À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg

An dëser Broschür gëtt aus Lieserlechkeetsgrënn déi männlech geneeresch Form benotzt. Dës ëmfaasst all Geschlechtsidentitéiten, am Sënn vun der Inclusioun an der Gläichstellung.

Et gëtt net vill Länner op der Welt, an deenen den alldeegleche Gebrauch vu ville verschiddene Sproochen um ganze Staatsgebitt esou verbreet ass ewéi zu Lëtzebuerg. Dëse Multilinguismus fënnt een esouwuel am Geschwatenen ewéi och am Geschriwwenen, an zwar an alle Liewensberäicher. Am Alldag koexistéieren d’Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch nieft de Sprooche vun 180 Nationalitéiten, déi am Grand-Duché vertruede sinn, virun allem Italieenesch, Portugisesch an Englesch. Dëst spigelt d’Migratiounsbeweegungen an och déi institutionell a finanziell Entwécklung vum Land erëm. Zesumme bilden all dës Sproochen e wichtege Bestanddeel vun der nationaler Identitéit a sinn d’Basis vun der sozialer Kohäsioun.

D’Originnen an d’Entwécklung vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass e sproochleche Melting Pot, deen am Laf vun de Joerhonnerten ënnert dem Afloss vun de groussen europäeschen Autoritéiten entstanen ass. D’Migratiounsbeweegungen am 19. an am 20. Joerhonnert hunn - gradesou wéi den europäeschen Engagement vu Lëtzebuerg - hiren Deel zu dësem Sproochemix bäigedroen. Am Lëtzebuergesche selwer gëtt et germanesch a romanesch Sproochelementer. Et gouf am Laf vu senger Geschicht haaptsächlech als geschwate Sprooch benotzt, ass awer elo amgaang, sech progressiv als Schrëftsprooch ze etabléieren a gëllt als déi éischt Integratiounssprooch fir auslännesch Communautéiten.

D’Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch aus linguistescher Siicht

D’Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch féiert wäit zeréck bis an d’Mëttelalter, méi genee bis an d’5. an d’6. Joerhonnert. Deemools huet de germanesche Stamm vun de Franken sech a groussen Deeler vun Däitschland, Frankräich an der Belsch néiergelooss. D’Franken hunn net all d’selwecht geschwat, se hate vill verschidde regional Dialekter. Aus der fränkescher Varietéit, déi an eise Géigende geschwat gouf, ass spéider d’Muselfränkescht entstanen. Doraus huet sech am Laf vun de Joerhonnerten d’Lëtzebuergescht entwéckelt. Et kann een also soen, datt Lëtzebuergesch eng westgermanesch Sprooch ass, gradesou ewéi Hollännesch an Englesch.

© Privatkollektioun vum Sven Knepper

D’Kaart weist d’Verdeelung a Form vun engem Fächer vun de westfränkesche Sprooche laanscht historesch phoneetesch Grenzen. Dës Grenzen existéieren zënter der germanescher Besidelung. Véier phoneetesch Linnen trennen d’Dialektregiounen, déi vum hollännesche Fränkesche bis bei dat rhäinescht Fränkescht reechen. D’Lëtzebuergescht, eng westmuselfränkesch Varietéit, situéiert sech tëschent de Grenzen Dorp/Dorf an dat/das.

Changementer am Lëtzebuergeschen am Kontext vun de germanesche Sproochen

Am fréie Mëttelalter koum et a Westeuropa progressiv zu enger Lautverschibung an de fränkeschen Dialekter. An der Fréiform vum Lëtzebuergeschen huet dës Lautverschibung sech nëmmen zum Deel duerchgesat, wéi een un e puer konkrete Beispiller erkennt:

t (tëschent Vokaler) → s(s)

Lëtzebuergesch: Waasser

Am Englesche bleift den „t“ stoen: water

p → f

Lëtzebuergesch: Duerf

Am Hollännesche bleift de „p“ stoen: dorp

p ≠ pf

Lëtzebuergesch: Päerd a Kapp

Däitsch: Pferd a Kopf

Lexikalesch Aflëss op d’Lëtzebuergescht

Tëschent dem 10. an dem 15. Joerhonnert huet d’Grofschaft Lëtzebuerg, déi deemools vill méi grouss war ewéi dat haitegt Lëtzebuerg, zum „Heiligen Römischen Reich Deutscher Nation“ gehéiert. Interessanterweis louch Lëtzebuerg um Schnëttpunkt vum romaneschen a vum germanesche Sproochraum. Do ass et net verwonnerlech, datt d’Franséischt de muselfränkeschen Dialekt beaflosst huet. Gläichzäiteg huet d’Laténgescht de Wuertschatz beräichert.

Lëtzebuergesch

Latein

Mauer

murus

Wäin

vinum

Fënster

fenestra

Keller

cellarium

Wierder aus dem Franséischen

Den Afloss vum Däitschen a vum Franséischen op d’Lëtzebuergescht huet och an de Joerhonnerten duerno net ofgeholl. D’Lëtzebuerger Sprooch läit deemno net op der Sproochegrenz, mee op der Intersektioun vu Germania a Romania. Duerch de permanenten Echange mat den Noperen, esouwuel um kulturellen ewéi och um politesche Plang, hunn eng Rëtsch Wierder aus deenen hire Sproochen hire Wee an d’Lëtzebuergescht fonnt. Vill franséisch Wierder goufen onverännert iwwerholl, kruten awer eng nei Betounung. Et fënnt een awer och eng Abberzuel Wierder, déi eng aner phoneetesch Form kruten, an déi een op den éischte Bléck net méi als franséisch Wierder erkennt.

.... mat enger anerer Betounung

 

Lëtzebuergesch

Franséisch

Bi-jou

bi-jou

Pou-let

pou-let

Trot-toir

trot-toir

... mat enger anerer Aussprooch

 

Lëtzebuergesch

Franséisch

Forschett

fourchette

Suen

sous

picken

piquer

fëmmen

fumer

Beispiller vun integréierte Friemwierder

D’militäresch Geschicht huet och hir sproochlech Spueren hannerlooss. Dëst illustréiere Beispiller ewéi Fort, Glacis a Redoute. Nom Zweete Weltkrich ginn ëmmer méi Wierder aus anere Sproochen an d’Lëtzebuergescht integréiert. Déi intensiv international Kontakter, den dräisproochegen Enseignement (Däitsch, Franséisch an Englesch), d’Immigratioun, d’Multikulturalitéit zu Lëtzebuerg an den Afloss vun de Medie bewierken, datt ëmmer méi Wierder aus deene verschiddenste Sprooche bannent kuerzer Zäit hire Wee an d’Lëtzebuergescht fannen:

  • Grande surface
  • Sans-abri, Abseits (fr. hors-jeu)
  • Elteren (fr. parents)
  • Printer (fr. imprimante)
  • downloaden (fr. télécharger)
  • Bungalow

D’Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch aus institutioneller Siicht

1 000 Joer Méisproochegkeet

Lëtzebuerg krut säin Numm vum Castellum Lucilinburhuc, engem latiniséierten alhéichdäitsche Begrëff, dee „kleng Buerg“ bedeit an an engem mëttelalterlechen, laténgeschen Text fir d’éischt ernimmt gëtt. D’Buerg gëtt vum Grof Siegfried  (~919-998) gebaut. Am Laf vun de Joerhonnerte wiisst d’Fläch vun der Grofschaft, a spéider dem Duché, bis se am 14. Joerhonnert 10 000 km2 grouss ass. D’Populatioun ass méisproocheg.

Ënner der franséischer Friemherrschaft, déi 1684 ënner dem Louis XIV ugefaang huet, a méi spéit nach eng Kéier wärend der Presenz vun de franséische Revolutiounstruppen, gëtt de Gebrauch vum Franséischen als Verwaltungs- a Justizsprooch gestäerkt. D’Laténgescht spillt eng ëmmer manner wichteg Roll. Mat der Aféierung vum Code Napoléon am Joer 1804 gëtt Franséisch d’Sprooch vun der Justiz. Am Alldag bleift Lëtzebuergesch awer d’Haaptsprooch am Geschwatenen.

19. Joerhonnert

Nom belschen Onofhängegkeetskrich gëtt Lëtzebuerg am Joer 1839 gedeelt: De westlechen Deel fält un dat belscht Kinnekräich, den ëstlechen Deel gëtt onofhängegt Staatsgebitt. 1842 trëtt Lëtzebuerg dem Däitschen Zollveräin bäi, enger Wirtschaftsunioun, déi vum Däitsche Räich dominéiert gëtt. Däitscht Kapital gëtt investéiert an däitsch Entreprisë loossen sech am Land nidder, wat mat sech bréngt, datt vill qualifizéiert däitschsproocheg Aarbechtskräften an d’Land kommen. No an no setzt Däitsch sech als Haaptsprooch am Beräich vun der Ekonomie duerch. D’Aarbechter selwer kommen aus Italien: tëschent 1875 an 1910 installéieren sech 10 138 Italieener am Land, besonnesch am Süden, an hannerloossen hir Spueren an der Gesellschaft an an der Sprooch.

An der Press ass Däitsch d’Haaptsprooch, Franséisch bleift awer d’Sprooch vun der Justiz an der Verwaltung. Legislativ Texter ginn op Däitsch an op Franséisch publizéiert.

1770 kënnt ënnert der Herrschaft vun den Éisträicher an der Keeserin Maria Theresia den éischte Plan d’études, deen de Fonctionnement vun de Primärschoule reglementéiert, eraus. Doranner gëtt festgehal, datt d’Kanner esouwuel Däitsch ewéi och Franséisch an der Schoul solle léieren. 1843 gëtt mam Gesetz iwwer de Primärschoulsunterrecht d’Méisproochegkeet offiziell festgehal. Vun elo un ass et obligatoresch, déi zwou Sproochen an der Primärschoul ze enseignéieren. Béid Sprooche gi gläichwäerteg behandelt. Lëtzebuerg, op der Schnëttstell tëschent dem germaneschen an dem romanesche Kulturkrees, fänkt elo un, seng eege linguistesch Identitéit ze definéieren. Am Kader vun der Schoulreform vun 1912 gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch eng éischte Kéier an engem Gesetz ernimmt.

Gläichzäiteg erlieft d’Lëtzebuergescht eng Renaissance als Sprooch vun der nationaler Identifikatioun. An dëser Zäit ginn déi éischt Dictionnairen, Gedichter, Lidder an Erzielungen op Lëtzebuergesch publizéiert. Zu de bekanntste Wierker gehéiert Ons Heemecht (1859), e Gedicht vum Michel Lentz, dat 1864 vum Antoine Zinnen vertount an zu der Nationalhymn vu Lëtzebuerg gëtt. Do dernieft spillt och den Theater op Lëtzebuergesch eng wichteg Roll, besonnesch déi beléiften Operetten an d’Vaudeville-Stécker vum Edmond de la Fontaine, méi bekannt ënnert dem Numm „Dicks“.

20. Joerhonnert

Wärend der däitscher Besatzung an de Joren 1940 bis 1944 wëllen d’Okkupanten d’Lëtzebuerger Kultur ënnerdrécken an all Spuere vun der franséischer Sprooch aus dem ëffentleche Liewe läschen. Franséisch gëtt net méi an der Schoul enseignéiert a franséisch Stroossennimm gi geännert. Esouguer Privatpersoune kréien nei Virnimm: De Jean-Pierre heescht elo Johann Peter, an aus dem Catherine gëtt e Katharina. An der selwechter Optik gëtt Lëtzebuergesch offiziell zu engem Dialekt degradéiert, fir d’Annexioun un d’Däitscht Räich ze justifiéieren. Am Recensement vun 1941 wëll den Okkupant de Leit déi Äntwerten imposéieren, déi a seng Ideologie erapassen. Sou sollen se zum Beispill Däitsch als hir Mammesprooch uginn. Dës „Personenstandsaufnahme“ gëtt awer e groussen Echec, well trotz Propaganda, Zensur a Menacen e groussen Deel vun der Populatioun mat „Lëtzebuergesch“ äntwert oder guer näischt ukräizt. D’Lëtzebuerger kréien de Réck gestäipt vun der Grande-Duchesse Charlotte, déi sech aus dem Exil vu London iwwer d’BBC op Lëtzebuergesch un d’Populatioun riicht.

No 1945 kann d’Lëtzebuerger Sprooch hir Positioun als zentraalt kulturellt Element vun der Lëtzebuerger Identitéit stäerken. D’Franséischt als aktiv benotzte Sprooch gëtt nees valoriséiert, dëst als Reaktioun op d’Germaniséierungsversich vun den Nationalsozialisten. Am Lëtzebuergesche gi franséisch Wierder favoriséiert. An der iwwerschaffter Constitutioun vun 1948 gëtt den Artikel, dee festhält, datt Däitsch a Franséisch gläichwäerteg ze behandele sinn, suppriméiert. De Legislateur soll de Gebrauch vu béide Sprooche reglementéieren.

D’Gesetz iwwer de Gebrauch vun de Sproochen zu Lëtzebuerg gëtt 1984 gestëmmt a stellt e groussen Aschnëtt duer: Lëtzebuergesch ass elo Nationalsprooch; Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch gi Verwaltungssproochen a Franséisch gëtt d’Sprooch vun der Legislatioun.

Am Joer 1989 gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch offiziell vum europäesche Programm Lingua unerkannt. Dëst confirméiert der Sprooch hir soziokulturell Bedeitung.

Den ekonomeschen Opschwong an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert an d’Implementéierung vun europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg léisen eng zweet Immigratiounswell vun auslänneschen Aarbechtskräften aus. Vun elo u beräicheren déi lusophon, italophon an anglophon Communautéiten, gradesou wéi d’Awunner vum Balkan an aner Nationalitéiten d’sproochlecht Ëmfeld. Gläichzäiteg entstinn duerch d’Präsenz vun europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg Communautéite vun Expats, déi de Sproocheräichtum vum lëtzebuergesche Melting Pot weider diversifizéieren.

21. Joerhonnert

Franséisch, Englesch an Däitsch gi vill op der Aarbecht geschwat a geschriwwen. Gläichzäiteg gëtt vill gemaach, fir d’Lëtzebuergescht ze promouvéieren. Duerch d’Opkomme vun de soziale Medie gëtt esou vill op Lëtzebuergesch geschriwwen ewéi nach ni virdrun. D’Sprooch erlieft e richtege Boom esouwuel an de Printmedien ewéi och am Internet.

Fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, muss een noweisen, datt ee Lëtzebuergesch kann. D’Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit leet fest, datt eng Konditioun fir d’Naturalisatioun d’Packe vun engem Sproochentest ass.

Zënter dem 1. Juli 2023 gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch explizitt an der Constitutioun ernimmt. D’Constitutioun, déi de Fonctionnement vum Staat definéiert, ass dee wichtegste juristeschen Text vum Land. D’Lëtzebuergescht kritt elo en offizielle Statut, wat e groussen Opschwong fir d’Sprooch bedeit. Lëtzebuergesch gëtt als Landessprooch unerkannt an de Gebrauch vun de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch gëtt gesetzlech festgehal. Dëse Wiessel stäerkt d’juristesch Basis vun der Promotioun vun der Lëtzebuergescher Sprooch a confirméiert de méisproochege Charakter vum Land.

© Privatkollektioun vum Sven Knepper

Op der Fiche fir de Recensement vum 10. Oktober 1941 goufen ënner anerem Froen zur Nationalitéit, zur Mammesprooch an zur ethnescher Zougehéieregkeet gestallt. Och wann d’Lëtzebuergescht vun de Besatzungstruppen als Dialekt klasséiert a soumat net als Mammesprooch unerkannt war, ass „Lëtzebuergesch“ hei trotzdeem genee an dësem Feld agedroen.

De Sproochgebrauch am Grand-Duché

Moien, bonjour, hallo, bom dia, hello, buongiorno...

Wëllkomm zu Lëtzebuerg! Duerch säi kosmopolitesche Charakter huet Lëtzebuerg eng eemoleg Sproochesituatioun, déi hiresgläichen an Europa sicht. D’Zuel vun den Awunner, déi aus der ganzer Welt kommen, geet konstant an d’Luucht an domat och d’Zuel vun de Sproochen, deenen een am Alldag begéint. Lëtzebuerg gëtt charakteriséiert duerch seng sproochlech Diversitéit, sief et am alldeegleche Liewen, um politeschen Niveau, op der Aarbecht, an der Schoul oder an de Medien..

Méisproochegkeet am Alldag

Zu Lëtzebuerg benotzt jidderee méi ewéi nëmmen eng Sprooch fir ze kommunizéieren, an dat zu all Ament an an all Situatioun.

Am Alldag begéint een also engem richtege Sproochemix. Et brauch een nëmmen duerch d’Haaptstad ze trëppelen an d’Oueren ze spëtzen, fir sech däers bewosst ze ginn. Sprooche vun alle Kontinenter begéinen sech hei a bilden e multikulturelle Mix, sief et op den Terrasse vun de Caféen, op der Strooss, am ëffentlechen Transport, an de Supermarchéen, um Futtballsmatch oder wärend enger Sortie mat de Frënn.

Moies beim Bäcker freet een op Franséisch no engem Croissant, mëttes bestellt ee säi Plat du jour op Lëtzebuergesch an owes am Bistro schwätzt een Englesch mam Barkeeper.

Dëse Code-Switching, also de spontane Wiessel vun enger Sprooch an déi aner, ass e feste Bestanddeel vum Alldag zu Lëtzebuerg. Dat wonnert keen: 47 % vun den Awunner sinn auslännesch Residenten an zousätzlech kommen och nach all Dag eng 250 000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen. D’Méisproochegkeet am Alldag ass d’Norm.

De Gebrauch vun de Sproochen:  alles hänkt vum Kontext of

Am Grand-Duché ass d’Méisproochegkeet ëmmer präsent. Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch, awer och Italieenesch a Spuenesch sinn déi Sproochen, déi am meeschte benotzt ginn. Gläichzäiteg charakteriséiert déi linguistesch Landschaft sech besonnesch duerch hir Dräisproochegkeet, an där d’Lëtzebuergescht eng zentral Plaz anhëlt, well et am meeschten am Alldag benotzt gëtt.

De Fuerschungsprojet Étude variationniste sur la communication des jeunes au Luxembourg: une analyse des structures d’usage dans les interactions par messagerie instantanée („Variatiounsstudie iwwer d’Kommunikatioun vu jonke Leit zu Lëtzebuerg: eng Analys vun de Gebrauchstrukture bei Interaktiounen iwwer Instant-Messaging“), duerchgefouert vun der Uni Lëtzebuerg, weist eng änlech Verdeelung vun de Sproochen. Unhand vun engem Echantillon gouf ënnersicht, wéi déi Jonk d’Sproochen an de soziale Medie benotzen. Dobäi koum eraus, datt op Plattformen ewéi WhatsApp, Snapchat oder Instagram virun allem dës Sprooche benotzt ginn: Lëtzebuergesch op der éischter Plaz, Englesch, Franséisch an Däitsch op de Plazen zwee bis véier. Duerno kommen d’Sprooche vun de gréisste Communautéiten zu Lëtzebuerg, also Portugisesch, Italieenesch, Spuenesch an d’Sproochen aus dem fréiere Jugoslawien. Wärend bei dësem Projet de Fokus um Sproochgebrauch vun de Jonken an de soziale Medie louch, befaasst sech eng aner Etüd mam allgemenge Gebrauch vun de Sproochen am Alldag.

Dës Etüd Une diversité linguistique en forte hausse („Staarken Zouwuess vun der sproochlecher Diversitéit“) vum Institut national de la statistique et des études économiques (Statec) baséiert op der Vollekszielung aus dem Joer 2021. Se beleet, datt Lëtzebuergesch d’Haaptsprooch vun deene Leit ass, déi scho laang am Land wunnen an och d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Dogéint kennt nëmmen e ganz klengen Deel vun den Immigranten d’Sprooch, wann se am Grand-Duché ukommen. Verschiddener vun hinnen, a virun allem hir Kanner, léieren no an no Lëtzebuergesch. Anerer integréiere sech iwwer de Wee vun der franséischer Sprooch, déi d’Haaptsprooch um Aarbechtsmarché ass.

Dësen Integratiounsmodell, deen zënter dem ekonomesche Wuesstem (les Trente Glorieuses 1945-1975) fest etabléiert ass, stéisst hautdesdaags op zwou nei Erausfuerderungen:

·         De wirtschaftleche Wuesstem vu Lëtzebuerg huet sech staark beschleunegt an huet zu engem demografesche Plus gefouert, deen eenzegaarteg an der Europäescher Unioun ass – gläichzäiteg ass d’Zuel vun de Leit, déi hei schaffen,            ganz staark an d’Luucht gaang. Zënter der Vollekszielung vun 2011 ass d’Bevëlkerung ëm 33,1 % geklommen, vu  512 353 op 681 973 Awunner.

·         De Sproocheprofil vun den neien Immigranten ass ëmmer méi ënnerschiddlech. Englesch an aner Sprooche gewannen u Bedeitung – souwuel als Haaptsproochen ewéi och als Sproochen, déi am Alldag vill benotzt ginn.

Verglach vun der Bevëlkerung no hirer Haaptsprooch am Joer 2011 an am Joer 2021

© SIP - Quell: Statec, Vollekszielung 2021, Nr. 08

 

Bevëlkerung no Haaptsprooch

2011 (Unzuel)

2011 (a Prozent)

2021 (Unzuel)

2021 (a Prozent)

Lëtzebuergesch

265 731

55,8 %

275 361

48,9 %

Portugisesch

74 636

15,7 %

86 598

15,4 %

Franséisch

57 633

12,1 %

83 802

14,9 %

Englesch

10 018

2,1 %

20 316

3,6 %

Italieenesch

13 896

2,9 %

20 021

3,6 %

Däitsch

14 658

3,1 %

16 412

2,9 %

Aner Sproochen

40 042

8,4 %

60 582

10,8 %

Total

476 614

100 %

563 092

100 %

D’Etüd vum Statec ënnerscheet tëscht de Begrëffer „Haaptsprooch“ an „dacks benotzte Sprooch“, fir dat sproochlecht Landschaftsbild zu Lëtzebuerg ze analyséieren. Och wann dës Approche hëllefräich ass, fir Sproochminoritéiten erauszekristalliséieren, ass se net wierklech gëeegent, fir d’Realitéit am Groussherzogtum erëmzespigelen, well d’Bevëlkerung gréisstendeels méisproocheg ass. Aus deem Grond ass et och net méiglech, duerch dës Etüd anzeschätzen, wéi vill Leit Lëtzebuergesch schwätze kënnen.

Déi offiziell Sproochen

Zënter 2023 sinn d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Méisproochegkeet an der Verfassung verankert. D’Benotzung vun de Sprooche gëtt duerch d’Gesetz iwwert de Sproochgebrauch vum 24. Februar 1984 gereegelt. Dëst Gesetz etabléiert d’Lëtzebuergescht als Nationalsprooch a reegelt d’Benotzung vun den anere Sproochen an offiziellen Akten: Gesetzestexter a Reglementer ginn op Franséisch verfaasst. An der Verwaltung an um Geriicht kann op Franséisch, op Däitsch an op Lëtzebuergesch matenee kommunizéiert ginn.

D’Bierger hunn och d’Wiel tëschent deene Sproochen, fir eng administrativ Ufro ze maachen. D’Verwaltung muss awer net ënner allen Ëmstänn an där selwechter Sprooch äntweren. Wann zum Beispill eng administrativ Ufro op Franséisch, op Däitsch oder op Lëtzebuergesch verfaasst gëtt, soll d’Verwaltung wa méiglech an där selwechter Sprooch äntweren (Gesetz iwwert de Sproochgebrauch vum 24. Februar 1984, Art. 4).

Um politesche Plang

An der Chamber ass de Gebrauch vun de Sproochen net formell gereegelt. D’Deputéiert kënne fräi wielen, wéi eng Sprooch se wëlle benotzen. An de leschte Joren huet sech gewisen, datt déi franséisch Sprooch bei de Rieden ëmmer manner benotzt gëtt, an zwar zu Gonschte vum Lëtzebuergeschen: D’Debatten an d’Compte-rendue si mëttlerweil zum gréissten Deel op Lëtzebuergesch.

An der schrëftlecher Kommunikatioun – virun allem Kontext vun de wichtegen Deklaratiounen oder de parlamentareschen Ufroen – haten d’Ministeren d’Tendenz, fir éischter Franséisch ewéi Lëtzebuergesch ze benotzen. Mëttlerweil spillt d’Lëtzebuergescht och hei ëmmer méi eng wichteg Roll. Déi däitsch Sprooch ass am nationalen ëffentleche Liewen net vill present, mee um kommunale Plang ass dat anescht. De Gemengebuet, deen d’Leit aus der Gemeng iwwer déi sozial, kulturell, politesch a finanziell Aspekter informéiert, ass dacks op Däitsch geschriwwen. Am Gemengebuet gëtt awer donieft och op déi franséisch, déi lëtzebuergesch an esouguer op déi portugisesch an englesch Sprooch zeréckgegraff. D’Wiel vun de Sprooche riicht sech nom linguistesche Profil vun der Gemeng.

D’Sproochen an der Aarbechtswelt

D’Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg ass gradesou villsproocheg a villfälteg ewéi d’Land selwer. Jee no Firma, Aktivitéitsberäich, Déngschtleeschtung oder Roll vun der Verwaltung kann d’Aarbechtssprooch änneren. Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Portugisesch sinn déi Sproochen, déi am geleefegste sinn um Bau, am Büro, tëschent Kolleegen oder an de Reuniounen. Gewéinlech gëtt och méi ewéi nëmmen eng Sprooch op der Aarbecht benotzt.

Am Laf vun de leschte Joerzéngte gouf Lëtzebuerg duerch d’Mammesprooche vu senge Residenten oder de Leit, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, beräichert. Am Finanz- a Versécherungssecteur an och an der Recherche gëtt iwwerdeems ëmmer méi Englesch geschwat. Grad ewéi Franséisch gëtt Englesch dacks als gemeinsam Sprooch fir d’Reunioune gebraucht.

D’Méisproochegkeet gëtt vun den Employeuren als grousse Virdeel ugesinn. Déi franséisch Sprooch bleift weiderhin déi Sprooch, déi um Aarbechtsmaart am meeschte gefrot gëtt. Lëtzebuergesch gëtt virun allem gebraucht an der ëffentlecher Verwaltung, am ëffentlechen Transport, am Schoulwiesen, an de Gesondheetsberuffer, am Beräich vun der Kommunikatioun an an alle Secteuren, déi vill Lëtzebuerger Clienten hunn.

Am Joer 2021 bleift Lëtzebuergesch déi Sprooch, déi am meeschte geschwat gëtt, och wann de Gebrauch vum Lëtzebuergesche proportionell gesinn ofgeholl huet. Déi franséisch Sprooch gëtt vill gebraucht, awer och d’Englescht, dat ëmmer méi am Opschwong ass. Däitsch gëtt vill manner benotzt ewéi 2011; am Géigesaz zum Portugiseschen, dat vu ville Leit geschwat gëtt. De Gebrauch vun „anere Sproochen“ ass an de leschten zéng Joer signifikativ an d’Luucht gaangen, wat drop hiweist, datt et ëmmer méi eng grouss sproochlech Diversitéit gëtt.

Sproochen, déi op der Aarbecht, an der Schoul an/oder doheem geschwat ginn (Méi Äntwerte méiglech)

© SIP - Quell: Statec, Vollekszielung 2021, Nr. 08

 

Sproochen, déi op der Aarbecht, an der Schoul an/oder doheem geschwat ginn

2011 (Unzuel)

2011 (a Prozent)

2021 (Unzuel)

2021 (a Prozent)

Lëtzebuergesch

323 557

70,5 %

292 025

61,2 %

Franséisch

255 669

55,7 %

242 534

50,8 %

Däitsch

140 590

30,6 %

107 115

22,5 %

Portugisesch

91 872

20 %

94 340

19,8 %

Italieenesch

28 561

6,2 %

27 501

5,8 %

Englesch

96 427

21 %

122 467

25,7 %

Aner Sproochen

55 298

12,1 %

85 796

18 %

Total (Persounen)

458 900

/

477 061

/

D’Sproochen an der Schoul

De Lëtzebuerger Schoulsystem ass méisproocheg. Däitsch ass am Allgemengen d’Unterrechtssprooch am Fondamental an an den ënneschte Lycéesklassen. An de méi héije Klassen aus dem Enseignement secondaire ginn déi meescht Coursen op Franséisch gehalen. Dës Méisproochegkeet ass eendeiteg en Atout an enger oppener a villsäiteger Welt, mee awer och, jee no sproochlechem Hannergrond, eng Erausfuerderung fir verschidde Schüler. Déi ëffentlech Schoul bitt och international Klassen un, déi franséisch- an engleschsproocheg sinn, esouwéi Accueilsklassen an d’Méiglechkeet, vun interkulturelle Mediateure begleet ze ginn.

Aféierung an d’Méisproochegkeet vu Klengem un

Zu Lëtzebuerg gëtt d’Frequentatioun vun enger zweesproocheger Crèche vum Staat ënnerstëtzt. Den obligatoresche Grondschoulunterrecht fänkt am Alter vu véier Joer un a besteet aus véier Cyclë vun allkéiers zwee Joer. Virdrun hu Kanner vun dräi Joer d’Méiglechkeet, an de Precoce ze goen.

Am Precoce an am Cycle 1 vum Fondamental schwätzt d’Léierpersonal esou wäit ewéi méiglech Lëtzebuergesch mat de Schüler. Déi iewescht Prioritéit ass et, déi sproochlech Kompetenze vun all de Kanner ze fërderen, virun allem déi vu Kanner mat auslänneschen Originnen. Fir si ass d’Schoul dacks déi éischt Plaz, op där se mam Lëtzebuergeschen a Kontakt kommen. Zënter datt d’Crèchen e multilinguale Bildungsprogramm ubidden, gehéiert d’Initiatioun an déi franséisch Sprooch och zu de Missioune vum Cycle 1.

An de Cyclen 2 bis 4 vum Fondamental gi weider Sproochen agefouert an ënnerriicht. D’Alphabetiséierung gëtt am Cycle 2 op Däitsch gemaach; gläichzäiteg léieren d’Kanner och nach Franséisch, allerdéngs nëmme mëndlech; am Cycle 3 kënnt déi franséisch Schrëftsprooch derbäi. D’Unterrechtssprooch ass Däitsch. Ab der Rentrée 2027/2028 ass an de Schoulen d’Méiglechkeet virgesinn, tëscht enger Alphabetiséierung op Däitsch oder Franséisch ze wielen, woubäi verschidde Fächer op Lëtzebuergesch ënnerriicht ginn.

D’Englescht an déi aner lieweg Sproochen

De Secondaire riicht sech u Jugendlecher vun zwielef Joer un, déi de Choix hunn tëschent ëffentleche Schoulen (normalerweis Lycéeën), private Schoulen (déi déi offiziell Programmer vum Ministère oder aner Programmer ubidden) an den Europäesche Schoulen. Jee no Wiel sinn d’Programmer méi oder manner méisproocheg a bidden eng impressionant Auswiel u Sproochen, déi geléiert kënne ginn. E kompletten Zyklus am Lycée geet iwwer siwe Joer.

An deenen éischte Jore vum Secondaire bleift Däitsch d’Unterrechtssprooch, ausser an de Franséisch- a Mathematikscoursen. Engleschcoursen huet ee vum zweete Lycéesjoer un, mat Ausnam vun der Latäinsektioun, déi ee Joer méi spéit mam Engleschen ufänkt. Verschidde Lycéeë proposéieren och eng Initiatioun an déi chineesesch Sprooch. Am Enseignement classique gëtt Franséisch vu Quatrième un d’Unterrechtssprooch. Op Troisième kënnen d’Schüler eng véiert Sprooch wielen (Italieenesch, Spuenesch oder Portugisesch). Am Enseignement général bleift Däitsch am Prinzip d’Unterrechtssprooch, ausser a verschiddene Fächer oder a Klasse mat engem spezifesche Sproocheregime: Do gëtt dann op d’Franséischt zeréckgegraff.

Am General an am Classique gëtt et spezifesch Programmer, fir déi Schüler opzehuelen, déi en Deel vun hirem schoulesche Parcours am Ausland gemaach hunn a keng vun den dräi administrative Sprooche vum Land beherrschen.

Ausserschoulesch Offeren

Fir d’Schüler am Fondamental an am Secondaire proposéieren eng fofzeg Instituter an Organisatiounen zousätzlech Sproochecoursen a Coursen am kulturelle Beräich. E puer Organisatiounen zertifizéieren ausserdeem d’Kompetenzen, déi d’Schüler sech erschafft hunn, wat et méi einfach mécht, fir an hirem Heemechtsland op eng Héichschoul ze goen.

A méi Sprooche studéieren

Och d’Universitéit Lëtzebuerg huet sech d’Méisproochegkeet op de Fändel geschriwwen an zielt se zu hire Grondprinzippien. Normalerweis si Franséisch an Däitsch d’Unterrechtssproochen. Fir verschidde Parcourse brauch een awer attestéiert Kenntnesser am Engleschen. D’Universitéit bitt och eng Formatioun un an der lëtzebuergescher Sprooch- a Literaturwëssenschaft.

De lëtzebuergesche Schoulsystem

 

Schoulniveau

Alter vun de Schüler

Detailer

  Enseignement fondamental: Cycle 1

3 Joer

4-5 Joer

Precoce (fakultativ)

Préscolaire (obligatoresch)

  Enseignement fondamental: Cycle 2 bis 4 6-11 Joer Grondschoul (obligatoresch)
 

Enseignement secondaire

 

12-18/19 Jahre

D’Schoulpflicht gëllt bis den 1. September nom 16. Gebuertsdag.

Ab der Rentrée 2026/2027 gëllt se bis zum 18. Liewensjoer.

Lëtzebuergesch gëtt och als Friemsprooch enseignéiert. Déi international Schoule sinn derzou verflicht, Lëtzebuergeschcoursë fir all hir Schüler unzebidden.

Déi ëffentlech international Schoule sinn op fir all d’Schüler, ouni Aschreiwungskäschten. Se hu franséischsproocheg, engleschsproocheg an däitschsproocheg Sektioune fir de Fondamental an de Secondaire. Verschidden Etablissementer bidden och Maternellesklassen un, déi Kanner vun 3 Joer un an engem multilinguale Kader empfänken, dee sech op de Programm vun den Europäesche Schoule stäipt. Privat international Schoule completéieren déi méisproocheg Offer.

D’Sproochen an de Medien

D’Fro vun der Méisproochegkeet spillt och eng wichteg Roll an der lëtzebuergescher Press, déi e Spigel vun der sproochlecher Diversitéit vum Land ass. An dësem sozialen, kulturellen a méisproochege Kontext sinn déi national Medien och polyglott ginn, fir op d’Bedierfnesser vun den auslännesche Residenten anzegoen. Esou bidden d’geschriwwe Press grad ewéi Radio- a Fernseesender Inhalter a verschiddene Sprooche wéi Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Portugisesch an Englesch un.

Printmedien

An der geschriwwener Press bleift Däitsch déi Sprooch, déi am meeschte benotzt gëtt, virun allem an de méisproochegen Zeitungen ewéi dem Luxemburger Wort, dem Tageblatt an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Aner Zeitunge sinn exklusiv op Franséisch geschriwwen, ewéi Le Quotidien oder L’essentiel. Déi éischt Zeitung, déi sech un déi grouss lusophon Communautéit riicht, de Contacto, ass am Ufank ee Mol de Mount erauskomm. Hautdesdaags ass et eng Wochenzeitung.

Bei de Wochenzeitungen a bei den Zäitschrëfte gëtt et eng änlech Situatioun. Déi eelst Wochenzeitung, d’Lëtzebuerger Land, publizéiert Artikelen a méi Sproochen, virun allem op Franséisch, op Englesch an op Lëtzebuergesch. Dat selwecht gëllt fir d’Wochenzeitung Woxx, déi virun allem op Däitsch an op Franséisch schreift. D’Wiel vun der Sprooch hänkt natierlech och vun der Zilgrupp of: D’Wochenzeitunge Revue an Télécran, déi sech virun allem u Famille mat engem lëtzebuergeschsproochege Background riichten, sinn op Däitsch geschriwwen. Delano, en engleschsproochege Magasinn, adresséiert sech un déi international Gemeinschaft zu Lëtzebuerg.

Als Zesummefaassung kann ee soen, datt déi lëtzebuergesch Publikatiounen als „Omnibus“-Press kënne bezeechent ginn. Se riichte sech nämlech un all déi sozial Couchen a liwweren Informatiounen iwwer déi international Aktualitéit, déi national Politik, d’Ekonomie an de Sport an zwar an deene meescht geschwate Sprooche vum Land. Dee selwechte Constat gëllt fir d’Artikelen, déi online sinn. Wat de Choix vun de Sprooche betrëfft, huet een am Internet dacks d’Méiglechkeet, tëschent enger däitscher, franséischer an englescher Versioun ze wielen. De Portal reporter.lu zum Beispill huet op sengem Site Artikelen an ënnerschiddleche Sproochen a publizéiert reegelméisseg Reportagen op Lëtzebuergesch. D’Artikelen op rtl.lu si ganz op Lëtzebuergesch, wougéint RTL Infos franséischsproocheg Artikele proposéiert an RTL Today Artikelen op Englesch.

Tëlee   

D’Méisproochegkeet beaflosst automatesch d’Konsumverhale géintiwwer den audiovisuelle Medien, an éischter Linn der Tëlee. War de Choix un Tëleesprogrammer an den 1970er-Joren nach limitéiert, huet sech déi televisuell Landschaft mat der Zäit diversifizéiert mat enger grousser multilingualer Offer, wéi et se nach ni gouf. Duerch d’Satellitten- an d’Kabeltëlee ass Lëtzebuerg haut mat der ganzer Welt verbonnen, wat et erlaabt, Accès op vill verschidde Kulture mat enger méi villfälteger Offer ze hunn.

Nawell kucken déi meescht Residenten virun allem déi franséisch an déi däitsch Tëlee. Bei de franséischsproochege Spectateure sinn d’Chaînen TF1, FRANCE 2, M6 an RTBF La Une am beléiftsten. Wat déi däitschsproocheg Sendere betrëfft, ginn ARD, ZDF, RTL a Pro7 am meeschte gekuckt. Déi portugisesch Chaîne TVI Internacional gëtt am Verglach dozou manner gekuckt.

Zënter 1991 huet d’Lëtzebuerger Sprooch eng Éiereplaz op der Tëlee kritt mam Lancement vum Journal an engem deeglechen Tëleesprogramm op RTL Télé Lëtzebuerg. Hautdesdaags kucken 20,1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung d’Sendere vum Grupp RTL Télé Lëtzebuerg, RTL Zwee an RTL Play.

Radio

Zu Lëtzebuerg ass de Radio e Spigel vun der soziokultureller Zesummesetzung vum Land. Déi verschidde Statioune passe bei d’Diversitéit vun den Nolauschterer. L’essentiel Radio, dee vun 10,5 % vun der Populatioun gelauschtert gëtt, ass op Franséisch, de Sender Radio Latina (2,4 %) op Portugisesch an op Spuenesch, woubäi RTL – Radio (6,2 %) seng Programmer op Däitsch iwwerdréit. De Radio Ara, dee manner Nolauschterer huet, bréngt seng Programmer a ville Sproochen, ënner anerem op Franséisch, op Däitsch, op Englesch an op Lëtzebuergesch, mee och op Portugisesch, op Spuenesch an op Italieenesch.

Am Verglach mat den anere Medien huet de Radio zu Lëtzebuerg déi gréisst Offer u Programmer a lëtzebuergescher Sprooch. RTL Radio Lëtzebuerg (31,3 %), Eldoradio (16,2 %) an de Radio 100,7 (5,2 %) bréngen hir Programmer op Lëtzebuergesch a ginn am meeschte gelauschtert.

Beléiftheet vun de Fernseessenderen no Sprooch (Baséiert op de Senderen, déi all Dag am meeschte gekuckt ginn)

© SIP - Quell: ILRES / R&TAM 2024

 

Beléifste Sender Deeglech Reechwäit (a Prozent)

RTL Télé Lëtzebuerg

20,1%

TF1

10,4%

France 2

6,9%

M6

6,6%

La Une

3,2%

ARD

9,9%

ZDF

9,3%

RTL

4,8%

Pro7

4,5%

TVI

3,0%

D’Sproochen an der Kultur

Den Engagement vu Lëtzebuerg fir den europäesche Projet a seng Oppenheet fir aner Kulture weise sech an der méisproocheger kultureller Zeen a sinn doduerch richteg Symboler vu senger Verankerung matzen am Häerz vun Europa. An enger Welt, déi sech ëmmer méi globaliséiert, kritt d’Verwuerzlung an enger eegener Kultur eng besonnesch Wichtegkeet an engem klenge Land ewéi Lëtzebuerg, dat vu senger rezenter Geschicht an enger méisproocheger Gesellschaft beaflosst ass. Um Schnëttpunkt vun der germanescher an der romanescher Sphär, a staark gepräägt vu senger Migratiounsgeschicht, huet Lëtzebuerg eng speziell Kultur entwéckelt, déi aus enger linguistescher a kultureller Kräizung entstanen ass an haut en zentraalt Element vu senger nationaler Identitéit ass. Déi grouss Offer un Evenementer, déi a verschiddene Sproochen ugebuede ginn, sinn e gudde Moyen fir d’Integratioun.

D’Lëtzebuerger Literatur

Wierker a Lëtzebuerger Sprooch, wéi E’ Schrek ob de’ Lezeburger Parnassus vun 1829 (Anton Meyer) an den Nationaleepos Renert oder De Fuuß am Frack an a Ma’nsgrëßt vun 1872 (Michel Rodange) hunn dat gëllent Zäitalter vun der literarescher Produktioun um Enn vum 19. Joerhonnert markéiert.

Et ass awer esou, datt den Term „Lëtzebuerger Literatur“ sech net op d’Publikatioune beschränkt, déi op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. Déi verschidden Aflëss vun anere Sprooche prägen och déi literaresch Landschaft vum Grand-Duché. Esou wielen d’Auteuren d’Sprooch, an där se schreiwen, ganz no hiren individuelle Preferenzen. Als Beispill kann een de Jean Portante nennen, deen haaptsächlech op Franséisch schreift; d’Claudine Muno an de Jemp Schuster, déi gréisstendeels op Lëtzebuergesch redigéieren; oder nach d’Ulrike Bail an d’Elise Schmit, déi sech virun allem op Däitsch ausdrécken. Et ass net rar, datt een Auteur net all seng Wierker an där selwechter Sprooch schreift an d’Sprooch jee no Publikatioun wiesselt wéi zum Beispill beim Anise Koltz, dem Guy Rewenig, dem Nico Helminger, dem Carine Krecké, oder dem Lambert Schlechter. Am Joer 2018 huet de Jeff Schinker de véiersproochege Roman Sabotage publizéiert, an deem d’Personnagen an d’Intrig an den Hannergrond réckelen. Et sinn d’Sproochen, déi an dësem Roman déi richteg Protagoniste sinn, esou wéi dat och am Alldag zu Lëtzebuerg de Fall ass.

Wa Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch déi beléiftste Sprooche si bei de Schrëftsteller, hunn och Bicher an anere Sprooche Succès, wat sech an de Librairien an de Bibliothéike weist, déi dacks och Publikatiounen op Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Spuenesch ubidden.

Op der Bün

An der Theaterwelt deele sech lokal Realisatiounen, international Koproduktiounen an d’Stare vum Grand-Duché an aus dem Ausland d’Bün. De sproochleche Räichtum vun der Spart erlaabt et, Stécker an hirer Originalversioun opzeféieren; en Zeeche fir d’Oppenheet vun der Lëtzebuerger Gesellschaft vis-à-vis vun anere Kulturen. Déi linguistesch Villfalt vun den Theatertruppen, gradewéi weltwäit bekannt Truppen an Acteuren, déi zu Lëtzebuerg optrieden, zéien och en internationale Publikum un.

Audiovisuell Produktiounen

D’Filmer gi systematesch an der Originalversioun gewisen, mat Ënnertitelen op Franséisch an op Däitsch oder op Franséisch an op Hollännesch – ganz zur Freed vun de Filmfrënn.

Déi national Produktioun vu Filmer a Serien huet an de leschte Joren ëmmer méi Succès. D’Méisproochegkeet spillt och hei eng Roll a Filmer ginn an de verschiddene Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn, gedréit. Et fënnt een esouguer méisproocheg Produktiounen. Déi zweet Saison vun der Serie Capitani illustréiert ganz gutt deen heefege Sproochwiessel – heiansdo esouguer an engem Saz – deen typesch ass fir dat alldeeglecht Liewen zu Lëtzebuerg.

Déi linguistesch Pluralitéit ass ausserdeem an den internationale Koproduktiounen erëmzefannen, déi och hei e groussen Atout ass a fir eng gutt Renommée vu Lëtzebuerg och wäit ausserhalb vu senge Grenze suergt. Mr Hublot, Laureat fir den Oscar am Joer 2014 an der Kategorie vum beschte Kuerzfilm, ass net nëmmen e Succès fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg, mee och e gutt Beispill fir eng exzellent grenziwwergräifend Zesummenaarbecht (Lëtzebuerg/Frankräich). Bad Banks, en aneren erfollegräiche Projet, ass eng däitsch-lëtzebuergesch Koproduktioun, déi nominéiert gouf an der Kategorie vun der „beschter Drama-Serie“ vun den International Emmy Awards. Ausserdeem huet d’Televisiounsserie Capitani, eng Koproduktioun tëschent Samsa Film, RTL Télé Lëtzebuerg, Artémis Productions a Shelter Productions, d’Top 10 a ville Länner no der Diffusioun op Netflix erreecht.

Eng méisproocheg Musekszeen

Och déi musikalesch Zeen zu Lëtzebuerg profitéiert vun der linguistescher Situatioun vum Land. Ob et ëm Rock, Pop, Jazz, Rap oder Metal geet: D’Sänger aus dem Grand-Duché wielen déi Sprooch, an där se sech am léifsten ausdrécken a fannen an engems e Publikum fir hir Musek. Ursprénglech ënner dem Numm CHAILD bekannt, huet den Adriano Selva seng musikalesch Karriär mat engleschsproochege Lidder ugefaangen, éier hien op e franséischsproochege Repertoire iwwergaangen ass. Den Hiphop-Grupp De Läb an d’Artistin Nicool rappen op Lëtzebuergesch, wärend Maz Univerze déi englesch Sprooch gewielt huet. De villfältege Programm vun de Museks-Institutiounen ewéi der Philharmonie, der Rockhal an dem Atelier, esouwéi déi vill Festivallen a Concerten uechter d’Land zéien och e Publikum ausserhalb vun de Grenzen un.

 

Déi sproochlech Villfalt vun de kulturelle Wierker ass e Spigel vum linguistesche Räichtum vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Déi méisproocheg Produktioune gi vun der Nationalbibliothéik ënner dem kollektiven Term „Luxemburgensia“ repertoriéiert. Hei fënnt een all déi literaresch Wierker an Dokumenter, déi entweeder vu Lëtzebuerger oder zu Lëtzebuerg gedréckt respektiv geschriwwe goufen, oder déi als Sujet Lëtzebuerg hunn, onofhängeg vun der Sprooch, an där se geschriwwe goufen. Fir d’Recherche an deem Beräich ze verdéiwen, gouf eng spezialiséiert Institutioun geschaf: de Centre national de littérature.

Promotiounsmesuren

D’Lëtzebuergescht huet eng wichteg Plaz am multikulturellen a multilinguale Kontext vum Grand-Duché. Et vereinfacht d’Integratioun an déi sozial Kohäsioun, an dréit derzou bäi, déi kulturell Identitéit ze stäerken. D’Promotiounsmesurë vun de leschte Joren hunn als Zil, eng sproochlech a kulturell Politik ëmzesetzen, déi mat allen Acteure vun der Gesellschaft am Aklang ass.

D’Standardiséierung vun der Lëtzebuerger Sprooch an d’Erhale vun hirer Wichtegkeet

Zënter den 1980er-Joren huet d’Roll vum Lëtzebuergeschen am Grand-Duché sech ëmmer méi affirméiert. Datt d’Gesetz iwwert de Sproochgebrauch vum 24. Februar 1984 d’Lëtzebuerger Sprooch explizitt als Nationalsprooch unerkennt, war eng decisiv Etapp, déi d’Lëtzebuergescht als Kommunikatiounssprooch, als Integratiounssprooch an als Kultursprooch unerkannt huet, wéi dat och an der Constitutioun vun 2023 festgehale gouf.

Lëtzebuerg engagéiert sech zënter Joren, fir d’Lëtzebuerger Sprooch an de multilinguale Kontext ze promouvéieren. Am Joer 2017 ass eng Promotiounsstrategie vun der Nationalsprooch en place gesat ginn, begleet vu Richtlinne fir eng laangfristeg Politik an deem Beräich. Ee Joer méi spéit huet d’Gesetz vum 20. Juli 2018 dësen Engagement confirméiert. Do dernieft gouf en Aktiounsplang iwwer zwanzeg Joer ausgeschafft an Instanzen, déi sech ëm d’Ëmsetzung vun de Promotiounsmesurë këmmeren, goufe geschaf: de Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ewéi de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL), deen 1998 gegrënnt gouf an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch weiderhi begleet.

Den ZLS stellt innovativ digital Toolen zur Verfügung, fir de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ze vereinfachen:

  1. Lëtzebuerger Online Dictionnaire – lod.lu
    En online Dictionnaire, deen Iwwersetzungen a véier Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch) ubitt, mat Beispillssätz, Synonymmen an Audio-Opnamen. Eng Partie Wierder fënnt een och schonn an der Gebäerdesprooch.
  2. Spellchecker.lu
    Ein Rechtschreibkorrektor, mit dem sich Texte auf Luxemburgisch korrigieren lassen.
  3. Sproochmaschinn.lu
    Dëse Portal bitt zwee complementaire Toolen un:
    Schreifmaschinn – en Tool fir eng automatesch Transkriptioun (speech-to-text), dee geschwaten Text a geschriwwenen Text konvertéiert.
    Liesmaschinn – en Tool fir d’Sproochsynthees  (text-to-speech), deen Texter op Lëtzebuergesch virliest.

Den ZLS huet als Haaptmissioun, de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ze ënnerstëtzen. E spillt eng wichteg Roll an der Standardiséierung vun der Sprooch, andeems en orthografesch a grammatesch Reegelen ausschafft a weiderentwéckelt. Den Zenter organiséiert ausserdeem Evenementer a begleet pedagogesch Projeten, déi d’Lëtzebuergescht bei de Leit an och an den Entreprisë promouvéieren. Schlussendlech dréit den Zenter derzou bäi, d’Sprooch ze beräicheren an d’Recherche an deem Beräich ze fërderen, andeems e Bicher a linguistesch Ressourcë publizéiert, déi dobäi hëllefen, Lëtzebuergesch besser ze verstoen an ze beherrschen.

Lëtzebuergesch op allen Niveaue léieren

D’Mesurë fir d’Promotioun an d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur si vun Ufank un am schoulesche Curriculum vun de Kanner integréiert. Den Educatiounsministère huet méisproochegt didaktescht Material ausschaffe gelooss fir de Fondamental. Optiounscoursen ewéi „Orthografie, Lëtzebuergesch Kultur a Literatur“ a „Kreatiivt Schreiwen am Lëtzebuergeschen“ ginn no an no am Secondaire ugebueden.

Niewent der obligatorescher Schoulflicht gëtt d’Léiere vum Lëtzebuergeschen duerch Etablissementer ewéi dem Institut national des langues Luxembourg (INLL) encadréiert, virun allem am Kader vun der Erwuessenebildung. Zënter 2023 ass den INLL als national Autoritéit fir d’Léiere vum Lëtzebuergeschen unerkannt. 

Den INLL:

  • bitt Coursen u vum Niveau A1 bis C1 nom europäesche Referenzkader vun de Sproochen (CECRL) a proposéiert och Coursen an anere Sproochen;
  • organiséiert den Examen „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“ (LaF) an de „Sproochentest“, deen obligatoresch ass fir d’Naturalisatioun, an zertifizéiert déi linguistesch Kompetenzen am Lëtzebuergeschen;
  • schafft pedagogescht Material an digital Toolen aus, wéi zum Beispill d’Plattform llo.lu.

Do dernieft ënnerstëtzt de Service de la formation des adultes (SFA) d’Offer vun de Coursen an de Gemengen an an de Partnerstrukturen, fir den Accès op d’Weiderbildung am ganze Land ze vereinfachen.

D’Salariéen an d’Fräiberuffler kënnen op de Congé linguistique vun 200 Stonne pro Karriär zeréckgräifen, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren oder sech ze perfektionéieren. Mat dëser Mesure ënnerstëtzt d’Regierung net nëmmen déi eenzel Persounen, wa se d’Nationalsprooch wëlle léieren, mee fërdert d’Lëtzebuergescht als wichtegst Integratiounssprooch.

De „Biergerpakt“, deen duerch d’Gesetz vum 23. August 2023 iwwert d’interkulturellt Zesummeliewen agefouert gouf, riicht sech un all Erwuessenen, deen zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft, onofhängeg vu senger Nationalitéit, vu sengem Statut als Resident oder der Dauer vu sengem Openthalt. D’Adhesioun un de „Biergerpakt“ geschitt op fräiwëlleger Basis an et kann een doduerch um Programm vum interkulturellen Zesummeliewen deelhuelen. De Programm besteet aus dräi Aféierungs-Modüllen, déi op d’Liewen zu Lëtzebuerg virbereeden: een dovun ass e linguistesche Modüll, fir déi offiziell Sprooche vum Land op eng net formal Aart a Weis kennen ze léieren. Duerch verschidden Aktivitéite kënnen d’Participanten op d’mannst den Initiatiounsniveau A.1.1 vum europäesche Referenzkader an enger oder méi administrative Sprooche vu Lëtzebuerg (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) erreechen. Do derbäi komme weider Modüllen, bei deenen d’Diversitéit vun de Participantë berücksichtegt gëtt. Et ginn och Aktivitéiten a Formatiounen ugebueden, déi den Echange an d’Praktizéiere vun de Sprooche fërderen.

D’Zukunft ass méisproocheg

Der Lëtzebuerger Sprooch geet et gutt. D’Entwécklung an d’Léiere vun der Sprooch gi vum Staat aktiv ënnerstëtzt: D’Lëtzebuergescht gëtt als liewege Patrimoine an och als Element vun der sozialer Kohäsioun betruecht. Aus deem Grond geet d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen Hand an Hand mat der Promotioun vun der Méisproochegkeet. Dës Komplementaritéit ass d’Häerzstéck vum lëtzebuergesche Sproochemodell, bei deem d’Beherrsche vu méi Sproochen als Räichtum an als groussen Atout fir d’Gesellschaft ugesi gëtt. Schliisslech sinn d’Sproochen do, fir d’Leit méi no ze bréngen – a Lëtzebuerg kann als e reegelrecht „friddlecht Babel“ ugesi ginn, an deem d’Lëtzebuerger Sprooch an déi linguistesch Diversitéit d’Zesummeliewe stäerken.

 

Bibliografie

Blasen, P., & Scuto, D. (2024, May 26). L‘histoire du temps présent 98 Prozent dreimal ‚luxemburgisch‘“ bei der Personenstandsaufnahme 1941? – Teil 2. Tageblatt. https://www.tageblatt.lu/headlines/98-prozent-dreimal-luxemburgisch-bei-der-personenstandsaufnahme-1941-teil-2/ 

Chambre des députés. (1984). Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Mémorial A, n° 16.

Hoensch, J. K. (2000). Die Luxemburger: eine spätmittelalterliche Dynastie gesamteuropäischer Bedeutung 1308-1437. Kohlhammer.

ILRES. (2024). Le paysage des médias audiovisuels au Luxembourg (Étude non publiée). IP Luxembourg.

Mujkić, M. (2025). Étude variationniste sur la communication des jeunes au Luxembourg: une analyse des structures d'usage dans les interactions par messagerie instantanée (Projet de doctorat inédit). Université du Luxembourg, en collaboration avec le Zënter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Pauly, M. (2011). Geschichte Luxemburgs. C.H. Beck.

Heinz, A., & Fehlen, F. (2016). Regards sur les langues au travail. Regards, (11). Statec.

Reiff, P., & Neumayr J. (2019). Le luxembourgeois reste la langue la plus utilisée à domicile. Regards, (9). Statec.

Fehlen, F., Gilles, P., Chauvel, L. Pigeron-Piroth, I., Ferro, Y., & Le Bihan, E. (2023). Une diversité linguistique en forte hausse. Regards, (8). Statec.

Peltier, F., & Klein, C. (2023). Une population de plus en plus cosmopolite: Une nouvelle représentation de la situation démographique du Luxembourg. Regards, (5). Statec.

Statec. (2025, avril). Évolution de la population selon la nationalité 1875–2021. Lustat. https://lustat.statec.lu

Weider Sourcen

Fehlen, F. (2009). BaleineBis: Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation. Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel. SESOPI (RED 12).

 

Editeur an Auteur 

Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

33, boulevard Roosevelt

L-2450 Luxembourg

(+352) 247-82181

edition@sip.etat.lu

www.gouvernement.lu

www.luxembourg.lu

 

Drock

Imprimerie Centrale

ISBN 978-2-87999-300-3

Septembre 2025

 

Iwwersetzung

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

 

ISBN 978-2-87999-303-4

September 2025

 

Mat der Ënnerstëtzung vum 

Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch

4, boulevard Roosevelt

L-2450 Luxembourg

(+352) 247-86600

info@mc.etat.lu

www.mcult.gouvernement.lu

 

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

163, rue du Kiem

L-8030 Strassen

(+352) 247-88600

lod@lod.lu

www.zls.lu

 

Institut national des langues Luxembourg

21, boulevard de la Foire

L-1528 Luxembourg

(+352) 26 44 30 1

info@inll.lu

www.inll.lu