll sech un de Staat ze wennen wann hien oder si sech vun engem Message vum Service public an deem Kader diskriminéiert fillt. Op deem Niveau ass eng enk Zesummenaarbecht mat der Commission luxembourgeoise de l’éthique en publicité viirgesinn.

Ethik a Publizitéit sinn matteneen verbonnen. De Staat huet seng Roll ze spille souwuel fir bestëmmte Kategorie vum Publik ze schützne, wéi z.B di jonk Leit, mee och fir Meenungsbildung ze beaflossen zugonschte vun engem positiven a gläichberegtechte Bild vun eiser Gesellschaft. All déi déi sech matt Kommunikatioun a matt Werbung direkt oder indirekt befaasse, musse sech hierer sozialer Responsabilitéit nach méi bewosst ginn, well e Code de Deontolgie ass nëmmen dann efficace, wa jiddereen seng Kontributioun dozou get. Ech hoffen, datt mir haut zu dëser Sensibiliséierung eppes bäidroë kënnen.

Ech soen Iech villmols merci a wënschen eis haut de mueren nach e ganz konstruktiven Echange.

Dernière mise à jour